Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gitt dach einfach anstänneg!
International Money Neiegkeeten

Gitt dach einfach anstänneg!

Et kéint een et als eng droleg Form vu „briteschem

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen
International Money Neiegkeeten

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen

Déi franséisch Arméiministesch Florence Parly huet an der Zeitung „Libération“

Sommet vun den EU-Inneminister zu Lëtzebuerg (mat Analys)
International Money Neiegkeeten

Sommet vun den EU-Inneminister zu Lëtzebuerg (mat Analys)

Datt mat der „organiséierter Verdeelung vun de Mëttelmier-Flüchtlingen“ an der

money

Ee VW fir eng Diktatur

Joerzéngtelaang huet VW déi brasilianesch Diktatur gestäipt, elo entschiedegt de Konzern d‘Affer

Ee VW fir eng Diktatur

VW (Volkswon) ass net den eenzegen däitschen Autosfabrikant deen eng gewëssen Affinitéit mat Schurkestaaten an Diktaturen huet, mee ugesiichts de ville Skandaler aus de leschter Joren, ass et schonn interessant wéi sech esou kriminell – a dat ass offensichtlech e Fakt – Konzerner ëmmer nees vun hire Schandote fräikafe kënnen…

Dem aktuelle Virstand vu VW kann ee wuel keng direkt Bedeelegung un den Aktivitéite vum Konzern wärend der brasilianescher Militärdiktatur ënnerstellen. Wéi fräiwëlleg, oder besser ausgedréckt: „aus fräie Stécker“ sech de Virstand elo un d‘Affer vun der deemoleger Diktatur adresséiert huet, léisst sech net mat Sécherheet klären. Mee esou entgeet een emol dem Geriicht.

Am offizielle Wuertlaut heescht et: „Mir bedaueren déi Verletzungen, déi an der Vergaangenheet passéiert sinn. Fir d‘Volkswon AG ass et wichteg, verantwortlech mat dësem donkele Kapitel an der Geschicht vu Brasilien ëmzegoen an d‘Transparenz ze fërderen“. Datt VW wärend der Diktatur kee „Statist“ war, mee ganz oppen an profitorientéiert mam Regime kooperéiert huet, ass also Fakt.

Esou steet beispillsweis ausser Zweiwel, datt „VW do Brasil“ Mataarbechter, déi net op der Linn vun der Militärdiktatur waren, den Autoritéite gemellt huet. Wéi een esou eppes mécht, hunn se bei VW och net misse léieren, dës „Approche“ schéngt sech geschichtlech an der DNA vum Konzern néiergeluecht ze hunn. A Brasilien allerdéngs huet d‘Kooperatioun 21 Joer laang ugehalen.

Folter & Mord

Datt déi denoncéiert Mataarbechter géife gefoltert an ëmbruecht ginn, war sengerzäit natierlech scho gewosst, mee streng geholl ass et dem Konzern nëmmen ëm de Business gaangen, an de Regime war ee gudde Client. Elo wëll VW dann den Affer aus der Zäit vun 1964 bis 1985 eng Entschiedegung ausbezuelen. Allerdéngs ass d‘Fuerderung no Schuedenersatz elo och net nei.

Zudeem gëtt et no esou laanger Zäit net méi allzevill Mënschen déi nach missten Entschiedegt ginn, an dat dann och éischter symbolesch, gemooss un der Zomm, déi VW zur Entschiedegung bereet ass opzewennen. 5,6 Milliounen Euro – also Manner Geld wéi de Virstand fir ee fest ausgëtt – sollen duer goe fir ee Vergläich ze erwierken, an esou ka VW de Geriichtsprozess verhënneren.

VW

Wann dann elo ee weidert däischtert Kapitel am Konzern-Geschichtsbuch mëttels Finanze kann zum Ofschloss bruecht ginn, ganz esou fräiwëlleg hunn d‘Männer vu Wolfsburg dat jo dann awer net op sech geholl. VW hat dann och, nodeems d‘Affer 2015 géint de Konzern viru Geriicht gezu sinn, ee seriéisen Image-Problem, deen duerch den Ofgasskandal net besser ginn ass.

Fir nees d‘Gonscht vun de Keefer op sech ze zéien, huet de VW-Virstand sech dann elo derzou duerchgerongen, déi al Geschichten opzeschaffen a mëttels aussergeriichtlechen Entschiedegungen aus dem Wee ze raumen, fir endlech nees positiv Schlagzeilen ze maachen. Gewosst ass, datt de Konzern an de leschte Jore mindestens 700 Milliounen Euro an esou „Dossieren“ investéiert huet.

mat indymedia/sao/wbg

Illustratioun: © Matthias Mayer / unsplash

Ähnlech Sujeten Brasilien, Entschiedegung, Faschismus, Folter, Kooperatioun, Militärdiktatur, Volkswagen, Volkswon, VW
Nächsten Artikel Virrechten Artikel