Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oh yes,we have no bananas!
Auto Neiegkeeten

Oh yes,we have no bananas!

Freides, 10. Januar 2020 | 20:00 ARTIKUSS – Zolwer E musikalesche

Reorganisatioun vum City-Bus zu Wolz
Auto Neiegkeeten

Reorganisatioun vum City-Bus zu Wolz

Wéi d‘Gemeng Wolz informéiert, gëtt ab dem 15. Dezember de

Hong Kong: De Protest hält sech
Auto Neiegkeeten

Hong Kong: De Protest hält sech

Nom Protest vun engen zwou Milliounen Awunner vun Hong Kong,

Et ass eekeleg Kal dobaussen, och fir däin Auto

Et ass eekeleg Kal dobaussen, och fir däin Auto

Mat unhalende Minustemperaturen, gëtt et net nëmmen de Mënsche Kal, och d‘Gefierer déi een al Dag op d‘Schaff bréngen, engem d‘Akaafstuten heem schleefen oder dofir suergen, datt eis Butzen op hiren Training oder ganz aktuell, Kannerfuesbal kommen.

Et ass een deemno gutt beroden sech net op säi Gefill ze verloossen, mee eventuell déi puer Minutten ze investéieren, a mam Auto beim Garagist vum Vertrauen eranzekucken, fir datt dëse préift op dat mam Antigel an der Rei ass, an op d‘Batterie och nach iwwer de Wanter kënnt.

Sidd dir Member beim Automobilclub Lëtzebuerg (ACL) dann ass dat nach eng Grëtz méi einfach a virun allem, dee Check kascht kee Wak, kee Cent, näischt, nada… Gutt et muss ee sech umellen, well et ass ee schliisslech net deen eenzegen deem eppes u sengem Gefier geleeën ass.

Wien sech dann awer ënner der Telefonsnummer 450045–6007 säi Rendez-vous gekroopt huet, de Wee bis an den Diagnostikzenter vum ACL (direkt hannert dem Haaptgebai vum Automobilclub, op 53 Lonkecher-Strooss, zu Bartreng) fonnt huet, ka bestëmmt méi roueg schlofen.

Den Diagnostikzenter vum ACL ass iwwregens vum Méindes bis Freides, tëscht Moies 8 Auer bis Owes 18 Auer onënnerbrach op. An déi Jonge a Meedercher déi de Wantercheck un ärem beschte Stéck duerchhuelen, hunn an der Mëttegstonn och Versteesdemech, wann der Mat der Schmier am Grapp nokuckt.

Sou dat gesot, eis Gefierer hunn se schonn duerch, elo ass et un iech. Wéi heescht et esou schéin: Virbeugen ass besser wéi heelen. Allez kommt gutt duerch de Wanter…

Ähnlech Sujeten ACL, Antigel, Auto, Batterie, Wanterzäit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel