Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg rifft d‘Alerte „Canicule“ aus
Neiegkeeten

Lëtzebuerg rifft d‘Alerte „Canicule“ aus

Wéi de Gesondheetsministère um Samschdeg matdeelt, ass et unhand de

D‘Personal wäert net noginn
Neiegkeeten

D‘Personal wäert net noginn

Haut Moie war den Unterrecht an der „International School of

UNO: En Aktiounsplang géint de Mënschenhandel
Neiegkeeten

UNO: En Aktiounsplang géint de Mënschenhandel

De Lëtzebuerger Justizminister Felix Braz huet am Kader vun der

Eeler Persounen an der Coronakris: Divers Erausfuerderung, awer engagéiert Personal

Eeler Persounen an der Coronakris: Divers Erausfuerderung, awer engagéiert Personal

Op Ufro vun der CSV hu gëschter bei enger Videokonferenz d’Familljeministesch Corinne Cahen an de Minister fir sozial Sécherheet Romain Schneider iwwert déi aktuell Situatioun vun den eelere Persounen zur Zäit vun der Coronakris informéiert. Deelgeholl hunn d’Deputéiert vun der Kommissioun fir Famill, Integratioun a sozial Sécherheet. Dobäi huet d’Ministesch Cahen ënnerstrach, datt och al Leit, déi um Covid-19 infizéiert sinn, net zwéngend hospitaliséiert musse ginn.

Eeler Persounen

Nom leschte Stand (9. Abrëll 2020) sinn zu Lëtzebuerg vun 27.521 duerchgefouert Tester zënter dem Ufank vun der Kris insgesamt 3.115 Persoune positiv op de Covid-19 getest ginn. Den Duerchschnëttsalter vun den Infizéierte läit bei 46 Joer. Ganzer 220 Persoune sinn normal hospitaliséiert ginn, 30 Fäll koumen op d’Intensivstatioun (ouni déi 10 Persounen aus dem Grand Est).

Kuckt een d’Stierffäll, esou leie mir bei 52 Persounen, déi de Covid-19 net iwwerlieft hunn. Hei gëtt den Dout vun enger Persoun aus dem Grand Est, déi zu Lëtzebuerg am Spidol louch, net dobäi gerechent. De Medianalter läit bei 87 Joer.

Aus den Informatioune vun der Konferenz geet ervir, datt 99 Persounen an den Altersheemer infizéiert sinn. Zwar ass zënter dem 13. Mäerz all extern Visitt verbueden, ma eng Erausfuerderung géif doranner bestoen, datt net iwwerall déi selwecht Reegelen an all Struktur ugewannt ginn.

eeler Persounen

© Alex Boyd / Unsplash

Et muss ee sech un déi aktuell Situatioun mam Virus upassen, wouduerch nei Schwieregkeeten opdauchen. Heizou gehéiert, datt eeler Leit net genuch mobiliséiert kënne ginn, si net déi gewinnte Beweegung kréien oder och déi mental Gesondheet leit. Ënnert anerem gëtt nämlech de Service vum Coiffeur, dee fir dat baussecht a bannescht Wuelbefanne suergt, net méi ugebueden,

Och wann ee Manktem u Personal ze konstatéieren ass – dat beispillsweis duerch Krankheetsfäll – huet ee weiderhin d’Situatioun am Grëff. Virun allem freet ee sech iwwert den immensen Engagement an den Ekippen, fir esou de Kontakt tëscht den eelere Leit an hire Famille mat de bestoende Méiglechkeeten oprecht ze erhalen. D’Technik mécht et méiglech, an esou gehéiere Videokonferenzen mëttlerweil scho bal zum Alldag.

Weiderhin gouf preziséiert, datt d’Kinéen aus dem Gebai schaffen dierfen, Externer kommen awer net eran. Eeler hospitaliséiert Persoune ginn op Kolpech transferéiert, wa si um Virus infizéiert sinn. Donieft gëtt momentan zu Konsdref eng Struktur opgebaut, an där sech eeler Persounen nom Spidol erhuele kënnen, och ouni positiv op de Virus getest gewiescht ze sinn.

An dësem Kontext huet de Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet ervirgehuewen, datt zwee Drëttel vun de Persounen, déi vun der Assurance Dépendance profitéieren, Doheem bleiwen an net an eng Institutioun ginn. No e puer Startschwieregkeeten kënne mir dann och houfreg zouginn, datt genuch Schutzmasken do sinn.

Ma, och iwwert déi vill solidaresch Initiative, duerch déi op d’Besoinen vun eeleren a vulnerabele Leit geäntwert gëtt, kann een nëmme stolz sinn.

Nach ëmmer bleift d’Situatioun mat demente Persounen, wéi och Sans-Abrien schwiereg a bedréckend.

Opmaacherbild: © Cristian Newman / Unsplash

Ähnlech Sujeten Altersheem, Corinne Cahen, Coronakris, Coronavirus, Covid-19, eeler Persounen, Engagement, Familljeministesch, Minister fir sozial Sécherheet, Romain Schneider, Solidaritéit, Videokonferenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel