Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung
Nom groussen Treffen an de stonnelaange Gespréicher zu Berlin huet
Nom groussen Treffen an de stonnelaange Gespréicher zu Berlin huet
D‘Falcon Heavy vu SpaceX ass um Dënschdeg op seng éischt
Um Päischtsonndeg, den 31. Mee 2020 koum et an direkter
Bei der sozialer Vereinsamung geet et oft ëm d’Usammlung vun diversen Ursaachen: een däitleche Réckgang vun de soziale Kontakter, gesondheetlech Problemer an Aschränkungen an der Mobilitéit, ee Gefill vun der Einsamkeet oder de Verloscht vun enger erfëllender Aufgab. Mam Fortschrëtt vum Alter a bei feelender Virbereedung op bestëmmt Alldagssituatioune verstäerken sech dës Facteuren nach méi bei eelere Mënschen.
Eng wichteg Aufgab am Beräich vun der Seniorepolitik vum Ministère besteet dofir an der Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet fir d’Suitten an d’Moossnamen zur Verhënnerung vu sozialer Isolatioun. De Kampf heigéint erfuerdert vun eis all, datt mir eis mobiliséieren an op eist Ëmfeld oppassen. D’Liewenssituatioun vun de betraffene Persoune kann duerch d’Zesummenaarbecht vun den Acteuren am Beräich vun der Seniorebetreiung an duerch d’Bedeelegung vu Gemengen op lokalem Niveau däitlech verbessert ginn.
Et ass allerdéngs net just wichteg, d’Bewosstsinn zum Thema ze schäerfen, mee och de betraffene Mënschen Ulafstellen an Aktivitéiten ze offréieren, fir esou der sozialer Isolatioun virzebeugen.
Lëtzebuerg huet momentan iwwer 19 Club Senioren, déi mam Ministèren an enger Rei u Partnergemenge konventionéiert sinn. Hir Haaptaufgab ass et Offere bereetzestellen, bei der déi aktiv Participatioun vun den eelere Mënschen um gesellschaftleche Liewe gefërdert gëtt. Dat soll beispillsweis duerch Seminaire zu Gesondheetsthemen, Coursen zu neien Technologien, Kreativatelieren, sportlech, kulturell an intergenerationell Aktivitéiten oder och geselleg Evenementer erméiglecht ginn.
Duerch d’Fërderung vun Aarbechten am Benevolat, d’Begleedung beim Iwwergang vum Aarbechtsliewen an d’Pensioun, d’Integratioun vun eelere Migranten an d’Ënnerstëtzung vum intergenerationellen Dialog droen och aner vum Ministère ënnerstëtzt Déngschter dozou bäi, fir eng adequat Preventiounsaarbecht géint sozial Isolatioun ze leeschten.
An dësem Kader hunn de Club Seniors, den RBS-Zenter fir Altersfroen, d’Stad Lëtzebuerg, Sodexo an de Ministère fir Familljen, Integratioun an d’Groussregioun entscheet ee Rendez-vous 60+ ze organiséieren.
D’Evenement, wat e Samschdeg, de 16. November am Kulturzentrum vu Bouneweg organiséiert gëtt, bitt eelere Mënschen d’Geleeënheet nei Bekanntschaften ze maachen, sech auszetauschen, Gläichgesënnter ze fannen, mat deenen si hir Hobbyen an Interessen deele kënnen.
Weider Informatiounen an d’Umeldung kritt Dir beim RBS-Zenter fir Altersfroen ënnert der Telefonsnummer 30 04 78 1, per E-Mail (akademie@rbs.lu) oder op der Internetsäit www.luxsenior.lu.