Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Groussherzog säi Message fir Chrëschtdag
Neiegkeeten

Dem Groussherzog säi Message fir Chrëschtdag

A senger Ried op Hellegowend, huet de Groussherzog Henri wäit

Mat de Krapperten an den Zirkus
Neiegkeeten

Mat de Krapperten an den Zirkus

Wat eng Freed, an dat direkt fir: déi ganz jonk,

Internationalen Dag vun der Hiewan – Eng Aarbecht, déi Respekt verdéngt
Neiegkeeten

Internationalen Dag vun der Hiewan – Eng Aarbecht, déi Respekt verdéngt

Zënter 1991 gëtt den internationalen Dag vun der Hiewan all

Een Atomhaftungsgesetz fir Lëtzebuerg

Mat engem Gesetz, bei deem een als Lëtzebuerger Bierger oder als Entreprise am Fall vun engem atomaren Accident, kann op Entschiedegung kloen, huet sech d‘Regierung wuel ee flott politescht Instrument ginn, iwwert d‘Duerchsetzung awer sollt een sech éischter keng Hoffnung maachen…

Een Atomhaftungsgesetz fir Lëtzebuerg

Datt de Rapporteur vun déi gréng, François Benoy, e flott Gesetz super presentéiert, an sech an der Chamber ee „grousse Konsens“ fir dëst Gesetz fonnt huet, dogéint ass näischt ze soen. An och déi wéinst engem „kommunikative Fauxpas“ eppes an d‘Kritik geroden Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, ass ganz frou, datt dëst Gesetz gëschter an der Chamber endlech konnt ugeholl ginn.

De Grond fir dëst Gesetz léist sech séier resuméieren: kënnt et zu engem Accident an engem Atomkraaftwierk, wéi beispillsweis Tschernobyl oder Fukushima, da kann de Schued op bis zu 6.000 Milliarden Euro klammen, mee d‘Bedreiwer hunn, bezunn op eis Nopere Belsch, Däitschland a Frankräich net emol eng Couverture vun engem Promill, fir Schuedenersatz ze leeschten.

Mam Atomhaftungsgesetz solle bei Auswierkunge vun dem nuklearen Accident op Lëtzebuerg, déi voll Schuedenersatzuspréch vun de Residenten ouni international Aschränkung a bis zu 30 no dësem „Accident“ virun engem Lëtzebuerger Geriicht ageklot kënne ginn. Dat kléngt net nëmme gutt, en erhéicht den Drock op d‘Bedreiwer an dären hir Assurancen, wéi och op hir Regierungen.

Hei sollt een awer realistesch bleiwen, an de juristesche Volet ausblennen, well et ass net esou, datt esouguer wann ee virun engem Lëtzebuerger Geriicht géif Recht kréien, een och wäert de Schued ersat kréien. Nee hei geet et primär ëm ee politescht Instrument, mat deem een d‘Fermeture vun den Atomzentralen am noen noperschaftlechen Ëmfeld (Cattenom, Tihange, ass.) forcéiere wëll.

Et gouf zum Ausdrock bruecht, datt et ee gutt Gesetz ass, vun deem ee sech allerdéngs erhofft, datt et ni muss ugewannt ginn. A leedeglech d‘ADR huet kloer erkannt an och betount, datt et sech hei ëm ee politescht Konstrukt ouni juristescht Fundament handelt. De Fernand Kartheiser huet drop higewisen, datt et wuel méi gescheit gewiescht wier, déi international Accorden ze ratifizéieren.

D‘ADR huet dëst Gesetz dann och net matgestëmmt. D‘CSV an d‘Piraten dogéint schonn, awer net ouni domadder Kritesch ëmzegoen. Déi hunn der Regierung ee Mangel u Koherenz virgeworf a bezunn op den diplomateschen Incident vun der Ministesch, d‘Kredibilitéit a Fro gestallt. De Pirat Marc Goergen freet sech iwwert d‘Gesetz, versteet awer net firwat mir 10% Atomstroum notzen.

Gutt datt wier nëmme fir d‘Industrie (ArcelorMittal) an europäesch Gesetzer géifen engem et net erlaben, an de Maart anzegräifen. Mee et géif keen Atomstroum un Menage geliwwert. Kann een esou stoe loossen, woubäi den David Wagner (déi lénk) nach drop higewisen huet, datt eise Pensiounsfong massiv an Entreprise déi Atomstroum produzéieren oder Uran ofbauen, investéiert.

Dat soll besser ginn, erzielt d‘Carole Dieschbourg, an och den Energieminister Claude Turmes ass iwwerzeegt, datt een iergendwann vun dësen „Investitiounen“ wäert Ofstand huelen. Fakt bleift: dësen „historesche Moment“ ass juristesch eng Nullnummer, a politesch, bezunn op déi eege Bedeelegung un nukleare Produktiounsmethoden, vläicht e Wahlkampfargument, méi awer net.

Illustratioun: Zu Tschernobyl wäerten déi nächst 25.000 Joer keng Mënsche méi dauerhaft wunne kënnen. Bei dësem Accident, huet et och radioaktiven Néierschlag zu Lëtzebuerg ginn. Ugeholl dëst Gesetz hätt et sengerzäit scho ginn, kéint ee Regressuspréch geltend maachen. Méi allerdéngs och net, well et gëtt kee Wee esou en Urteel och faktesch ëmzesetzen. © Vladyslav Cherkasenko / unsplash

Ähnlech Sujeten Atomhaftungsgesetz, Atomkraaft, Carole Dieswchbourg, Chamber, déi gréng, François Benoy
Nächsten Artikel Virrechten Artikel