Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Nathalie Jacoby ass nei Direktesch vum CNL
Meenung

D’Nathalie Jacoby ass nei Direktesch vum CNL

An der Sëtzung vum 23. September 2020 huet de Regierungsrot

Police: Campagne Moto
Meenung

Police: Campagne Moto

Um Donneschdeg huet déi national Verkéierspolice an Zesummenaarbecht mat de

Egypten verdeedegt déi ëffentlech Moral
Meenung

Egypten verdeedegt déi ëffentlech Moral

D‘Rechter vun de Fraen am arabesche Raum waren nach ni

Et gëtt ëmmer een dee sech muss ervirdoen (Kommentar)

Et gëtt ëmmer een dee sech muss ervirdoen (Kommentar)

Am Dossier „Traversini“ gëtt et e klenge juristesch-politesche Revers deen d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg betrëfft. E streideregen an sécherlech op déi eege Publicitéit beduechten Affekot – dee fir d‘Éischt ugedeit hat Member vun der Partei ze sinn, dat awer séier „korrigéiert“ huet – bezichtegt d‘Ministesch „Favoritismus“ géintiwwer dem Beklote bedriwwen ze hunn.

Eng bëlleg Virgoensweis, well et natierlech einfach ass an dësem Dossier – wou e gréngen Député-Maire an eng gréng Ëmweltministesch virkommen – ze behaapten si hätten sech ofgeschwat. Et sollt een dat dann awer och beweise kënnen. De Jurist sollt jo u sech deen éischte sinn, dat et fir esou eppes „Beweiser“ brauch. Géif een esou eppes mat „sengem“ Client maachen, wier der Däiwel lass.

A well et souwisou kee Geheimnis ass, dierf och drop higewise ginn, datt den Affekot stänneg mat Recoursen an anere juristesche Mëttel dem Ministère ee Sak mécht. Wie seng ganz Passioun an „Immobilie-Recht“ investéiert, kann zuweilen och emol iwwert déi eege gesaten Ziler ewechtrieden an fir sécher ze sinn, datt och vun engem geschwat gëtt, spekuléiert an ënnerstellt een engem eppes.

Esou behaapt dësen Affekot, datt d‘Ministesch sech „héchstperséinlech dem Dossier vum Roberto Traversini ugeholl huet“. Dat ass glat gelunn. Woubäi den Affekot mam Charisma vun engem agewuessenen Zéiwennol, den Noper vum ex-Buergermeeschter vertrëtt, deen d‘Baugeneemegung wëll annuléiere loossen a fuerdert de Terrain a säin ursprénglechen Zoustand zeréckzeversetzen.

Dat awer läit net an der Kompetenz vun de Ministesch, mee an där vun engem Geriicht. Datt deen Affekot esou eppes net sollt wëssen, kann zweeërlee bedeiten: 1) hie provozéiert bewosst fir op sech a seng Etüd opmierksam ze maachen; 2) et ass ee formidabel schlechte Jurist dee säi Wëssen aus der Virwëtztut erbäigezaubert huet. An dat ass nach laang net et alles, dat ee verwonnert.

Esou de Volet „CIGL“ dee, wéi et de Beschëllegte selwer ageraumt huet, eng Rei Aarbechten op der Plaz verriicht huet. Och hei hält den Affekot d‘Ministesch fir verantwortlech. Do kéint een dierfen unzehuelen, datt hien déi falsch oder net genuch Medikamenter hëlt. Dës Kompetenz läit nämlech am Inneministère. Mee bon, firwat sollt een net emol aus aner Leit Misär Profit schloen dierfen…

Illustratioun: Michael Dodd / Pixabay

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, déi lénk, Déifferdeng, DP, Georges Krieger, KPL, LSAP, Parquet, Prënzebierg, Roberto Traversini, Zon Natura 2000
Nächsten Artikel Virrechten Artikel