Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?
Neiegkeeten

„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?

Läscht Woch hunn d’Ministere Lydia Mutsch, Romain Schneider, Claude Meisch

Brexit: Soll een d‘Briten un den EU-Wahlen deelhuele loossen?
Neiegkeeten

Brexit: Soll een d‘Briten un den EU-Wahlen deelhuele loossen?

De Brexit huet vill Gesiichter an et sollt ee sech

A wëll et esou schéin ass nach ee Chantier an der Eecher Strooss
Neiegkeeten

A wëll et esou schéin ass nach ee Chantier an der Eecher Strooss

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vu Samschdes, de 15. Februar

Een neien Tapis an der Rue de Merl an um Blvd Marcel Cahen

Een neien Tapis an der Rue de Merl an um Blvd Marcel Cahen

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt an der Rue de Merl an um Boulevard Marcel Cahen een neien Tapis gemaach gëtt. D’Aarbechte fir d’Erneierung vum Stroossebelag fänken e Samschdeg, den 28. September 2019 um 6:30 Auer un an hale Sonndes, den 29. September 2019 um 20:00 Auer op.

Rue de Merl

Duerch dës Aarbechten an der Rue de Merl an um Boulevard Marcel Cahen wäert efolgend Ännerungen am Verkéier virgeholl ginn:

  • Samschdes, den 28. September 2019 ab 6:30 Auer
    Duerch d’Fräse gëllt um Ofschnëtt an der Rue de Mercl tëscht der Rue la Barrière an der Rue Charles Martel, sou wéi um Ofschnëtt um Boulevard Marcel Cahen tëscht der Rue de Merl an der Rue Béatrix de Bourbon ee Verbuet fir d’Befueren a Stationéieren. D’Zoufaart zu de Garage vun den Awunner aus der Rue de Merl bleift garanéiert.
  • Sonndes, den 29. September 2019 ab 5:00 Auer
    Wärenddeem den Tapis geluecht gëtt wäerten déi uewe genannten Ofschnëtter komplett gespaart sinn.
    D’Stad Lëtzebuerg réit alle Persounen, déi an dëser Strooss wunnen an hiren Auto brauchen, dësen ausserhalb vum der concernéierter Zon ze parken. Un dësem Dag wäert nämlech den Accès zu de Garagen net garantéiert ginn.

Déi noutwenneg Signalisatioun vun den Deviatioune gëtt vum Service de Circulation vun der Haaptstad ëmgesat.

Ëffentlechen Transport

  • D’Linn 12 gëtt a béid Richtungen tëscht dem Arrêt Place de Liège a P+R Bouillon iwwert d’Avenue du X Septembre, de Boulevard Marcel Cahen, d’Rue Charles Martel an d’Rue Marguerite de Brabant ëmgeleet. D’Haltestellen Athénée a Conservatoire entfalen a ginn duerch provisoresch Arrêten an der Rue Marguerite de Brabant ersat.
  • D’Linn 15 gëtt tëscht den Arrêten P+R Bouillon a Barrière iwwert de Boulevard Pierre Dupong, d’Avenue du X Septembere, d’Route de Longwy an d’Rue de la Barrière a béid Richtungen ëmgeleet. Den Arrêt Marcel Cahen entfält a gëtt duerch ee provisoreschen Arrêt um Boulevard Pierre Dupong ersat.
Ähnlech Sujeten Boulevard Marcel Cahen, Bus, Ëmleedungen, Rue de Merl, Stad Lëtzebuerg, Tapis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel