Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Glécksspill: Alles „Bingo“ oder wéi?
Neiegkeeten

Glécksspill: Alles „Bingo“ oder wéi?

Mat engem Bréif vun der „Œuvre Grande-Duchesse Charlotte“, deen un

Frankräich trauert ëm säin Johnny
Neiegkeeten

Frankräich trauert ëm säin Johnny

An de Nuecht vum Dënschdeg op ee Mëttwoch ass den

Times Square Attentat: Trump fuerdert eng méi restriktiv Migratioun
Neiegkeeten

Times Square Attentat: Trump fuerdert eng méi restriktiv Migratioun

E Mann aus dem Bangladesch, offensichtlech vun Dschihadisten inspiréiert, huet

Een planzlecht Treffen: Zorteversich an der Landwirtschaft

Een planzlecht Treffen: Zorteversich an der Landwirtschaft

Vergaangene Méindeg huet de Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der ländlecher Entwécklung d’Baueren op dat traditionellt Treffe vun „Zorteversich an der Landwirtschaft“ invitéiert. Heibäi sinn déi verschidden experimentell Felder besicht ginn.

Déi sougenannt Zortekommissioun hat dobäi Resultater virgeluecht, déi d’Friichte vun diversen Experimenter mat verschiddenen Zorten a Kulture vun engem ganze Joer duerstellen. Bei senger Ried huet de Minister dës Aarbecht als wäertvoll Hëllef zur landwirtschaftlecher Planung beschriwwen. „Dank dëse Versich teste mir nei Zorten a Kulturen, analyséieren d’Recolten an identifizéieren Nischen a Méiglechkeeten.“

Den Dag huet fir d’Gäscht ugefaange mat enger Visitt vun den Experimentéierfelder vum Weess um Bicherhaff zu Kanech. De Serge Heuschling aus der Akerbauschoul huet dobäi erkläert, wéi een Planzeschutzmëttel reduzéiere kann, dank dem Ubau vu méi resistenten Zorten. An dësem Kader huet hien och direkt e puer Weesszorten opgewisen, déi am Wanter wuessen. De Choix un Zorten ass ee wäertvollen Outil, net nëmme fir esou d’Rentabilitéit bei der Produktioun ze steigeren, mee och fir d’Landwirtschaft méi nohalteg ze gestalten.

Uschléissend ass et op den Johanns Haff zu Aassel gaangen. Hei huet Dr. Hanna Heidt vun IBLA déi experimentell Parzelle presentéiert an huet méi Informatiounen zum Ubau vun den Leguminose ginn, ouni Planzeschutzmëttel notzen ze mussen. D’Entwécklung an dësem Beräich erméiglecht et d’Selbstversuergung mat Proteinnen ze erhéijen. Et ass nämlech gewosst, datt déi lëtzebuergesch an europäesch Landwirtschaft een Defizit un dësem Produktiounstyp huet.

Um Haff Weirich zu Gouschteng huet de Gerber Van Vliet (Chefingenieur am Service vun der planzlecher Produktioun – ASTA) d’Perspektive vun de 5 industrielle Cannabisypen opgezielt. Dës sinn weder medezinesch, nach rekreativ an hunn een ganz gerénge Gehalt un THC (< 0,3 %, konform zur Legislatioun). De Van Vliet huet an dësem Kader déi verschidden agronomesch Virdeeler ervirgehuewen, déi den Ubau vun industriellem Cannabis mat sech bréngt. Donieft huet hien och drop higewisen, datt de Som och nach räich un Nährstoffer ass. Dëse Som kann ee beispillsweis am Déierefudder notzen.

Zum Schluss vun der Visitt huet de Marc Weyland, Direkter vun ASTA a President vun der Zortekommissioun d’Schlësselroll vun dësen Zorteversich, sou wéi de richtege Choix un Zorten ervir gehuewen, fir souwuel d’Landwirtschaft, wéi och d’Liewensmëttelproduktioun méi resilient ze maachen zur Zäit vum Klimawandel.

All Joer treffen sech zuelräich Baueren zu dësem fixe Rendez-vous. Fir d’Innovatioun an d’Evolutioun muss een an der Landwirtschaft nei Zorten testen a sech neie Kulture géigeniwwer op maachen. Iwwregens besteet déi sougenannt Zortekommissioun aus Membere vun der ASTA, der Akerbauschoul, der IBLA an der Landwirtschaftskummer.

Opmaacherbild: © MA

Ähnlech Sujeten ASTA, IBLA, Landwirtschaft, Romain Schneider, Zorteversich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel