Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Wéi vill Bevëlkerung ass ze vill?
https://moien.lu/dating-stoic-man/ dating someone with depression and anxiety quotes

https://moien.lu/dating-someone-who-still-lives-at-home/

Um haitegen 11. Juli dréit sech alles ëm d’Weltbevëlkerung. Nodeems

https://moien.lu/dating-who-breakaway-ministries/
https://moien.lu/dating-stoic-man/ dating someone with depression and anxiety quotes

GMO-Bëbeeën: d‘WHO stellt eng Studiegrupp zesummen

E Méindeg huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) bekannt ginn, datt si e

EUGH: Belsch Atomkraaftwierker dierfen um Netz bleiwen
https://moien.lu/dating-stoic-man/ dating someone with depression and anxiety quotes

EUGH: Belsch Atomkraaftwierker dierfen um Netz bleiwen

Um Méindeg huet den europäesche Geriichtshaff (EUGH) zu Lëtzebuerg entscheet:

Een Trump fir ee besaten Territoire

Israelesche Ministerpresident hält säi Verspriechen a benennt Golan-Siidlung nom US-President

Een Trump fir ee besaten Territoire

Et huet een esou villes vum Donald Trump kritt: d‘Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad inklusiv US-Ambassade, d‘Golanhéichten an d‘Recht Deeler vum Westjordanland ze annektéieren. Do ass d‘Ëmbenennung vun der vun der Siidlung „Bruchim“ an „Trump Heights“ op eben de besate Golanhéichten, dach ee schéine Gest… woubäi dat ganzt en Hoken huet.

Trump

Mat groussem Pomp ass zu Bruchim d‘Ëmbenennung vun der Siidlung zelebréiert ginn. Den israelesche Ministerpresident Benjamin „Bibi“ Netanyahu hat säi Kabinett genéidegt, sech zu dësem Zweck op de Golanhéichte fir eng Sëtzung anzefannen. Aus Bruchim soll, esou wéi en entspriechende Panneau et däitlechst a grousse Buschtawe weist: „Ramat Trump“ ginn.

Trump

An et goufe grouss Riede gehalen. Esou huet de Ministerpresident vun engem „historeschen Dag“ geschwat, an datt ee mat dësem Akt „ee grousse Frënd vum Staat Israel gewierdegt“ géif ginn. An de Benjamin Netanyahu leet nach eng drop: „Mir wäerten d‘Golanhéichte weider ausbauen, fir déi jiddesch an net-jiddesch Awunner“. Schliisslech huet Washington Israel den Territoire zougesprach.

En Ambassadeur am 7. Himmel

Bei esouvill „Geschmiers“ an Zousproch war ersiichtlech, datt den US-Ambassadeur an Israel, David Friedman (nomen est omen) säin Houfert nach grad esou am Grëff behalen huet. Et wier en aussergewéinleche Gest, dee vun den Amerikaner entspriechend gewierdegt géif ginn. Mat dëser Entscheedung géif déi formell Unerkennung vun de Golanhéichten als Deel vun Israel ënnerstrach.

Trump

D‘Siidlung „Bruchim“ staamt nach aus den 80er Joeren a gëtt den Ament vun engen zéng Mënsche bewunnt. Elo wou d‘Siidlung de Numm vum US-President dréit, erhoffen sech d‘Autoritéiten nees méi Interessi an nei Awunner. Verréckt um ganzen ass de Fait, datt mat der Unerkennung vun dësem Gebitt als Deel vum Staatsterritoire, d‘USA géint d‘UN-Resolutioun vun 1981 Verstoussen.

Näischt Offizielles net

Eng Resolutioun déi d‘USA eegens matgedroen haten, firwat sengerzäit d‘Annexioun vun de Golanhéichten eestëmmeg veruerteelt gouf. Laut internationalem Recht, gëllen d‘Golanhéichten als besate Gebitt vu Syrien. Hei muss een awer drop hiweisen, datt Israel jorelaang versicht huet, déi ëmstridde Gebitter als „israelesch“ unerkannt ze kréien. Eng Majoritéit dofir gëtt et awer net.

Trump

Wat „Ramat Trump“ betrëfft, esou kann een d‘Zeremonie beschtefalls als „symbolesch“ benennen, wëll fir de formellen Deel, do brauch et eng richteg Regierung. Déi gëtt et den Ament net, well et dem Bibi net gelonge War eng Koalitioun op d‘Been ze stellen. Iert d‘Ëmbenennung amtlech gëtt, mussen d‘Parlamentswahlen am September ofgewaart ginn. Esou geet Wahlkampf an Israel…

mat indymedia/tlv/nyc

Foto: Benjamin Netanyahu: „Mir erriichten eng nei Siidlung op de Golanhéichten am Numm vun engem Frënd vun Israel, dem US-President Donald Trump. Et ass en historeschen Dag“ © Likud

Ähnlech Sujeten Annexioun, Benjamin Nehanyahu, Bruchim, Donald Trump, Golanhéichten, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel