Search

You may also like

Sozialwahlen 2019: Beim LCGB ass ee mam Wahlausgang zefridden
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Beim LCGB ass ee mam Wahlausgang zefridden

Et muss senger Natur geschëlt sinn, datt de Patrick Dury,

Neie Streckeradar Waldhaff-Gonnereng: Ab nächster Woch gëtt geblëtzt!
Neiegkeeten

Neie Streckeradar Waldhaff-Gonnereng: Ab nächster Woch gëtt geblëtzt!

Ab dem 15. Juni 2020 geet de Streckeradar tëscht dem

Quadripartite: Vill Verbesserungen am Gesondheetssecteur
Neiegkeeten

Quadripartite: Vill Verbesserungen am Gesondheetssecteur

Der Gesondheetskeess, an domatter der Gesondheet vum an am Land,

Eenzelhandel: Den LCGB fuerdert en attraktive legale Kader fir d‘Salariéeën

Eenzelhandel: Den LCGB fuerdert en attraktive legale Kader fir d‘Salariéeën

De 4. Mee ass eng Enquête ugelaf, déi zum Zweck huet d‘Aarbechtskonditioune vun de Salariéeën aus dem Secteur vum Eenzelhandel ze analyséieren. An op neits muss den LCGB fuerderen, datt mat der Verlängerung vun den Ëffnungszäiten, och en entspriechende legale Kader fir d‘Salariéeë muss geschafe ginn. En „attraktive Kader“ wéi den LCGB a sengem Communiqué betount.

Vun der Staatssekretärin am Wirtschaftsministère, dem Francine Closener, 2015 ugekënnegt, ass d‘Enquête dann och endlech Ufank Mee 2018 fir déi ronn 20.000 Salariéeën aus dem Eenzelhandel lancéiert ginn. D‘Enquête gëtt an Zesummenaarbecht mam LISER realiséiert.

Aktuell gëtt d‘Gesetz datt d‘Ëffnungszäite regelt, vu 27 Derogatioune begleet, firwat eng Upassung vum legale Kader zwéngend Noutwenneg wier. Den LCGB stellt sech dann och enger totaler Liberalisatioun an de Wee a fuerdert, datt eng kloer Gesetzgebung, mat där déi verlängert Ëffnungszäite vun engem fir d‘Salariéeën attraktive Kader, geschafe gëtt.

Um Niveau vun der Organisatioun vun der Aarbechtszäit, huet dat neit PAN-Gesetz – an dat trotz engem Accord mat der UEL – net de Prinzip vun der Cogestioun tëscht Personaldelegatioun a Patronat berécksiichtegt.

D‘Cogestioun muss agefouert ginn!

Den LCGB weist dann nach emol mat Nodrock dorops hin, datt déi „Cogestioun“ awer grad déi Konditioun duer stellt, fir déi justifiéiert Interesse vun de Salariéeën ze valoriséieren. Ëmmerhi wier et jo grad dës Regierung gewiescht, déi sech den Opdrag ginn hätt, Beruff a Famill esou zesummenzeféieren, datt Liewensqualitéit an Ekonomie net am Widdersproch zu enaner stinn.

Hei gëtt dann elo och gefuerdert, datt een de Secteur vum Eenzelhandel fir d‘Salariéeë méi attraktiv gestalte muss. Heifir ass et noutwenneg, datt eng ganz Rei Mesure geholl ginn: Wann d‘Leit bis 20 Auer oder de Weekend iwwer mussen am Geschäft stoen, missten dann och d‘Crèchen op sinn.

Iwwerhaapt misst, wann een drop besteet dem Eenzelhandel fräi Hand bei den Ëffnungszäiten ze ginn, dofir Suerg droen, datt och den ëffentlechen Transport deem Rechnung dréit. An iwwerhaapt sollt e Salariée nëmmen op fräiwëlleger Basis Sonndes am Eenzelhandel beschäftegt ginn. Woubäi net nëmmen e fräien Dag muss eraussprangen, mee och d‘Pai konsequent ugepasst ginn.

Den LCGB léisst net mat sech handelen, wat d‘Wochenaarbechtszäit betrëfft. 40 Stonnen dierfen hei net iwwerschratt ginn. D‘Begrenzung vu maximal 4 Stonnen um Sonndeg muss ofgeschaaft ginn, fir dat séchergestallt ass, datt de Salarié all Woch eng duerchgoend Paus vu 44 Stonnen huet.

All Salarié, esou dann och d‘Fuerderung un déi betraffe Leit, soll sech un der Enquête bedeelegen. Nëmmen esou ka séchergestallt ginn, datt hir Suergen, Ängschten a Wënsch an d‘Etüd vum LISER afléissen. Et wieren dat ganz wichteg Informatiounen, déi mat dozou bäidroe kënnen, datt ee Léisungen an hirem Intressi fënnt.

Related topics Eenzelhandel, Francine Closener, LISER, OGBL, Wirtschaftsministère
Next post Previous post