Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!
Neiegkeeten WTF

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!

Um 7. Mäerz 1971 huet dem WDR seng Maus d’Liicht

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet
Neiegkeeten WTF

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet

„D‘Onofhängegkeet? Suspendéiert!“: dat waren d‘Wieder déi um Dënschdegowend e bëssen

Geheim Fichieren: Et geet virun
Neiegkeeten WTF

Geheim Fichieren: Et geet virun

An de Kommissiounen „Justiz“ & „Bannesécherheet“ stoung op der Dagesuerdnung:

surprise

Eestëmmegkeet beherrscht de Réiser Gemengerot

Eestëmmegkeet beherrscht de Réiser Gemengerot

De Buergermeeschter Tom Jungen (LSAP) konnt um Méindeg, no der Gemengerotssëtzung, zefridden an entspaant an d‘Fuesent blécken. Am Gemengerot, esouvill zumindest am Kader vun dëser Sëtzung, huet et bei alle Punkte vun der Dagesuerdnung Eestëmmegkeet ginn.

No enger kuerzer Aleedung, bei där ee gewuer ginn ass, datt de Budget 2018 vum Inneministère ugeholl ginn ass, huet sech de Gemengerot mat de Kommissioune beschäftegt. Et ginn därer 11, wouvunner der dräi virgeschriwwe sinn: d‘Loyerskommissioun, d‘Integratiounskommissioun an d‘Schoulkommissioun.

Aacht fakultativ Komissioune gëtt et och, dat an de Beräicher: Kultur, Chancëgläichheet, Ëmwelt & Drëttwelt, Verkéier, Jugend, Bauten, Finanzen an Soziales. All d‘Kommissioune sinn esou wéi „virgeschloen“ eestëmmeg ugeholl ginn.

De Conseiller Eugène Berger (DP) hat eng Remark zu de Jugendkommissioun ze maachen, wou hien de Virschlag abruecht huet, och jonken erwuessenen ab dem 16. Liewensjoer eng Bedeelegung ze erméiglechen. Dat kéint de politeschen Interessi stäerken, an ëmmerhi sinn et déi Jonk, deenen hir Interessen an dëser Kommissioun verdeedegt sollte ginn.

E Virschlag dee gutt opgeholl ginn, mee wou de Buergermeeschter dann awer konnt bemierken, datt et een an der Gemeng scho méi laang, déi jugendlech ab 16 Joer an der Jugendkommissioun, fir déi wou sech dann och engagéieren, ophëlt. Wéi héich den Interessi an d‘Zuel vun de Kandidaten ënner 18 Joer ass, war bei der Sëtzung net gewuer ze ginn.

Réiser wierdegt de Jean Fries

D‘Lëscht vun den Associatiounen déi net aus der Gemeng sinn, an awer eng kleng finanziell Zouwennung kréien, ass ergänzt ginn. 250 Euro ginn esou dem Lëtzebuerger Aktiounskrees Psychomotorik (SCAP) als jäerleche Subsiden zougestanen. Och dat ass eestëmmeg ugeholl ginn.

Am neie Lotissement (Kräizhiel) dee vum Gemengerot am Oktober 2015 Zoustëmmung fonnt hat, an och esou am Dezember 2015 vun der zoustänneger Autoritéit ugeholl ginn ass, gëtt et och eng Strooss, an déi brauch e Numm. An hei wäert ee sech geduecht hunn: „Firwat wäit siche goen, wann een an der Gemeng e verdéngte Bierger huet“.

Dofir kritt de fréiere Schäffen (1946-57) a Conseiller (1958-64) Jean Fries eng Strooss déi zukünfteg säin Numm dréit. Hei war dann nach gewuer ze ginn, datt de Mann, deem d‘Wuel vu senger Gemeng bis zu sengem Doud ganz wichteg war, och deemools op dëser Plaz gewunnt huet.

Wien eng Fro hat, krut eng Äntwert

Bei de mëndlecher Froen un de Schäfferot, wollt de Conseiller Erny Strecker (CSV) wësse wat elo grad an der Peppenger Kierch géif gemaach ginn? De Buergermeeschter huet informéiert, datt an Ofsprooch mam Paschtouer, de „Magica Club Letzebuerg“ aus dem Réiserbann, hei eng ganz Rei Saachen dierf ënnerstellen.

Zudeem sief drun erënnert, datt d‘Kierch scho méi laang eidel steet, a bei Akraafttriede vum neie Gesetz, net méi zum Patrimoine vun der Kierchefabrick gehéiert an entweit gëtt. Dat geschitt dann am Abrëll, a bis dohinner huet de Paschtouer nach Hausrecht. Dat Gebai dierft dann och, wann de Veräinsbau ofgerappt gëtt, och weider temporär de Klipp als Remise zur Verfügung stoen.

Den Eugène Berger mécht sech Gedanken zur Verkéierssécherheet, dat am Zesummenhang mat den Accidenter aus de leschte Wochen, bei deene Foussgänger zu Schued komm sinn. Hie wollt da wëssen, op een an der Verkéierskommissioun eng Plang kéint erstellen, an deem d‘Geforepunkten an der Gemeng kéinten opgelëscht, a Mesure virgeschloe kéinte ginn?

Hei weist den Tom Jungen drop hin, datt an der Gemeng säit Jore konsequent un der Beliichtung geschafft gëtt, an och den techneschen Déngscht vun der Gemeng en A drop huet. Et géif awer näischt dergéint schwätzen, datt ee sech an der Verkéierskommissioun der Saach unhëlt. „Véier Ae gesi bekanntlech méi wéi därer zwee“…

D‘Conseillère Nadine Brix (déi gréng) huet gefrot, datt wann ee scho keen Zonk ronderëm de Schoulhaff ka maachen, et net eventuell eng gutt Iddi wier eng niddreg Heck ze Planzen, déi den Areal esou géif agrenzen? Hei geet et virun allem dorëms, ze verhënneren datt d‘Butzen sech aus dem Stëbs maachen.

Fir de Buergermeeschter e Virschlag deen esou ka matgeholl ginn. Do dierft sech dann d‘Schoulkommissioun drëms këmmeren dierfen. Et dierf dann och hei drop higewisen, datt ee sengerzäit d‘Vegetatioun bei der Schoul, wéinst „bedreeleche Gestalten“ déi do ronderëm geschlach sinn, ausgedënnt hat.

Zu der Fro vum Conseiller Erny Frisch (CSV), wéi et mam Tennisclub an de Spillfelder bestallt ass, konnt de Buergermeeschter bestätegen datt et eng Entrevue ginn huet. Déi verschidde Punkten déi do ugesprach goufen, ginn elo am Veräin intern beroden. Bei der nächster Gemengerotssëtzung dierft et méi a virun allem Konkret Informatioune ginn.

D‘Conseillère Sandra Flammang wollt dann nach wëssen op et nees Schaukelen op der Spillplaz „Koupescht“ wäert ginn? Hei huet den Tom Jungen erkläert, datt all d‘Spillplaze vun der Gemeng vun der Lux-Control „ofgeholl“ ginn, wat mat sech bréngt, datt och emol „aalt Geschir“ muss ersat ginn. Am Budget sinn dofir 100.000 Euro agesat ginn, vun deenen der scho 75.000 fir neit Material investéiert goufen.

De Conseiller Daniel Michels wollt da wëssen, op et Iwwerleeunge gëtt, d‘Ëffnungszäite vun der Maison Relais ze iwwerdenken, an op d‘Betreiung an dësem Kontext net vun der Gemeng sollt iwwerholl ginn? Hei gesäit de Buergermeeschter keng kuerzfristeg Ännerung. Wat engersäits dorunner läit, datt eng Ëmfro nëmmen e marginale Besoin ervirbruecht huet, an anersäits ze bedenken ass, datt dat méi Personal bedeit.

E Personal, datt et esou net gëtt, well een net „konkurrenzfäeg“ géintiwwer dem Privatsecteur wier. Et hätt een awer de Sujet am Bléck, dat och am Bezuch op d‘Crèche an de Precoce. Iwwer Alternative gëtt nogeduecht, woubäi net séchergestallt ass, datt déi scho fir d‘Rentrée 2018/19 kënnen ugewannt ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Gemengerot, Réiser, Tom Jungen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel