Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert
dating someone who dropped out of college

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert

De globalen UN-Migratiounspakt, dee vun den flammänneschen Nationalisten denoncéiert gouf,

is lea michele dating darren criss
dating someone who dropped out of college

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung

Dëst erginn aktuell Zuelen, déi den Eurostat verëffentlecht huet a

Britescht Parlament wëll d‘Verlängerung fir de Brexit
dating someone who dropped out of college

Britescht Parlament wëll d‘Verlängerung fir de Brexit

Si maachen et sech an der Welt net einfach. En

Ëffentlech Administratiounen innovéiere fir de Bierger besser ze Äntwerten

Ëffentlech Administratiounen innovéiere fir de Bierger besser ze Äntwerten

Wien eng Fro un eng Administratioun huet, géif ee sech op eng zügeg Beaarbechtung an eng verständlech Äntwert freeën, an dat méiglechst an där Sprooch an där een d‘Fro gestallt huet.

Den Deputéierte Sven Clement (Piraten) hat an dësem Kontext eng parlamentaresch Fro un de Minister Marc Hansen (déi gréng) geriicht. Vun dësem wollt hien Detailer zu den Demanden hunn déi d‘Bierger un d‘Administratiounen hunn, wou et eventuell Problemer gëtt a wéi enger Natur déi kënne sinn. An déi Fro ass duerch d‘Unzuel vun den Appeller berechtegt: 620.000 fir 2018.

Fir de Minister, dee sech och ëm de Beräich vun der „Administrativer Vereinfachung“ ze këmmeren huet, misst een hei d‘Efforte berécksiichtegen déi d‘Regierung bis ewell ënnerholl huet an nach ënnerhuele wäert. Dat am Kontext vun der mise en Place vun engem „Guichet Unique“ deen d‘Bierger zu Lëtzebuerg als www.guichet.lu an/oder www.myguichet.lu scho kennen a benotzen.

Hei fënnt de Bierger Erklärungen zu 1.660 Demarchen, a gëtt op bis zu 120 Internet-Sitte vun der ëffentlecher Administratioun verlinkt. Zousätzlech zur „online Offer“ gëtt awer och nach vill bei den Administratiounen ugeruff. Eleng den Helpdesk vu „guichet.lu“ wier 2018 ronn 27.100 ugeruff ginn, während et 10.200 „elektronesch“ Demande ginn huet. Do sollt engem e Liicht opgoen…

De Bierger zitt den Telefon dem Internet vir

De Marc Hansen ass sech dann och bewosst, datt den Telefon nach ëmmer de bevirzuchte Medium ass, wann e Mënsch eng Informatioun brauch. Dofir hätt d‘Regierung zesumme mam CTIE extra fir déi verschidden Administratiounen e „call center“ ageriicht, woubäi ze betounen ass, datt d‘Decisioun esou eng Zentral anzeriichten, vun der betraffener Administratioun muss geholl ginn.

Am ganzen hunn 17 Administratiounen esou e „call center“, an déi sinn 599.045 mol ugeruff ginn. Vu dësen Uriff konnten 12,7% net vun de „call center“, an 18,7% net vum „Helpdesk“ behandelt ginn. Woubäi dës Zuelen och déi Uriff abegräifen, déi ausserhalb de Bürosstonnen erakommen. Am Géigesaz dozou, wieren awer 10,8 Milliounen e-Mails agaangen déi vum CTIE geréiert goufen.

De gesamten elektronesche Verkéier ass un net-staatlech Adresse gaangen, d‘Sozialversécherung an den Educatiounsministère wieren net an dësen Zuele berécksiichtegt ginn. De Marc Hansen réit sech mam interaktive Site „myguichet.lu“ ausenanerzesetzen, besonnesch wann et och drëms geet Dokumenter ze erhalen oder ze verschécken. Esou zumindest d‘Siicht vum Minister…

Kleng Remark:

Datt méi ugeruff wéi sech iwwert den Internet informéiert gëtt, huet e sëllechen Ursaachen. Eng dovunner betrëfft d‘Navigatioun op deene vum Minister genannten Internetsäiten. Nëmmen een deen iwwert eng gutt (Betounung läit op „gutt“) allgemeng Bildung verfüügt, an och soss sech dem Medium Internet anerwäerteg bedéngt wéi domatter „ze spillen“, huet eng reell Chance.

Kommen all déi al Leit derzou déi kee Bezuch zum Internet hunn, an déi, fir déi „Internet“ e Luxus ass, dee se sech net leeschte kënnen. Kléngt verréckt ass awer de Stand vun Haut. Zudeem ass et bedréckend festzestellen, datt engem ëmmer nees de Slogan „d‘Zukunft schwätzt lëtzebuergesch“ an de Kapp kënnt, wann ee muss feststellen, datt dës Zukunft net am Internet stattfënnt.

Wat notzt engem dat schéinste Sproochegesetz, an d‘Obligatioun fir d‘Administratiounen engem an der Sprooch mussen ze äntweren (et muss eng vun den dräi sinn) an där d‘Fro gestallt gëtt, wann all d‘Informatiounen unilateral op franséisch, däitsch oder englesch duergestallt ginn. Wéini Här Hansen léiereren „guichet.lu“ a „myguichet.lu“ an d‘Administratiounen endlech lëtzebuergesch?

Ähnlech Sujeten Administratiounen, Innovatioun, Marc Hansen, myguichet.lu, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel