Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten
Money Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten

„Jeder hat Angst vor dem Jungen mit der Waffe“ (vum

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung
Money Neiegkeeten

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung

An der afghanescher Haaptstad Kabul hu gëschter islamistesch Attentäter eng

Stroossbuerg: Artikel 7 fir den Orban, an eng Reform vum Autorerecht
Money Neiegkeeten

Stroossbuerg: Artikel 7 fir den Orban, an eng Reform vum Autorerecht

Zu Stroossbuerg hunn sech d‘Europadeputéiert dofir ausgeschwat, den Artikel 7

money

En Armageddon fir déi ëffentlech Finanzen

D‘Staatsfinanzen, laang Zäit dat bescht wat d‘Politik ze bidden hat, ginn d‘Baach of…

En Armageddon fir déi ëffentlech Finanzen

Wann de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) op déi ëffentlech Finanze bléckt ginn him zu Recht d‘Dronkenellen aus. Déi sanitär Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, huet dem Land a senger Bierger en Haushaltsdefizit an Héicht vun 2,6 Milliarden opgelueden, an datt esou eppes net hëllefräich ass, bezunn op déi bevirstoend Wirtschaftskris, muss wuel net extra betount ginn.

Bei der Virstellung vum „Detail“ dierft et deem optimisteschsten ënnert eis kal de Réck eroflafen. D‘Ausgabe vum Staat sinn erschreckend geklommen, an och wann dat kloer der Kris, mat där elo keen – och net de Finanzminister – rechne konnt, geschëlt ass, esou muss ee kee Mathematiker sinn fir sech auszemolen, datt dat fir all Eenzelen an esou fir d‘Frontaliere wäert Konsequenzen hunn.

Esou sinn d‘Ausgabe vun der zentraler Verwaltung géintiwwer Juni 2019 ëm 21,9% geklommen (dat sinn an Zuele ronn 2,05 Milliarden Euro) wärend d‘Einnamen ëm 12,1% erofgaange sinn. An och bei de Salaire gesäit et net erfreelech aus: am Verglach zum 1. Semester 2019, sinn 237 Milliounen Euro méi fir Gehälter ausbezuelt ginn. Käschten déi elo och net wäerte manner ginn.

Nieft engem verstäerkte Rekrutement, schléit sech och déi nei geschafe „Sanitär Reserv“ vu ronn 1.700 Leit, an den Ausgaben néier. D‘Schold vun der ëffentlecher Verwaltung läit mëttlerweil bei zolitte 15 Milliarden Euro. Dat entsprécht eppes iwwer 25% vum BIP (Bruttoinlandprodukt) an hei hat sech d‘Koalitioun an hiren Accord eng Uewergrenz vun 30% ageschriwwen. Dat gëtt enk…

Et wäert een de Rimm mussen zouzéien

Gutt, och bei de Verhandlungen zum Koalitiounsaccord huet keen un eng méiglech Pandemie geduecht. Wéi hätt een och esou eppes 2018 kënne virausgesinn? An der Finanzkommissioun vun der Chamber wollten déi Deputéiert dann awer vum Pierre Gramegna wëssen, wéi sech dat elo mat der Schold duerstellt. Nieft engem Prêt an héicht vun 2,5 Milliarden Euro, gëtt et jo nach Saachen.

Esou huet de Staat op en neit Instrument gesat: de Certificat de Tresorerie (CT). Dat ass eng Aart Scholdschäi mat ganz kuerzer Lafzäit (generell ënnert engem Joer). Iwwert dëse Wee huet sech de Staat 350 Milliounen Euro bis Dezember geléint, woubäi een hei muss preziséieren, datt den Emprunt en negativen Zëns huet. Dëse Prêt ass folgerichteg net wierklech dramatesch.

Déi Deputéiert hunn dem Finanzminister awer un d‘Häerz geluecht, dat wann een op esou een Instrument zréckgräift, et der Regierung gutt zu Gesiicht géif stoen, dat am Virfeld mat der Chamber ze beroden. De Pierre Gramegna huet d‘Remark verstanen an esou och schonn emol duerchblécke gelooss, datt et am Laf vum 2. Semester wuel zu engem weideren Emprunt kënnt.

Wann et elo och richteg ass, datt bis op wéineg Stëmme kee sech wierklech traut et zum Ausdrock ze bréngen, esou ass wichteg sech kloer ze maachen, datt et nieft dem „Keng Zäit fir Party!“ och nach en „Kee Geld fir Larifari!“ wäert musse ginn. Wann de Mobilitéitsminister François Bausch geahnt hätt, wat fir Folgen de Covid19 huet, géif et wuel kee gratis ëffentlechen Transport…

Illustratioun: Alex Demoura / pixabay

Ähnlech Sujeten Covid19, Defizit, ëffentlech Finanzen, Finanzminister, Kreditter, Pierre Gramegna, Sanitär Kris, Staatsfinanzen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel