Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa leeft de Schweess an der „Aarschfuer“ zesummen, eng Bestandsopnam
Neiegkeeten

Europa leeft de Schweess an der „Aarschfuer“ zesummen, eng Bestandsopnam

Mat der Hëtztwell déi Europa am Grëff huet, a firwat

dislike
US-Politik: Wann der zwee unenee geroden
Neiegkeeten

US-Politik: Wann der zwee unenee geroden

Washington kënnt net zur Rou. Nodeems sech den Donald Trump

Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand
Neiegkeeten

Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand

Um haidegen Donneschdeg trëfft sech déi britesch Regierung zu enger

Ëffentlech Observatioun vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Ëffentlech Observatioun vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Tëscht dem 10. an dem 15. August 2018 si se erëmzegesinn: Stäreschnäizen, Koméitestëbs, deen an der Äerdatmosphär vergléit an dobäi kuerzzäiteg opliicht.

Si schéngen aus dem Stärebild Perseus ze kommen an heeschen duerfir Perseiden. Si hunn awer näischt mat de Stären ze dinn. De Stëbs kënnt vum Koméit 109P SWIFT-TUTTLE, eng grouss Äisklatz mat vill Stëbs a Gas.

Op sengem Wee bei d’Sonn gëtt en erwiermt a fänkt u mat schmëlzen. Dobäi verléiert hien niewent Waasser a Gas och Stëbs, deen dann um Orbit erhale bleift. All Joer, am August, kräizt eis Äerd dem Koméit seng Bunn.

De Stëbs geréit mat 70km/s an eis Atmosphär a vergléit duerch d‘Reiwung. Ass emol e gréissere Stëbskär derbäi, da gesi mir e Feierball, e sougenannte BOLID am Himmel.

Mir kucken eis awer och d‘Stären an déi siichtbar Planéiten un.

Rendez-vous fir déi ëffentlech Observatioun fir Grouss a Kleng, bei der Donatuskapell tëscht Beidler an Eschweiler (op der Kopp nieft dem Waassertuerm, N49.72284 E6.30441) bei Jonglënster, den 11. August vun 22.00 Auer un, bei fräiem oder schwaach bedecktem Himmel.

Opgepasst: Op de Site kommt Dir nëmme vu Beidler erbäi. Vun Eschweiler erbäi ass d’Strooss gespaart. (Iechternacher Strooss E29 – zu Grolënster N14 Richtung Beidler – zu Beidler CR129, rue d’Eschweiler)

Ob d’Aktivitéit definitiv stattfënnt, steet de selwechten Dag vu 15 Auer un op mnhn.lu, respektiv um Facebook vum Musée @naturmuseelux .

Sou e Naturspektakel ka ganz laang daueren, dofir si waarm Kleedung, Gedrénks, e Klapp- oder Ligestull ganz praktesch.

Zousätzlech Teleskope si wëllkomm !!!

Keng Umeldung néideg!

Op eng flott Perseidenuecht!

Matgedeelt vun den Amateur Astronome Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Amateur Astronome Lëtzebuerg, Laurentiustréine, Naturmusée, Stäreschnäizen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel