Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weider Upassungen am ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

Weider Upassungen am ëffentlechen Transport

Déi aktuell Ausbreedung vum neiaartege Coronavirus Covid-19 zwéngt den ëffentlechen

surprise
Lycéesreform entsprécht net der Virstellung vun der CSV
Neiegkeeten

Lycéesreform entsprécht net der Virstellung vun der CSV

Wann de Educatiounsminister sech verständlecherweis mat sengem Projet zefridde weist,

CR186: Spärung duerch neie Stroossebelag
Neiegkeeten

CR186: Spärung duerch neie Stroossebelag

Vum 4. bis de 7. Oktober gëtt de Stroossebelag op

Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar

Weltpremière: Lëtzebuerg féiert d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport an

Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar
Serge Tonnar © Shari Pleimelding/moien.lu
Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar
Den Transportminister François Bausch © Shari Pleimelding/moien.lu

Skinny J © Shari Pleimelding/moien.lu
Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar
Turnup Tun © Shari Pleimelding/moien.lu
Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar
© Shari Pleimelding/moien.lu
Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar
D'Stater Buergermeeschtech Lydie Polfer © Shari Pleimelding/moien.lu
Transportminister verleet den 1. Mäerz op den 29. Februar
Serge Tonnar © Shari Pleimelding/moien.lu

Eppes éischter wéi eigentlech geplangt, gëtt d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg a Kraaft gesat. Domatter gëtt d‘Weltpremière, déi eigentlech op e Sonndeg gefall wier, schon dëse Samschdeg 29. Februar 2020 aktéiert. „Cool“ seet de Krappert a streckt der Welt d‘Zong eraus…

Bei der offizieller Presentatioun fir d‘Medien am neien Tramsschapp, hat sech och déi international Press agelueden, fir dësen esou revolutionäre wéi sécherlech och gewote Schratt, den ëffentlechen Transport „gratis ze maachen“, der ganzer Welt ze verkënnegen. Et gouf vill Show, a während déi national Medie méi oder wéineger schonn alles zu dësem Thema publizéiert hunn, konnten déi aus aller Welt ugereeste Journalisten nach emol alles am Detail virgestallt kréien.

Déi eenzeg wierklech Nouvelle gëschter: de Mega-Event gëtt virverluecht. Dat mécht allerdéngs och Sënn, wëll e Samschdeg gëtt scho masseg gefeiert, esou beispillsweis mat Concert a gudder Laun am neien Tramsschapp um Wupp vum Kierchbierg. Do wier et da schonn eng Bosseg gewiescht, wann een sech hätt missen en Ticket kafe fir dohinner, wou ee jo zimlech sécher nees d‘Recht gehat hätt gratis heemzefueren.

Freemobility

© Shari Pleimelding/moien.lu

Mee et ass ee flexibel an de François Bausch huet dat dann och eppes anescht erkläert an um Fait festgemaach, datt et ee Schaltjoer ass. Gutt, de Minister huet den 29. Februar zum 1.Mäerz erkläert an dogéint gëtt et näischt ze soen, well et einfach eng vernënfteg Entscheedung ass, déi jo och net nëmme vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer gedeelt gëtt. Zudeem ass et clever den ëffentlechen Transport op engem Samschdeg gratis ze maachen.

Samschdes, dat ass fir vill Matbierger den Dag wou ee feiert a sech de kulturelle wéi deels och sportlechen Aktivitéiten zouwennt an zuweilen och gären e Patt derbäi drénkt. Do ass ee jo gutt beroden den ëffentlechen Transport ze notzen. Wien net un der grousser Party deel huelen an trotzdeem dëse Moment „erliewe“ wëll, dee sollt da vum grousse Stater Mobilitéitsdag profitéieren, dee vun 11 bis 16 Auer op der Plëss vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert gëtt.

Ähnlech Sujeten Bus, CFL, Concert, François Bausch, freemobility, Gratis Ëffentlechen Transport, Kierchbierg, Lydie Polfer, Skinny J, Stater Mobilitéitsdag, Tram, Tramsschapp, Turnup Tun, Verkéier, Weltpremière, Zuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel