Search

You may also like

Un d’Frënn an d’Auteure vum Lëtzebuerger Autorenlexikon
Neiegkeeten

Un d’Frënn an d’Auteure vum Lëtzebuerger Autorenlexikon

Den Hierscht ass ukomm, d’Blieder verfierwen sech an de Beem,

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff
Neiegkeeten

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff

Säit Enn Mäerz 2020 konnt och zu Lëtzebuerg e grousst

De Claude Meisch erkläert NEET de Krich
Neiegkeeten

De Claude Meisch erkläert NEET de Krich

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) huet den Dënschden d’Resultater vun

Upassunge beim ëffentlechen Transport ab dem 22. Mäerz

Upassunge beim ëffentlechen Transport ab dem 22. Mäerz

Wéi elo matgedeelt ginn ass, wäerten et ab dem 22. Mäerz 2020 eng Rëtsch Ännerungen an Upassunge beim ëffentlechen Transport ginn. Hei fannt Dir all noutwenneg Informatiounen:

RGTR

Ab dem 22. Mäerz 2020 wäert Sonndes kee Bus aus dësem Reseau méi fueren.

Ab dem 23. Mäerz 2020 fänkt eng éischt Phas un, an där d’Linnen net méi esou oft fuere wäerten. Déi nei Fuerzäite fannt Dir HEI, wéi och ënnert mobiliteit.lu.

CFL

Fir déi individuell Deplacementer ze reduzéieren, wäert och d’CFL seng Offer upassen.

Ab haut (19. Mäerz 2020) gëtt d’Zirkulatioun vun den Zich staark ageschränkt:

Linn 10:

  • Gouvy/Ëlwen – Lëtzebuerg (a vice versa): Een Zuch pro Stonn
  • Lëtzebuerg – Dikrech RB: Een Zuch pro Stonn
  • Ëlwen – Lëtzebuerg RE: Een Zuch all zwou Stonnen
  • Gouvy – Lëtzebuerg IC (Decalage vun den RE an IC Zich ab Ëlwen): Een Zuch all zwou Stonnen
  • Dikrech – Lëtzebuerg RB: Een Zuch pro Stonn
  • Kautebaach – Wolz: Zuchverkéier fält aus, d’Zich ginn duerch Busser ersat

Linn 30:

  • RE 11 Koblenz: Den Zuch fiert zu den normalen Zäiten a béid Richtungen
  • Lëtzebuerg – Tréier RE: Een Zuch pro Stonn
  • Tréier – Lëtzebuerg RE: Een Zuch pro Stonn
  • RB 83 Wittlich: Den Zuch fiert zu den normalen Zäiten a béid Richtungen
  • Lëtzebuerg – Wittlich RB: Een Zuch pro Stonn
  • Wittlich – Lëtzebuerg RB: Een Zuch pro Stonn
  • Waasserbëlleg – Lëtzebuerg RB: Hei fiert keen Zuch méi

Linn 50:

  • Lëtzebuerg – Arel IC: Een Zuch pro Stonn
  • Arel – Lëtzebuerg IC: Een Zuch pro Stonn
  • Lëtzebuerg – Arel RB: Een Zuch pro Stonn
  • Arel- Lëtzebuerg RB: Een Zuch pro Stonn

Linn 60:

  • Lëtzebuerg – Péiteng (a vice versa): Zwee Zich pro Stonn
  • Beetebuerg – Wuelmereng: Normalen Trafic
  • Esch – Audun: Normalen Trafic
  • Näerzeng – Rëmeleng: Zuchverkéier fält aus, d’Zich ginn duerch Busser ersat

Linn 70:

  • Lëtzebuerg – Attem RB: Een Zuch pro Stonn
  • Attem – Lëtzebuerg RB: Een Zuch pro Stonn
  • Lëtzebuerg – Lonkech: Normalen Trafic

Linn 90:

  • Ab Freides fiert keen TGV méi
  • TER Programm variéiert vun Dag zu Dag

Weider Informatiounen zum Verkéier nom Freideg wäerte geschwënn nokommen. D’Cliente fanne weider Informatiounen op www.cfl.lu, op blog.cfl.lu, op der App vun der CFL an beim Call Center vum CFL (Tel.: 2489-2489).

Ab e Freideg, den 20. Mäerz 2020 wäert den TGV tëscht Paräis an dem Süde vu Frankräich ewech falen. Duerch dës Moossname kann all Client, deen am viraus een Billjee fir dës Streck hat no engem Remboursement froen. Wëll all Guicheten zou sinn, soll ee sech heivir och un de Call Center vun der CFL riichten.

Related topics Coronavirus, Covid19, Ëffentlechen Transport, SARS-CoV2
Next post Previous post