Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘CGFP erfreet iwwert d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten

D‘CGFP erfreet iwwert d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht

Fënnef Deeg an der Woch bis zur Pensioun a Vollzäit

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?
Neiegkeeten

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?

Et ass u sech kee Geheimnis, zumindest wat d‘EU betrëfft,

ULC: Opgepasst op Handwierker-Bedruch!
Neiegkeeten

ULC: Opgepasst op Handwierker-Bedruch!

Reparaturen an Déngschter vun Handwierker am a ronderëm d’Haus bréngen

Ëffentlechen Transport: Gëtt elo alles besser?

Ëffentlechen Transport: Gëtt elo alles besser?

Um Méindeg huet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch op eng Rëtsch Ännerungen am RGTR-Fuerplang ukënnegt. Betraff si 84 Strecken an agefouert gëtt dat ganzt den 19 Juni. Erhofft gëtt sech duerch dës Ëmgestaltung ee besseren ëffentlechen Transport, dee besonnesch de Pendler d’Liewe sollt erliichteren.

Alles a “Real-Time”

Säit längerem sinn d’RGTR-Busser scho mat GPS fir Geolokalisatioun ausgerëscht, wat et erlaabt um Arrêt an Echtzäit d’Arrivée vum nächste Bus unzekënnegen. Dat huet eng éischt Upassung fir 81 Linnen zum 27. Februar méiglech gemaach. Elo da wéi ugangs bemierkt, applizéiert sech dëse System och fir wieder 84 Linnen. Betraff si bei dëser Moossnam d’Busser aus der Tréierer Géigend, dem Weste vum Land an der Stad. Eng genau Lescht ass online op www.mobilitéit.lu anzegesinn.

Fir de Benotzer dat ganzt eng Grëtz méi einfach ze maache sinn op de betraffene Strecken Hostessen am Asaz. Si sollen d’Clienten informéieren an en Informatiounsblat verdeelen. Dat wichtegst dierft allerdéngs d’Informatioun sinn, datt sech och d’Horairen änneren, woubäi hei ënnerscheet gëtt tëscht de Spëtzenzäiten an deene wou et kee Stau sollt ginn.

Bei de Spëtzenzäite sinn déi mëttels GPS ermëttelt reell Fuerzäiten an den Horaire agebaut ginn. Dat bréngt mat sech, datt den Horaire elo net méi en „Takt“ uweist, dee souwisou net anzehale war, mee well zum Beispill d’Fuerzäit tëscht Käerjeng a Lëtzebuerg einfach ëm zwanzeg Minutte verlängert gëtt, de Benotzer säin Trajet besser plange kann.

Ee muss et jo maachen

Fir den Detail huet de Minister dem Alex Kies d’Wuert iwwerginn. Dee versprécht dann och eng héijer Pünktlechkeet, wëll jo elo de Stau matgerechent gëtt. Dat ass couragéiert, mee sécherlech nach déi besser Léisung, och wann dat der Attraktivitéit, den Auto géint de Bus ze tauschen, net wierklech entgéint kënnt.

Fir de bessere Versteesdemech muss dann nach emol op www.mobilitéit.lu higewise ginn. Do kritt een dann erkläert dat ee mat enger „App“ am Bus oder op de Busarrêten (wou et een elektronesche Panneau gëtt) déi reell Zäit ugewise kritt. Ee System dee vun 2018 un och déi reell Zäit vum Zuch am Bus uweist. Dem Beamte vum Ministère no ginn et mat de Schicht- a Schülerbusser 303 RTGR-Strecken an all déi, wou elo nach net berécksiichtegt gi, sollen ab dem 10. Dezember och an Echtzäit verfollegt kënne ginn.

Eent nom aneren

Pünktlech zum Schoulufank am September kënnt de nächste Fuerplangwiessel. Den 10. Dezember, wéi gesot nach een, wëll jo do den Tram scho sollt de Glacis mat der Lux-Expo verbannen an do dann déi éischt Linnen ofgebonne ginn. Datt dat an éischter Linn fir d’Schülerbusser soll gëllen, war elo net wierklech verständlech, wëll en Deel vun de Busser weiderfuere soll, dann awer iwwert de Boulevard Konrad Adenauer.

Op Schwieregkeete musse mer eis awer spéitstens am Fréijoer 2018 astellen. Da soll den Tram scho bis bei d’Stäreplaz fueren an da ginn do d’Busser ofgebonnen. Experte gesinn do allerdéngs ee Problem, wëll – esou d’Kritiker vum Tram – do méi Leit sollten an den Tram klamme wéi der eigentlech erapassen. Et ass allerdéngs net vun der Hand ze weisen, datt ee keng sechs Passagéier op ee Quadratmeter stelle kann. Mee bon, d’Richtung ass festgeluecht an elo gëllt et ofzewaarde wéi sech dat ganzt entwéckelt.

Am Mee dann nach Fuerplangwiessel. Mat dräi Stéck pro Joer sollt et méiglech sinn sech besser op eventuell Problemer anzestellen, esouwuel wat d’Zäite betrëfft wéi och d’Kapassitéiten. Bei Kapassitéitsschwiergekeete kéint, do wou et d’Arrêten an d’Stroossen zouloossen, gréisser Busser zum Asaz kommen, soss missten zwee Busser mat der selwechter Fuerplangzäit agesat ginn. Sech ee Bild dovunner ze maachen ass verständlecherweis net ganz einfach, mee um Ministère schéngen se éierlech iwwerzeegt.

Ähnlech Sujeten Ëffentleche Transport, François Bausch, RGTR
Nächsten Artikel Virrechten Artikel