Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Iran: Nei Rakéitenofwier getest
Meenung WTF

Iran: Nei Rakéitenofwier getest

Op der iranescher Staatstelevisioun huet de Kommandant vun der Fluchofwier

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn
Meenung WTF

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn

Am Kader vun enger Pressekonferenz am Haus vun der Natur

Eng Campagne am Zeeche vun de Mënscherechter
Meenung WTF

Eng Campagne am Zeeche vun de Mënscherechter

Wéi all Joer mécht Amnesty International (AI) och 2017 erëm

surprise

D’Visioune fir den ëffentlechen Transport falen nach kleng aus

Wäert sech dat mam 19. Abrëll änneren? E Kommentar.

D’Visioune fir den ëffentlechen Transport falen nach kleng aus

Den 19. Abrëll kéint zu engem wichtegen Datum fir d’Mobilitéit am Land ginn. Fir deen Dag huet den Nohaltegkeets- an Transportminister François Bausch en Debat an der Chamber zum ëffentlechen Transport ugesat. E stellt dës Diskussioun an e Kontext, deen am Moment vill Opmierksamkeet kritt: dem vum Wuesstem. Well d’Fro, déi sech stellt, ass, wéi mer wuesse kënnen, ouni dobäi am Verkéier ze erstécken. Also, nach méi, wéi elo schonn.

Gläich 10 Froe stellt den aktuelle Minister, wéi et schéngt mat der Intentioun, der nächster Regierung en Ustouss ze ginn. An der Press gëtt do virun allem d’Iddi vun engem séieren Tram tëscht Lëtzebuerg an Esch opgegraff. Kee Wonner, si ass bal esou flashy wéi e Monorail, a mir wësse jo, wéi intensiv d’Diskussioun ronderëm de leschten Tramsprojet gefouert ginn ass. Mee op mannst ass domat schonn eng nei Iddi an de Wahlkampf gefloss, un deene feelt et eis nach.

Et sinn e puer markant Lücken an den Iddien a Froestellungen vun der Diskussioun ze fannen

D’Analys déi de François Bausch presentéiert huet, ass spannend. Och d’Froen, déi gestallt ginn, sinn duerchaus pertinent. Wéi soll de Co-Voiturage ënnerstëtzt ginn? Wéi kréie mer d’Leit vum Auto an den ëffentlechen Transport? A wéi eng konkret Visioun wëlle mer eis fir 2025 bezéiungsweis 2035 ginn, wat den ëffentlechen Transport ubelaangt? Alles gutt Froen, an dach vermëssen ech der e puer.

Keng Erwänung fannen esou wuel en eventuellen Ausbau vum Zuchreseau, wéi och en Ausbau vum Tramsreseau oder en ticketlosen ëffentlechen Transport. Alles Saachen, déi den ëffentlechen Transport méi attraktiv gestalte kéinten. Well si mer eis eens: Wa bal 37% vun de Leit den Auto fir eng Streck ënner 1 Kilometer huelen, muss villes an de Käpp geschéien, bis ëmgeklomme gëtt. An der Luxmobil-Etüd stellt een dann och fest, datt eréischt bei enger Distanz vun iwwert 15 Kilometer méi wéi 20% vun de Leit op den ëffentlechen Transport zeréck gräifen.

En Ëmdenke kann nëmme mat enger attraktiver Offer erreecht ginn. An do hapert et zu Lëtzebuerg nach.

Et wier net, wéi wann sech do näischt doe géif. Der Etüd no sinn d’Passagéierzuele bei der CFL tëscht 2005 an 2015 ëm 60% geklommen. Wat senges Gläiches an Europa sicht. Deen stéisst allerdéngs kloer u seng Grenzen, wann all 40. Zuch ausfält an all 10. Zuch méi wéi 6 Minutte Verspéidung Opweises huet. Zwar soll sech d’Situatioun verbesseren, esou bal déi ënnerschiddlech Ausbauaarbechte bis ofgeschloss sinn. Mee ech froe mech, op een do net der Entwécklung noleeft.

Ëmmerhin ass eppes gutt: Et kritt een net d’Gefill, datt een de Wuesstem bremse sollt. Dat ass souwisou zum Scheitere verdaamt. Am Plaz dovunner gëtt no reelle Léisunge gesicht, an dat muss positiv bewäert ginn. Mee ofgesi vun enger Tramlinn an de Süde vum Land feelt et mer nach u Visiounen, déi d’Leit nach méi ewech vum Auto, hin an den ëffentlechen Transport soll beweegen. Mee wéi gesot: den 19. Abrëll gëtt e wichtegen Dag, wou mer méi wäerte gewuer ginn.

 

Ähnlech Sujeten 3, Ëffentlechen Transport, François Bausch, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel