D’Maskeflicht am ëffentlechen Transport fält ewech

Elo sinn mir schonn esou laang gewinnt, dat Déngen op der Nues ze halen – ma endlech ass et esouwäit. De Gesetzesentworf ass well an der Chamber ukomm. Bis datt den offiziellen Accord kënnt, wäert nach ee Moment daueren.

Dëst ass just duerch jiddwereen méiglech, deen gehollef huet, sech un déi néideg Sanitären ze halen. Och d’Impfung huet sécherlech hiren Undeel dorunner.

D’Santé huet um haitegen Dënschdeg nëmmen 261 Neiinfektiounen enregistréiert. 8 Patienten ginn nach an de Spideeler behandelt. Selbstverständlech kënne vulnerabel an onsécher Mënschen hier Masken weiderhin undoen. Bei der Ofschafung vun der Maskepflicht sinn well 17 Länner virun eis, déi den néidege Schrëtt gaangen sinn.

Dernières nouvelles