Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Post investéiert an d‘Glasfaser (kommentéiert)
Neiegkeeten

D‘Post investéiert an d‘Glasfaser (kommentéiert)

Um Dënschdegnomëtten hunn den Direkter vun der Post, Claude Strasser,

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!
Neiegkeeten

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!

Samsa Film ass houfreg matzedeelen, datt de Film „Superjhemp Retörns“

Israel: Den Oppositiounsleader soll eng Regierung Bilden
Neiegkeeten

Israel: Den Oppositiounsleader soll eng Regierung Bilden

No enger längerer Entrevue mat de Parteien an dem amtéierende

D‘Gesetz iwwert d‘Ëffnungszäite muss respektéiert ginn

D‘Gesetz iwwert d‘Ëffnungszäite muss respektéiert ginn

Beim OGBL muss op en neits de Respekt vun den Ëffnungszäiten am Eenzelhandel revendiquéiert ginn. D‘Gewerkschaft erënnert drun, datt um Virowend vun engem Feierdag (ausser Chrëschtdag, Neijoerschdag an Nationalfeierdag) d‘Geschäfter gehale sinn hir Diere spéitstens um 19 Auer zou ze maachen. An dat gëllt natierlech och fir den 31. Oktober, dem Virowend vun Allerhellegen.

Dat gëtt awer regelméisseg vun enger ganzer Rei Entreprisen net respektéiert. Si halen hir Diere bis 20 Auer op. Ëmmer méi oft muss een hei Verstéiss feststellen, déi kaum bis guer keng Suitten hunn. Zudeem dierf drun erënnert ginn, datt d‘Federatioun vum Eenzelhandel schonn eppes méi laang déi vollstänneg „Liberalisatioun“ vun dësen Ëffnungszäite fuerdert. Dobäi gëtt et am d‘Gesetz nëmmen eng Ausnam, an zwar fir déi Betriber, déi esou Klausel an hirem Kollektivvertrag verankert hunn.

Mee et ass mat de Kollektivverträg wéi mat de Gesetzer: wann et passt hält e sech drun, soss muss een se eben ëmgoen. Dobäi verstoussen dës Entreprisen net nëmme géint e Gesetz dat geduecht ass d‘Salariéeën ze schützen, si sabotéieren och d‘Verhandlungsrechter vun de Gewerkschaften.

Den OGBL stellt zudeem fest, datt ëmmer manner Geschäfter sech un d‘Gesetz halen, woubäi d‘Salariéeën aus dem Eenzelhandel schonn elo „ganz besonnesch flexibel“ musse sinn, wat hir Aarbechtszäiten ubelaangt. Hei gëtt ganz bewosst – jo et kéint ee bal menge mat Absicht – eng Situatioun erbäigefouert, déi eng Harmoniséierung tëscht Beruffs- a Familljeliewen onméiglech mécht. Et ass deemno ëmsou méi wichteg, datt bestoend Gesetzer mussen agehale ginn.

Fir déi éischt Gewerkschaft am Land gëtt et also héich Zäit datt eng progressistesch Reform vum Gesetz zu den Ëffnungszäiten am Eenzelhandel an d‘A gefaast gëtt, an d‘Salariéeën aus dem Secteur endlech esou geschützt ginn, wéi et sech gehéiert. Déi Aart a Weis wéi d‘Gesetz mëttels ministeriellen Derogatioune verdonstst gëtt kann net méi toleréiert ginn. Hei spillen d‘Politiker dem Patronat an Hand, an och do sollt ee sech eng gewëssen Absicht net ofstreide loossen.

Den OGBL wëll dësem Spill jiddefalls net méi mat gekräizten Äerm nokucken. Si hu sech virgeholl géint all Entreprise virzegoen, déi dëst gültegt Gesetz net respektéiert. A fir d‘Konsumenten déi vun den Ëffnungszäite profitéieren eppes fir nozedenken: „Hir Ëffnungszäite sinn eis Aarbechtsstonnen.

Foto: Tariq Abro / Pixabay

Ähnlech Sujeten Eenzelhandel, Ëffnungszäiten, Gesetz, OGBL, Respekt, Sozialkonflikt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel