Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Meenung: Nee, „Féck de Grand-Duc“ ass net fein. Mee eng Diskussioun iwwert d’Monarchie kéint d’Land awer verdroen
Neiegkeeten

Meenung: Nee, „Féck de Grand-Duc“ ass net fein. Mee eng Diskussioun iwwert d’Monarchie kéint d’Land awer verdroen

Nei Woch, neie Shit-Storm. Des Kéier mat dobäi: Déi jonk

Däitschland: D‘Genossen entscheeden sech fir eng grouss Koalitioun
Neiegkeeten

Däitschland: D‘Genossen entscheeden sech fir eng grouss Koalitioun

Op de Choix e gudde war, dat léisst sech op

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…
Neiegkeeten

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…

Zum internationale Solidaritéitsdag mam Vollek vu Palestina, den 29. November,

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun

No hirem „Piquet“ an enger éischter Entrevue mam Mediateur um 6. November, hat d‘Gewerkschaft vun de Sozialpädagogen (SLEG) gëschter nees seng Memberen opgeruff, sech um Parvis vun der Cité Judicaire ze versammelen, fir d‘Entscheedung vum Minister Dan Kersch matgedeelt ze kréien.

Tëscht Zouversiicht an Zweiwel hin an hir gerappt, war een zu gudder Lescht dach éischt positiv op dës Entrevue agestallt. Et huet een, wéi de SLEG-President Mario Maia et nach virun der Entrevue senge Komerode gesot huet, net allze vill Optiounen: entweder de Ministère geet op d‘Fuerderungen an oder et muss een zesummen iwwert de méigleche Streik beroden.

Dat et net esou wäit wäert kommen huet dann d‘Optauche vum Minister Dan Kersch duerchblécke gelooss. Hien huet jidderengem d‘Hand ginn an nach virun der Entrevue mam Mediateur seng Positioun de Vertrieder duergeluecht. Eng naturgeméiss politesch Stellungnam, déi awer, esou zumindest den Toun, verséinlech ausgeluecht ass.

Wäertschätzung a Versteesdemech

Géintiwwer de Sozialpädagogen huet den Dan Kersch däitlech gemaach, datt ee sech bewosst dierf a soll sinn, wéi wichteg hire Beruff ass a wéi e Rôle en an eiser Gesellschaft huet. Hie géif sech jiddefalls hannert si stellen an begleet hire Wonsch no Opwäertung, eppes wat längst iwwerfälleg wier.

SLEG

Mat hire Bäert, déi däitlech solle maachen, datt d‘Fuerderungen net nei sinn, hunn d‘Educateuren an Educatrice um Parvis vun der Cité Judiciaire op e neits hir Revendicatioune betount. Et geet hei dann och net ëm e Wonsch, mee schlicht an ergräifend ëm Gerechtegkeet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mat den Entscheedungen, déi op der Basis vun Accorden aus dem Joer 2011 getraff gi sinn, kéint och hien net zefridde sinn. Senger Usiicht no, hätt een d‘Carrière vum Sozialpädagog gläich där dem Enseignant no misse behandelen. Et wier dann awer, esou zumindest d‘Positioun vum Dan Kersch, um Enn d‘CGFP gewiescht, déi d‘Konditiounen ausgehandelt hätt.

Eppes ze ënnerhuele wier och a sengem Sënn gewiescht. Esou wier de Vertrieder vum Daachverband virgeschloe ginn, statt de gefuerderten 1,5 Punkten, eppes méi bei de „Klengen“ drop ze leeën. Mat der CGFP wier dat dann awer schlussendlech net ze maache gewiescht. U sech just en Detail, mee dann awer um Enn eng vun den Ursaache firwat een sech beim Mediateur gesäit.De Minister stellt dann awer nach kloer, datt de Niveau „Bachelor“ vun him kengeswees a Fro gestallt gëtt, ganz am Contraire.

Dat wier och ee vun de Punkten déi a senger Propose, déi beim Mediateur virgeluecht gëtt, sollt Unerkennung fannen. Iwwert d‘Paien huet sech de Minister virun der Entrevue wuel net geäussert, dofir awer de Wonsch ausgeschwat, datt ee sech an der „Fonction Publique“ grondleeënd enger Diskussioun zur Gläichstellung vun alle Beamte sollt begéinen.

D‘Entscheedung sollen d‘Memberen vum SLEG huelen

Wann déi Wierder vum Minister Dan Kersch elo och als verséinlech interpretéiert gi sinn, esou huet de SLEG-President Mario Maia awer däitlech gemaach, datt ee virsiichteg an d‘Verhandlung geet. Wat den ugeschwate Kompromëss ugeet, esou géif ee sech deem net verwieren an d‘Ouere spëtzen. Zu gudder Lescht misst ee souwisou zesummen doriwwer entscheeden.

SLEG

De (laange) Baart, een Zeechen datt, wéi et de Minister richteg erkannt huet, eng Opwäertung méi wéi iwwerfälleg ass. Si stinn am Déngscht vum Land a vum Bierger, a leeschten e wichteg Beitrag deen Unerkennung verdéngt huet. © Martine de Lagardère/moien.lu

No der Entrevue, an dat dierf een dann och esou festhale wéi et ass, war et en zefriddene Mario Maia, dee senge Komerode géinteniwwer getrueden ass. Fir de Mëssel ëm d‘Geld, schéngt et Léisung ze ginn. „Elo misst een sech awer den Detail ukucken“, esou de Mario Maia, dee d‘Schrëftstéck nach net an Hänn hält.

Un a fir sech dierft ee Beim SLEG awer mat grousser Zouversiicht aus der Mediatioun erauskomm sinn. Dat läit och a virun allem dorunner, datt si hei kee „Wonsch“ zum Ausdrock bruecht hunn, an hir Revendicatiounen sech op näischt anerem stëtzen, wéi deem wat hinnen zousteet. Si wäerten dat dann och ënnert sech ausmaachen, an net mat der CGFP.

(Umierkung: Hei och de Link zum interessanten Interview vum Mario Maia op 100,7)

Foto: De Minister ass net op d‘Mediatioun komm fir ze streiden. Openaner zougoen an de Wäert vun der Aarbecht unerkenne schéngt den Dan Kersch eescht ze mengen. Eng ausgestreckten Hand virun der „Entrevue“ huet Symbolkraaft a fënnt Zoustëmmung. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dan Kersch, Educateur, SLEG
Nächsten Artikel Virrechten Artikel