Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt
speed dating bahrenfeld

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt

De Ryszard Czarnecki, polneschen nationalkonservativen a schwéierst ëmstriddene Vizepresident vum

https://moien.lu/dating-app-with-only-one-guy/
speed dating bahrenfeld

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis

Dem Sebastian Kurz seng ÖVP geet mat gutt 38%, däitlech

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung
speed dating bahrenfeld

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung

Déi zweet Gemengerotssëtzung vun der Minettemetropole stoung am Zeeche vum

EU Green Deal: Gutt fir de Klima, schlecht fir d’Biodiversitéit

EU Green Deal: Gutt fir de Klima, schlecht fir d’Biodiversitéit

Um 11. Dezember huet déi Europäesch Kommissioun de mat grousser Spannung erwaarten sougenannten Europäesche Green Deal ugekënnegt. Wann d’Dokument och vill Ustriewungen enthält fir dem Klimawandel entgéint ze wierken, sinn trotzdeem bal keng Moossnamen zum Schutz vun der Biodiversitéit opgelëscht.

Mam Zil fir bis 2050 den éischte klimaneutrale Kontinent ze ginn an natierlech Liewensraim ze schützen, hat déi frësch gewielten EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen versprach, bannescht den 100 éischten Deeg vun hirer Zäit am Amt ee Green Deal ze verëffentlechen, deen elo virun enger gudder Woch offiziell als „nei Wuesstemsstrategie“ ugekënnegt ginn ass.

D’Dokument bezitt sech virun allem op déi aktuell Klimakris an huet eng Rei Moossname fir den nohaltegen Iwwergang vun der Energiewirtschaft vu fossillen zu erneierbaren Energiedréier virweises. Bedauerlecherweis ass dat kritescht Thema vum Aarteréckgang bal net ugeschwat a konkret Handlungen zum Erhalt vun der Biodiversitéit an dem Ekosystem feelen.

Trotz diverse wichtegen an alarméierenden, rezent verëffentlechte Fuerschungsaarbechten (wéi den IPBES-Rapport) déi confirméieren, datt ronn eng Millioun Plazen- an Déierenaarte vum Ausstierwe bedreet sinn, huet déi Europäesch Kommissioun scheinbar net begraff, datt de Klimawandel an d’Biodiversitéitskris zwou Säiten op der selwechter Medail sinn. De Klimawandel huet Auswierkungen op all Ekosystemer a vum Mënsch ge- bezéiungsweis zerstéiert Ekosystemer beschleunegen Éischteres.

Dobäi ass scho laang bestätegt, datt intakt, biodivers Ekosystemer méi resistent géint negativ Aflëss, wéi Wiederextremer, sinn an dës och besser ofschwäche kënnen. Gesond Ekosystemer an déi vun hinne geliwwert Déngschtleeschtunge sinn deemno net just een effektiivt Instrument, mee ee Grondsteen zur Bekämpfung vum Klimawandel a senge Folgen a soumat essentiell fir eist Iwwerliewen. Doduerch miss(t)en Natur- a Klimaschutz mat der selwechter Prioritéit behandelt ginn, well wa mir eis Liewensraim fir Planzen, Déieren a Mënschen onbewunnbar maachen, hëlleft och d’Klimaneutralitéit net méi.

D’Natur an Europa gouf bis dato immens zerstéiert – dem muss elo ee Schlussstréch gesat ginn. De Green Deal muss also éischtens eng direkt wierksam an handlungsorientéiert Biodiversitéitsstrategie hunn. Zweetens ass dat am Deal beschriwwent Gesetz schwammeg, woubäi mir eng Rei un d’Gesetz gebonne Renaturéierungsziler brauchen, un déi sech all Memberstaaten hale mussen. Drëttens dreet d’Kommissioun an der Forstwirtschaft mat der Fërderung vun enger Plantagewirtschaft fir d’Bereetstelle vu Biomass fir Energie ze schafen, déi den Ekosystem vum Bësch just weider schwächen. Weder de Verloscht vun der biologescher Diversitéit, nach d’Klimaproblematik ginn dobäi berécksiichteg a béides kéint sech souguer verschäerfen.

Véiertens bleift den EU-Green Deal a punkto Landwirtschaft zimlech vage, mat onkonkrete Verflichtungen zur Nohaltegkeet, zur Reduzéierung vu Pestiziden an Düngemëttel, sou wéi zur Fërderung vum ekologesche Landbau. Déi dozou, wéi och zur Reduzéierung vun der Liewensmëttelverschwendung erwaarten Ziler si wuel ënnert dem Drock vun der Lobby geschmolt.

Besuergniserreegend ass och d’Behaaptung, datt 40% vum Budget vun der Gemeinsamer Agrarpolitik (GAP) zum Klimaschutz bäidroen, déi den Europäesche Geriichtshaff schonn am viraus als „Erfindung“ bezeechent hat. Ee weidert offesnichtlecht Versoen am Bezuch op d’Landwirtschaft sinn d0Feele vu Moossnamen zur Verréngerung vum Fleesch- a Mëllechkonsum.

Dobäi kënnt, datt de Green Deal bis op de Bësch an d’Séisswaasser, keng aner Ekosystemer ugeschwat huet, deenen hir Recuperatioun bezéiungsweis hire Schutz awer fir d’Bekämpfung vun der Klimakris an den Erhalt vun der biologescher Diversitéit noutwenneg sinn.

Zu gudder Lescht ass festzestellen, datt obwuel sech déi Europäesch Kommissioun zur Duerchsetzung vun Ëmweltschutzgesetzer verflicht huet, déi vun hinne virgeschloe Mëttel zum Groussdeel ineffektiv sinn. Fir déi längst bestoend a laut 2017er Fitness Check zweckméisseg Naturschutzgesetzer an Europa endlech ëmzesetzen, sollt d’Kommissioun als éischt seng Kapassitéite stäerken, fir konsequent géint d’Memberstaaten virzegoen, déi géint d’Gesetz verstoussen.

Virun allem no der enttäuschender UN-Klimakonferenz COP 25 zu Madrid war kloer, datt den europäesche Green Deal just ee gudden éischte Schrëtt an déi richteg Richtung ass. Trotzdeem schéngt d’Erkenntnis oder den Enthusiasmus ze feelen, den Aarteräichtum an eiser Natur- a Kulturlandschaft ze fërderen, souwuel géint de Verloscht u Biodiversitéit selwer, wéi och als effektiv Moossnam am Kampf géint de Klimawandel.

Och déi Lëtzebuerger Regierung huet um 6. Dezember eng éischt Kéier ee Klimaplang verëffentlecht. Dëst als „ambitiéis, innovativ a sozial gerecht“ bezeechent Dokument ass ee wichtegen, nationale Weebereeder zur Bekämpfung vun der aktueller Klimakris. An awer kënnt och hei d’Wuert Biodiversitéit keng eng Kéier vir.

Wier de sougenannten Nationalen Energie- a Klimaplang net nach méi ambitiéis wann déi erhalend Moossnamen déi real Drénglechkeet vun der Klima- a Biodiversitéitskris erëmspigele géifen? Wier de Klimaplang net nach méi innovativ wann en, nieft dem Fërderprogramm fir Bëschekosystemer, een ausgeschafften, holistesche Biodiversitéitsplang enthale géif?

natur&ëmwelt plädéiert fir eng CO2-neutral an aarteräich Zukunft.

Matgedeelt vun natur&ëmwelt – Iwwersat aus dem Däitsche vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aartenréckgang, Aartestierwen, Biodiversitéit, Ekosystem, Ëmwelt- a Klimapolitik, Energie- a Klimaplang, GAP, Green Deal, Klimakris, Klimawandel, natur&ëmwelt, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel