Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.
International Neiegkeeten

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna war vum 11. bis den

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?
International Neiegkeeten

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?

De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum

OGBL: Knapp derlaanscht ass och derlaanscht!
International Neiegkeeten

OGBL: Knapp derlaanscht ass och derlaanscht!

Am Kontext vun de Sozialwahlen hat sech déi gréisst Lëtzebuerger

Egypten: d‘Vente vun de giele Gilete gëtt vun der Police kontrolléiert

Egypten: d‘Vente vun de giele Gilete gëtt vun der Police kontrolléiert

En Dënschdeg hunn eis Geschäftsleit vu Kairo op eng droleg Moossnam opmierksam gemaach. Déi egyptesch Autoritéiten hunn de Verkaf vu giele Gileten ageschränkt. Dëse Symbol vun der sozialer Beweegung am Frankräich, steet elo ënner der Kontroll vun der Police.

Fënnef Händler aus Kairo hu bestätegt, datt de Verkaf vu giele Gileten nëmmen nach mat enger vun den Autoritéiten ausgestallte Geneemegung méiglech ass. Laut engem vun de Geschäftsleit „fir giel Gileten ze verkafen, muss ee gréng Luucht vum Quartierskommissariat hunn“. De Proprietaire vun engem anere Geschäft, war bereet „diskret“ e giele Gilet ze verkafen, huet awer gewarnt: „Verstoppt se! Dës Gileten ze verkafen, gëtt méi geféierlech wéi Drogen ze verkafen“.

„Et si Representante vun der nationaler Sécherheet komm, an hunn eis gefrot keng giel Gileten ze verkafen“, ënnersträicht en drëtten, deen d‘Ursaach kenne wëll: „Si hunn Angscht datt d‘Leit sech vum Mouvement a Frankräich ustieche loossen“. Laut engem Importateur dee vun der AFP konnt kontaktéiert ginn, huet d‘Regierung déi lescht Woch den Entreprisen, déi giel Gileten importéieren, den Uerder ginn, nach just Firmen ze beliwweren, net awer den Eenzelhandel.

Drastesch Moossnamen

Wéi eescht et der Regierung ass, net den Hauch vun enger Kontestatiounsbeweegung opkommen ze loossen, beweist den Uerder vun der egyptescher Justiz. Si huet en Dënschdeg 15 Deeg Haft géint de Mohamed Ramadan – en Affekot vun deem bekannt ass, datt hie sech fir Mënscherechter asetzt – verhaangen. Begrënnung: „Bedreeung vun der nationaler Sécherheet“.

Den Affekot, deen e Méindeg zu Alexandria vun den Autoritéite festgeholl ginn ass, gëtt virgeworf op Facebook eng Adresse verëffentlecht ze hunn, wou d‘Awunner vun Alexandria sech giel Gilete besuerge kënnen. Dat huet eis säin Affekot, der Maître Abdelrahman al-Gohary matgedeelt.

Am Frankräich hunn déi „giel Gileten“ hire Ursprong am Mëttelstand an den populäre Klassen, an hire Numm begrënnt sech op der Faarf vun de Sécherheetsvesten, déi laut Code de la Route, all franséischen Automobilist muss mat sech féieren. De Protest deen elo säit bal fënnef Woche ganz Frankräich an d‘Iwwerséigebidder am Grëff huet, riicht sech géint dem Emmanuel Macron seng Sozial- a Steierpolitik. E Mouvement ouni Koordinatioun, ouni erkennbare Leader…

Preventiv Repressioun

An Egypten kann een net, wéi bei eise franséischen Noperen, einfach esou op d‘Strooss goen. Hei brauch et d‘Autorisatioun vun der Police. D‘Beschränkung vum Verkaf vun de giele Gileten, muss mam 8. Anniversaire vun der „Januar-Revolte“ (2011) a Verbindung gesat ginn. Deemools war den Autoritäre President, Hosni Mubarak, no massivem Protest „gestierzt“ ginn. Well sech déi politesch Situatioun an dësem nordafrikaneschem Land net gebessert huet, huet d‘Regierung „Angscht“.

Eng Angscht déi berechtegt schéngt, well et an de sozialen Netzwierker Rumeuren an Appeller ze Manifestéiere gëtt. Manifestatiounen déi net geneemegt sinn. Déi selwecht Autoritéiten, haten och eng gréisser repressiv Campagne géint de Mouvement vun de „Moslemesche Bridder“, eng radikal islamesch Brudderschaft, déi als „terroristesch Organisatioun“ erkläert gouf, ageleet. D‘Repressioun ass uschléissend op all Zort vu politesche Militanten a supposéiert Dissidenten ausgebreet ginn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Egypten, giel Gileten, gilets jaunes, Mënscherechter, Mohamed Ramadan, moslemesch Brudderschaft, Repressioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel