Search

You may also like

Lëtzebuerg preparéiert sech op de Coronavirus
International Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerg preparéiert sech op de Coronavirus

Ënnerhalb vun enger 20 Deeg konnt den Europäeschen Zentrum fir

Iechternach: Nostalgesch verdreemt an eng alternativ Zukunft kucken.
International Neiegkeeten Stories

Iechternach: Nostalgesch verdreemt an eng alternativ Zukunft kucken.

Och dëst Joer war et den Weekend vum 4. August

History T’Ouren zu Aasselbur: Ennerwee um Postrelais
International Neiegkeeten Stories

History T’Ouren zu Aasselbur: Ennerwee um Postrelais

Wousst Dir, datt de Bréifwiessel viru ronn 500 Joer tëscht

Egypten verdeedegt déi ëffentlech Moral

Eng jonk Fra soll dräi Joer an de Prisong gespaart ginn, well si en Danz op TikTok gepost huet

Egypten verdeedegt déi ëffentlech Moral

D‘Rechter vun de Fraen am arabesche Raum waren nach ni gutt. Vun de reliéise Leader denigréiert an vun der Politik kriminaliséiert… ëmmer méi Frae ginn an Egypten wéinst Internet-Posts bedreet, jo mëttlerweil och zolidd juristesch bedreet.

Esou och de Fall vum Manar Sama, eng jonk Fra déi gären danzt an hir Performance op TikTok verëffentlecht. Hire Clip, an deem d‘Manar Sama zu engem populäre Lidd danzt, huet um Videoportal dausende „Likes“ erhalen. Hir „Erscheinung“ allerdéngs huet d‘Hidder vun der Moral veriergert. Bauchfräie Shirt a rout gefierfte Lëpsen, e schlëmmeren Affront ass kaum virstellbar.

An esou huet den Affekot Ashraf Farahat dat eenzeg richtegt gemaach, an d‘Manar Sama fir hiert onméiglecht Behuele verklot. D‘Staatsanwaltschaft zu Kairo huet d‘Plainte opgeholl an en Haftbefehl géint déi jonk Fra ausgestallt. Hiert „Verhalen“ hätt en „immense Schued an der egyptescher Gesellschaft ugeriicht“. Déi ëffentlech Moral dierf ee jo och net esou schiedegen.

D‘Argumentatioun vum Affekot

Laut dem Ashraf Farahat sinn déi vum Manar Sama verëffentlecht Videoe verwerflech, well sech d‘Éier vun engem Meedchen net nëmmen op seng Jongfralechkeet begrenzt, mee op dat gesamt Verhalen. „Ee Meedche soll Schamhaft sinn. Dat ass Éier. Wann ech mäi Kierper anere Mënsche weisen, dann hunn ech keng Éier“. D‘Geriicht ass dëser Argumentatioun nokomm, an huet déi jonk Fra zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer verurteelt.

Egypten

De radikalen Affekot a Kläger Ashraf Farahat schéngt nawell ee grousse Fan vun der Plattform TikTok ze sinn, zumindest verbréngt hie vill Zäit domadder jonk Egypterinnen op dësem Site ausfënneg ze maachen. Schonn zwielef Frae konnt hien ausmaachen a viru Geriicht bréngen. Et geet him ëm Moral a Politik. Jo och ëm Politik, hie wëll Kandidéieren an de Slogan vu senger Wahlcampagne „Maacht Propper! – Ons Message un d‘Gesellschaft ass: Korrigéier déi Verhalen“. (Illustratioun: © Nathasja Vermaning / unsplash)

Wat no eisem Verständnis „witzeg an onverfänglech“ ass, féiert an Egypten also direkt an ouni Ëmwee hanner Gitter. Meenungsfräiheet, Selbstbestëmmung an méi generell „Spaass a Freed um Liewen“ ze hunn, da verstéisst géint dat männlecht Versteesdemech. Männer bestëmmen nach ëmmer wat „Fra dierf“ an si maachen och d‘Gesetzer. Aus strikt wirtschaftlechen Interessen, gëtt esou eppes dann och net vum westlechen Ausland a Fro gestallt.

Wien ass d‘Manar Sama?

Déi jonk Fra huet eng Zäitlaang als Stewardess geschafft iert si als Modell opgetrueden ass. Si huet TikTok entdeckt wou si séier zur Influenzerin erugewuess ass. Si huet dausende „Follower“ an no „eisem Versteesdemech“ näischt Verwerfleches ugestallt. Dem Manar Sama seng Mamm Hayat Mohammed ass eng reliéis Fra mat konservative Wäerter, a versteet selwer net wat hei geschitt.

„Meng Duechter huet näischt Onzüchteges gemaach. (…) Et gëtt näischt datt een him zum Virworf maache kann, näischt datt ee géint si verwenne kéint. Et gëtt keng fräizügeg Fotoen“, esou dem Manar seng Mamm op Nofro. Hiren Affekot Ashraf Nagy huet folgerichteg Appell géint dëst jo awer fir eis onverständlecht Urteel agereecht. An d‘Kausa Manar Sama ass keen Eenzelfall

Wourëms et geet

Schonn d‘Sama el-Masry war zu dräi Joer feste Prisong verurteelte ginn. D‘Virwërf waren identesch: ze vill Haut, Verstouss géint déi ëffentlech Moral an d‘Wäerter vun der Famill. Den Ashraf Nagy huet eis erkläert, datt de Paragraf zu de „Wäerter vun der Famill“ en Instrument vun der Justiz ass, mat deem der Willkür keng Grenze gesat sinn. Et geet däitlech ëm Ënnerdréckung.

„Wat sinn d‘Wäerter vun der Famill? Si si vu Famill zu Famill ënnerschiddlech. Et gëtt Familljen déi loossen hir Meedercher ouni Kappduch aus dem Haus, d‘Hoer oppen am Wand, mat Shorts oder Minijuppen. An et gëtt Familljen do dierfen sech d‘Meedercher nëmme vollverschleiert am ëffentleche Raum weisen“, esou de Ashraf Nagy, deen nach eng interessant Info bereet hält.

„Keng vun den ugekloten a verurteelte Frae war politesch aktiv oder huet sech jeemools gesellschaftskritesch geäussert. Als Influenzerinnen hu si eege Carrièren ageschloen, och fir finanziell onofhängeg ze sinn. Dës Justiz huet de Fraen hir Liewensentwërf zerstéiert“, betount den Affekot vum Manar Sama. An den Ashraf Nagy ass net deen eenzegen, deen dat a Fro stellt.

Fraerechtsaktiviste scho länger alarméiert

Zu der Well u Kloe géint Frae stellt d‘Ghadeer Ahmed, eng renomméiert Fraerechtlerin, fest: „Nieft der konkreter Ënnerdréckung huet dat Ganzt och ee sexisteschen Aspekt. Jonk Männer déi op TikTok posten, ginn net ugeklot. De Mann dierf posten an Haut weisen, d‘Fra net“. Si geet nach ee Schratt méi wäit a bezitt sech op d‘Motivatioun hannert dëser „Juegd op Fraen“.

„Mat dësen Urteeler geet et natierlech och drëms, déi sozial Verhältnisser an Egypten weider ze zementéieren. De Staat profitéiert dovunner, well esou bleift de soziale System erhalen. Jiddereen op senger Plaz, jiddereen a senger Klass. D‘Frae follegen de Männer an wann se net follegen, da wäerte mir (d‘Justiz) bei dësem Thema agräifen“, esou d‘Ghadeer Ahmed.

Egypten: eng anachronistesch Gesellschaft

Mee weder d‘Argumenter vum Affekot Ashraf Nagy nach der Fraerechtlerin Ghadeer Ahmed fannen am haitegen Egypten Zousproch. D‘Medien déi der Regierung nostinn, hu massiv a mat vill Äifer d‘Virgoe vun der Justiz begréisst an déi jonk Fraen als „Houeren“ verkläert, well déi mat hiren entbléiste Biller am Internet och nach Geld verdéngt hätten. Bei Korruptiounsaffären an deene Männer aus Politik a Wirtschaft verwéckelt sinn ass den Toun wesentlech méi gemässegt.

Interessant och de Constat, datt vill jonk Egypter sech de moralesche Virstellunge vu Relioun, Justiz a Regierung ganz oppen uschléissen. Eng jonk Damm verurteelt d‘Optrëtt an de soziale Medien an ass ganz Frou, datt d‘Justiz dergéint vir geet an d‘Meedercher an de Prisong stécht. „Si dinn sech an de Videoen aus… Do ass eent dat huet Spaghetti-Träger a kuerz Boxen un. Esou eppes geet net“, mengt d‘Menna Saber, eng jonk Fra mat ganz besonnescher Siicht op d‘Rechter vun der Fra…

mat indymedia/tlv

Foto: Wat an Egypten erlaabt ass a wat net, datt entscheeden nach ëmmer d‘Männer. Männer wéi den Affekot Ashraf Farahat, hunn sech als Liewenszil gesat, d‘Fraen a ganz besonnesch déi jonk Meedercher ze züchtegen, esou wéi hei d‘Manar Sama, dat vun de regierungstreie Medien als Houer ofgestempelt ginn ass. Si hunn et begréisst, datt déi jonk Fra zu dräi Joer Prisong verurteelt gouf. (Source: TikTok)

Related topics Ashraf Farahat, ëffentlech Moral, Egypten, Fraerechter, Justiz, Manar Sama, Selbstbestëmmg, TikTok
Next post Previous post