Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sécher ënnerwee?
Fail International dating second cousins

https://moien.lu/clever-dating-bios/

Och dëst Joer bedeelegt sech den ACL nees un der

https://moien.lu/is-internet-dating-harmful-speech/
Fail International dating second cousins

E Kaméil an der Wüst

Am US-Representantenhaus hu mëttlerweil net méi eleng d‘Demokraten es mat

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas
Fail International dating second cousins

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas

Op der Grenz tëscht Mexiko an den USA, hat et

dislike

Egypten veruerteelt 14 Männer wéinst anormale sexuelle Relatiounen

Egypten veruerteelt 14 Männer wéinst anormale sexuelle Relatiounen

E Sonndeg huet e Geriicht vu Kairo 14 Männer, déi homosexuell solle sinn, zu dräi Joer festem Prisong veruerteelt. Déi beschëllegt gi bestrooft fir d‘Ausübe vun anormale sexuelle Praktiken, esou ee vun den Affekote vun der Verdeedegung.

Déi betraffe Männer konnte géint d‘bezuele vun enger Kautioun vun 5.000 egyptesche Pond (230 Euro) op fräie Fouss gesat ginn, nodeems vum Geriicht de Recours (Appell) zougelooss ginn ass, esou den Affekot Ishaq Wadie.

Dräi weider Beschëllegt konnten aus Grënn vun der Prozedur um Sonndeg net jugéiert ginn. De Prozess fir si ass op en nach festgeluechten Dag verréckelt ginn

De Mënschen Angscht maachen

Et war am Oktober, wou d‘Police an der egyptescher Haaptstad eng Rei u Verhaftunge virgeholl huet. De Parquet beschëllegt dës Leit anormal sexuell Relatiounen ze hunn – also homosexuell ze sinn – an aner Mënschen zur Unzuucht ze verleeden.

Déi egyptesch Autoritéiten hunn eng grouss repressiv Campagne géint d‘LGBT-Communautéit (Lesben, Schwuler, Bisexueller an Transgender) lancéiert, nodeems Enn September nom Concert vum libanesesche Grupp „Mashrou‘ Leila“, Leit Reebou-Fändele geschwenkt haten.

Fir d‘Autoritéiten, déi d‘schwenke vun de Reebou-Fändelen als „eendeitegt Bekenntnis“ zu enger „anormaler“ sexueller Ausriichtung ugesinn, wier en haart Duerchgräifen néideg. Si hätte mat de Verhaftungen déi ëffentlech Sécherheet verdeedegt.

Homosexualitéit net vum Gesetz verbueden

Déi Beschëllegt sinn vun der Police ënner „héchster Sécherheet“ op d‘Uklobänk gefouert ginn, wou hinnen d‘Uerteel verkënnt ginn ass. Dat bestätegen och Quelle vu Justiz a Police. Observateure schwätzen dann awer éischter vun enger „Virféierung“; eng onmëssverständlech „Warnung“.

Kee Paragraph am egyptesche Gesetz verbitt d‘Homosexualitéit u sech. Fir awer géint „eppes“ virzegoe wat hinnen aus reliéise Grënn zuwidder ass, notzen d‘Autoritéiten an d‘Geriichter d‘Passagen iwwer „Unzuucht“ a „Prostitutioun“.

Dat ass wuel en „Ëmwee“, mee erlaabt et hinnen d‘Relatiounen ënner Gläichgeschlechtlechen, haaptsächlech Männer, ënner Strof ze stellen. An dat ass am islamesch gepräägten Egypten keng Bagatelle.

Net u Mënscherechter interesséiert

Ufank vum Mount hat Amnesty International (AI) e Gesetzprojet veruerteelt, an deem virgeschloe ginn ass Homosexualitéit ënner Strof ze setzen. AI hat de Virschlag als „äusserst diskriminatoresch“ bezeechent an als „Réckschlag fir d‘Mënscherechter“ qualifizéiert.

Am Oktober haten egyptesch Deputéiert e Gesetzprojet virgeluecht, an deem Strofe vun engem bis fënnef Joer (bei Réckfall) feste Prisong gefuerdert ginn. Dat fir Leit déi eng sexuell Handlung mat Gläichgeschlechtleche vollzunn hunn.

Bedauerlech ass festzestellen, datt weder d‘Presidence nach d‘Regierung sech „ëffentlech“ zu dëser Situatioun wëllen äusseren.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Egypten, Homosexualitéit, LGBT, Mënscherechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel