Search

You may also like

Fräi Allianz: Wann d’Fäischt op de soziale Medien fléien (eng Analys)
Neiegkeeten

Fräi Allianz: Wann d’Fäischt op de soziale Medien fléien (eng Analys)

Nodeems déi nei liberal ausgeriicht Partei mam Numm Fräi Allianz

LSAP-Kongress: d‘Zukunft läit an der Erneierung
Neiegkeeten

LSAP-Kongress: d‘Zukunft läit an der Erneierung

Um Dënschdegowend huet et zu Käerjeng beim LSAP-Kongress eigentlech nëmmen

Léif Nopeschlänner, kiert emol virun Ärer eegener Dier!
Neiegkeeten

Léif Nopeschlänner, kiert emol virun Ärer eegener Dier!

Nodeems de Covid-19 zu Lëtzebuerg ukomm ass, huet d’Regierung schnell

Vill eidel Geschäftsraim zu Esch-Uelzecht ginn engem ze Denken

No engem Tour duerch déi Escher Geschäftswelt leschte Méindeg, huet eis Fotografin just déi fräi, also éischter déi ongenotzt, Geschäftsfläche mat der Kamera agefaangen. Hei gouf dann emol eng Bestandsopnam vun der Uelzechtstrooss an den onmëttelbare Stroosse gemaach.

Esch Uelzecht, déi Stad wou sech mam Projet „Esch2022“ op hir féierend Roll als Kulturhaaptstad am Joer 2022 virbereet, schéngt nawell ee Problem ze hunn, besonnesch déi méi kleng Enseignen a senger jo awer soss ganz lieweger Foussgängerzon, ophuelen ze kënnen. Gutt, hei kann een de politesch Verantwortleche kee Stréck dréinen, déi sinn éischter Proaktiv ënnerwee a maache wat si kënnen, dëse Geschäftsberäich attraktiv ze halen.

Bleift d‘Fro, firwat ëmmer méi Geschäftsraim eidel stinn, an och zu allem Iwwerfloss ëmmer méi Geschäfter zoumaachen. Den Elektro-Kill an der Garer-Avenue, eent vun den eelste Geschäfter mat enger laanger Geschicht ass ewell zou. Mee och de Buttek mat Dekoratiounsartikel „Butlers“ an der Uelzechtstrooss huet „Liquidatioun“ ugemellt. Et spillen hei vill verschidde Grënn eng Roll: esou ass et an éischter Linn den héije Loyer, deen als Ursaach genannt gëtt.

Geschäftsraim

© Martine de Lagardère / moien.lu

Mee natierlech huet och de Confinement vu gutt dräi Méint hei seng Spueren hannerlooss, a méi generell gesinn, huet och d‘Kafkraaft vun de Residenten an de leschte Jore gelidden. D‘Loyere fir Wunnenge loosse kaum Spillraum fir Extravaganzen an esou feelt net un de Leit an de Stroossen, mee u leit an de Geschäfter. Déi Leit déi aus dem Frankräich kommen, decken sech mat Tubak a Bensin direkt op der Grenz an, bis an d‘Uelzechtstrooss kommen déi net.

An dann ass do och nach deen net esou ganz gudde Ruff vun der Minettemetropole, dee mat sech bréngt, datt Entrepreneuren nach eppes méi genee op d‘Ënnerhaltskäschte vun esou engem Buttek kucken. Laut „engem dee sech auskennt“ kann en Operstoe vun der Foussgängerzon nëmmen da realistesch a betruecht gezu ginn, wann elo och d‘Proprietären hiert derzou bäidroen an sech eppes mat hire Fuerderungen zeréckhalen a firwat net och encouragéieren.

Geschäftsraim

© Martine de Lagardère / moien.lu

Säitens der Gemeng, esou dëse frëndlechen Här, wier et net verkéiert sech ze iwwerleeën, wann ee schonn Opwand bedreift, fir dat mat der Kultur an de Grëff ze kréien, och hei nei Weeër ze goen. Et wier beispillsweis net verkéiert am Stil vun der Haaptstad sech de System mat de „Pop-up-Storen“ méi genee unzekucken, a vläicht eng Versammlung anzeberuffen, wou déi sëllege Proprietäre géifen ageluede ginn, fir hir Virstellungen dem Schäfferot virzeleeën.

Jo et dierft eng haart Noss sinn iwwerhaapt den Dialog op d‘Been ze stellen, mee ee Versuch sollt et engem Wäert sinn. Et ass jo gewosst, datt eis nach eng Wirtschaftskris bevirsteet, an och déi kann een nëmmen zesummen a solidaresch iwwerwonne kréien. Aus dësem Grond wier et u sech vernënfteg léiwer ee raisonnabele Loyer ze fuerderen, wéi guer kee Loyer anzekasséieren. Woubäi jo elo Maueren och Geld Wäert sinn, wa se eidel stinn…

Opmaacherfoto & Galerie: © Martine de Lagardére / moien.lu

Related topics Eenzelhandel, Eidel Geschäfter, Esch-Uelzecht, Geschäftsleit, Uelzechtstrooss
Next post Previous post