Search

You may also like

Winterlights 2018 – eis Haaptstad a magescher Chrëschtdagsstëmmung
International Neiegkeeten

Winterlights 2018 – eis Haaptstad a magescher Chrëschtdagsstëmmung

De Programm vum Winterlights 2018 steet fest a gouf Ufank

Och wa Liewensmëttel ewechgehäit ginn dierf ee sech se net uneegnen
International Neiegkeeten

Och wa Liewensmëttel ewechgehäit ginn dierf ee sech se net uneegnen

D‘Studentinne Franziska S. (26) an Caroline K. (28) waren am

Nei Biller vum Prënz Charles – 3 Generatioune vereent
International Neiegkeeten

Nei Biller vum Prënz Charles – 3 Generatioune vereent

Nodeems den Prënz Charles um 10. Mee 2020 déi groussherzoglech

600 Deeg ouni Regierung, eis belsch Noperen si motivéiert…

600 Deeg ouni Regierung, eis belsch Noperen si motivéiert…

Dräi Communautéiten, vun deenen sech der zwou Spannefeind sinn, e Kinnek deen ufänkt seng Gedold ze verléieren an ee Vollek dat sech eng Regierung wënscht: dat ass d‘Belsch. An déi stellt grad en neie Rekord op, well 600 Deeg ouni Regierung (an en Enn ass net ofzegesinn) dat hat et esou bei eisen Noperen, déi villes gewinnt sinn, bis ewell och nach net ginn.

Op Nationalfeierdag, den 21. Juli, hat de belsche Kinnek Philippe d‘Politik ermahnt sech dach elo endlech zesummen ze räissen: „Et gëtt Momenter an deenen d‘Geschicht net ofwaart. (…) Dat ganzt Land fuerdert elo eng entscheedend a stabil Regierung, enttäuscht et net“, esou de Monarch, deem keng Zouversiicht am Gesiicht ofzeliese war. An säi schlecht Gefill sollt sech bestätegen.

Ee Mount no senger „Fuerderung“ muss de Kinnek Philippe feststellen, d‘Leader vun den zwou wichtegste Parteien hunn et alt nees net hikritt sech op iergendeppes ze verstännegen. Si hunn, et schéngt scho bal eng Traditioun ze ginn, elo dem Monarch hire Récktrëtt ugebueden. De Charles Michel, deen en Expert doranner ass, dierft sech a sengem EU-Exil als Rotspresident amuséieren.

Dobäi wier et ugesiichts enger ugespaanter Wirtschaftslag an dem nach ëmmer grasséierende Virus Covid19 méi wéi héich Zäit, sech op ee politesche Waffestëllstand tëscht Flammänner a Wallounen ze verstännegen. Gutt zanter Mäerz hunn eis streidereg Noperen eng „Noutregierung“ déi vun der liberaler Sophie Wilmès geleet gëtt, an bis heihinner eng erfollegräich Aarbecht Opweises huet.

Wat ee Gedeessems

D‘Ministerpresidentin Sophie Wilmès beweist allerdéngs, datt d‘Belsch ganz gutt ouni Regierung eens geet an et gëtt een dem Gefill net lass, datt eis Nopere schlicht an ergräifend guer net un enger Regierung interesséiert schéngen. D‘Parteie kënnen, esou eng vun de Léiere vun der sanitäre Kris, wann et drop ukënnt, ganz gutt an esouguer effizient zesummeschaffen. Also ass jo alles gutt, oder?

Jo nee et ass eben net gutt, well dem Sophie Wilmès säi Mandat leeft am September aus. Dorausser ergëtt sech, datt et héich Zäit géif ginn, wéinstens de Versuch ze maachen sech iwwert den Dialog fir d‘Zukunft opzestellen. Mee wéi gesot, d‘Bierger selwer schéngen, wéi d‘Parteien och, wéineg bis guer keen Interessi ze hunn. A wann ee sech beim Vollek ëmhéiert kann engem Baang ginn.

Vill jugendlecher am flammänneschen Deel vum Land wëssen tatsächlech net emol, datt et eng nei Premierministesch gëtt. Deene méi „eeleren“ geet et vëlleg duer, datt et an de Regioune wéi och an de Sproochgemeinschafte rullt. Dat ass och de Fall bei de Parteien, déi emol als éischt d‘Interesse vun hire Communautéite verdeedege wëllen an vun enger federaler Regierung wäit ewech sinn.

A well net wierklech dovunner auszegoen ass, datt sech déi ongläich „Bridder a Schwësteren“ am nach zur Verfügung stoenden Zäitraum wäerten eens ginn, dierft nach dëst Joer zu Neiwahle kommen, déi mat allergréisster Wahrscheinlechkeet net zur enger politescher Konstellatioun wäert féieren, déi eng Regierungsbildung méiglech mécht. De belsche Monarch kann engem Leed doen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: Jose Jesus Herrerias Garcia / Pixabay

Related topics Belsch, Federal Regierung, Flammänner, Kinnek Philippe, Sophie Wilmès, Wallounen
Next post Previous post