Search

You may also like

Een Trump fir ee besaten Territoire
International Neiegkeeten

Een Trump fir ee besaten Territoire

Et huet een esou villes vum Donald Trump kritt: d‘Unerkennung

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot
International Neiegkeeten

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot

Um Méindeg huet de lëtzebuergeschen Ausseminister zu Bréissel um EU-Ausseministerrot

En neie Logo kréint d’Reform vun de Rettungsdéngschter
International Neiegkeeten

En neie Logo kréint d’Reform vun de Rettungsdéngschter

Um Méindeg huet den Inneminister Dan Kersch de neie Logo

Coronavirus: Eis franséisch Nopere verzeechnen eng nei Spëtzt

Den Taux vu positiven Tester huet tëscht dem 16. an 22. August 3,7% erreecht, Tendenz steigend

Coronavirus: Eis franséisch Nopere verzeechnen eng nei Spëtzt

Um Dënschdeg 25. August huet d‘Gesondheetsdirektioun (DGS) matgedeelt, datt den Taux vun den Neiinfektiounen iwwer 3.000 Geklommen ass. Haten eis Noperen en Méindeg nach 1.955 Fäll gemellt, esou waren et der 3.304 um Dënschdeg. Bei den Tester weist d‘Tendenz och stramm no uewen, wou tëscht dem 16. an 22. August 3,7% vun de geteste Persoune Covid19-Positiv waren.

Géintiwwer dëser zolitter Hausse gi regional d‘Mesure nees verschäerft. Esou an de Bouches-du-Rhône an zu Marseille. An der Hafestad muss ab haut den Owend 23 Auer um ganzen Territoire d‘Gesiichtsmask och am ëffentleche Raum ugedoe ginn. Eenzeg Kanner ënnert 11 Joer si vun dëser Mesure ausgeholl. Restauranten, Bistroen an Epicerie mussen tëscht 23 a 6 Auer zoumaachen.

NopereD‘Moossname betreffend d‘Restauratioun an den Handel gëllen dann och fir den Ensembel vum Departement. An de Bouches-du-Rhône läit den Incident-Taux bei 131 op 100.000. Am Juli huet dëse bei 25 op 100.000 geleeën. Zu Marseille ass et nach eppes méi schlëmm mat 177, géintiwwer 33 Enn Juli. D‘Verschäerfung vun de Moossnamen ass folgerichteg éischter noutwenneg.

Déi aner Woch ass Schoulrentrée

An der Sëtzung vum „Conseil de défense sanitaire“ huet d‘Exekutive, trotz dem Appell vu villen Oppositiounsparteien a Gewerkschaften, entscheet de Schüler zur Schoulrentrée déi nächst Woch, keng Maske gratis zur Verfügung ze stellen. D‘Iddi wier sécherlech Nobel, mee hei misst een dann awer de Realitéite Rechnung droen. Esou eppes wier um logisteschen Niveau net ze leeschten.

NopereD‘Regierung weist zudeem drop hin, datt 1,2 Masken an de Schoule musse fir d‘Enseignanten a sonstegt Personal bereetgestallt ginn. Et géif awer selbstverständlech Léisunge fir d‘Noutfäll. De President Emmanuel Macron huet no der Sëtzung vum Conseil nach emol ënnerstrach, datt et zu klore Reegele fir dat ganzt Land kënnt, fir am Vertrauen an d‘Schoul oder op d‘Schaff ze goen.

Eppes geknéckt sinn eis franséisch Nopere wéinst dem Fait, datt elo Berlin d‘Regiounen Île-de-France a Provence-Alpes-Côte d‘Azur zu Geforenzonen erkläert hunn. Wien aus dëse Géigenden heem reest, muss sech engem Covid19-Test ënnerzéien an zousätzlech dozou eng Quarantaine vu 14 Deeg anhalen. Allgemeng awer hätt een unhand den Infektiounszuele scho Versteesdemech.

mat indymedia/par

Illustratioun: © Léonard Cotte / unsplash

Related topics Covid-19-Tester, Covid19, Emmanuel Macron, Frankräich, Preventioun, Schoulrentree
Next post Previous post