Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg

Gëschter Owend koum et op der Beeforter Äispist zum Revaliteits-Match

Mat der „Voiture“ an den „Te Deum“ (Kommentar)
International Neiegkeeten

Mat der „Voiture“ an den „Te Deum“ (Kommentar)

Te Deum ass Latäin a bedeit esouvill wéi „Gott, mir

Nom Brexit: d‘Europäer ginn „normal“ Auslänner
International Neiegkeeten

Nom Brexit: d‘Europäer ginn „normal“ Auslänner

Déi britesch Premierministesch, Theresa May, huet nei Immigratiouns-Reegele fir dat

Wéi en Impakt huet de Klimawandel op eis Grondwaasserspäicher?

Fuerscher warnen datt sech déi an Zukunft net méi opfëlle kënnen

Wéi en Impakt huet de Klimawandel op eis Grondwaasserspäicher?

An der online Zeitung „nature climate change“ huet e Grupp vu Fuerscher ronderëm den Mark O. Cuthbert vun der Universitéit Cardiff eng Etüd verëffentlecht, aus där ervirgeet, datt eis natierlech Grondwaasserspäicher um verdréchne sinn. Géif et mam Klimawandel esou viru goen, da kéinten iwwert déi nächst 100 Joer, nëmmen nach d‘Hallschent vun de „Reserven“ nees opgefëllt ginn.

Eng Ausso déi, ugesiichts extremen Nidderschléi vun deenen ëmmer nees bericht muss ginn, deen een oder anere verwonneren dierft. De Problem läit awer an den ëmmer méi heefegen a laangen Drécheperioden. Déi verhënneren datt sech eis Grondwaasserspäicher erhuele kënnen. D‘Folge selwer, esou d‘Fuerscher, géifen sech allerdéngs mat grousser Verzögerung bemierkbar maachen.

An Europa huet d‘Wëssenschaft och scho virun den Auswierkunge vum Klimawandel op eis Grondwaasserreserve gewarnt. An Däitschland huet de Wiederdéngscht 2018 zum „wäermsten“ Joer säit et Opzeechnunge gëtt (1881) deklaréiert. Meteorologen hate virdru schonn den Dezember 2016 als deen dréchenste Mount zanter 53 Joer nogewisen. Dat verdäitlecht de Problem…

Reen a Reen ass net datselwecht

Wann sech eis Grondwaasserspäicher trotz heftegsten Nidderschléi net erhuelen, esou gëtt et dofir eng einfach Erklärung: bei engem grousse Schluet fléisst d‘Waasser iwwerflächlech of, och da wann et plazeweis zu Iwwerschwemmunge kënnt. D‘Waasser brauch nu emol Zäit fir an déi déif Äerdschichten anzedréngen. Bei eemolegem Staarkreen ass dat erwisenermoossen net de Fall.

Fir d‘Fuerscher bedeit dat, datt hei eng Katastroph op d‘Mënschheet duer kënnt, déi, nëmme well se schwéier duerzestellen ass, net eescht geholl gëtt. Grondwaasser awer, ass fir d‘Mënschheet eng Fro vum Iwwerliewen, well et Joerzéngte brauch bis de Reen säi Wee duerch d‘Äerdschichten – déi als Filter déngen – an d‘Grondwaasserspäicher fonnt huet. Jee no Regioun kann et méi laang daueren.

De Mark O. Cuthbert bedauert datt sech d‘Mënschheet dësem Problem net bewosst ass, an d‘Politik deem bewosst aus de Féiss geet. Et wier net an de Käpp ukomm, well Grondwaasser engem net all Dag virun Ae gefouert gëtt. Dobäi ass dës „verstoppte“ Ressource eng vun de wichtegsten op déi de Mënsch ugewisen ass. Spueren, drop uecht doen an et net verseuchen, ass eis eenzeg Optioun.

mat indymedia/lax/chi/bru/ams

Ähnlech Sujeten Drécheperioden, Fuerschung, Grondwaasserspäicher, Klimawandel, Waasser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel