Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord
Neiegkeeten Sport

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord

D’Resultater vun de Wahle vum 14.Oktober hunn zum Fortféiere vun

surprise
Reformen a Gesetzer: déi nei Dispositioune fir 2018
Neiegkeeten Sport

Reformen a Gesetzer: déi nei Dispositioune fir 2018

Et si Gesetzer gestëmmt a Reformen duerchgesat ginn. Dat heescht,

Editorial: Mythos Tanktourismus
Neiegkeeten Sport

Editorial: Mythos Tanktourismus

Um 28. Mee war d’Martina Holbach, vun der Plattform „Votum

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de siwenten Dag

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de siwenten Dag

Gëschter hunn den Arthur Kluckers an den Nicolas Kess hir zweet Platz an der Gesamtwäertung vum „MTB Cross Country – Shot Circuit“ verdeedegt.

No de Virleef konnt sech den Nicolas Kess an der Finall eng super 3. Platz sécheren. Den Arthur Kess beleet Platz 18. Domat konnten déi zwee jonk Sportler erëm wichteg Punkte fir d’Teamwäertung sammelen. D’Final huet den Erik Fetler (HUN) gewonnen.

Eis Dammen Nina Berton a Laetitia Maus beleeë Platz 12 (Virlaf 1) a Platz 14 (Virlaf 2) beim „MTB Cross Country – Short Circuit“. Lieder geet et net duer fir d’Final. D’Laura Stigger (AUT) konnt dëst Joer d’Goldmedaile fir sech gewannen.

Haut um 18:00 Auer Lëtzebuerger Zäit steet déi grouss Final fir d’Hären um Programm. Hei gëllt et dem Nicolas an Arthur d’Daumen ze drécken. Si hunn d’Chance tatsächlech eng Medail ze gewannen. Eis Damme starten hir läscht Course um 16:00 Auer.

Foto: lénks Nina Berton © UCI, riets Laetitia Maus © COSL

Ähnlech Sujeten Arthur Kluckers, Buenos Aires, Laetitia Maus, Nicolas Kess, Nina Berton, Olympesch Jugendspiller, Olympia, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel