Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Linkin Park: Suicide vum Chester Bennington bestätegt
Kultur Neiegkeeten Stories

Linkin Park: Suicide vum Chester Bennington bestätegt

De Sänger vun der Metall-Band „Linkin Park“, Chester bennington huet

Den ‘natur musée‘ a seng geckeg Vullen!
Kultur Neiegkeeten Stories

Den ‘natur musée‘ a seng geckeg Vullen!

Den Nationalmusée fir Naturgeschicht huet mat 3.500 Exemplairë vun 1.300

Wahlen am Afghanistan si Liewensgeféierlech
Kultur Neiegkeeten Stories

Wahlen am Afghanistan si Liewensgeféierlech

Nodeems et e Samschdeg, wéinst Gewalt an Dysfonctionnementer, net allen

Eis Schueberfouer – Vun der Wuerzel bis zur Fruucht

Eis Schueberfouer – Vun der Wuerzel bis zur Fruucht

Haut den Owend ass et nees esou wäit: Mat der offizieller Aweiung vun der Schueberfouer gëtt nees dat gréisst nationaalt Volleksfest op gemaach. Wärend 20 Deeg kënne Kleng a Grouss sech no Häerzensloscht amuséieren, Adrenalin tanken an eppes schneeke goen. Mee wisou gëtt et d’Fouer eigentlech a wéi huet sech déi riseg Kiermes entwéckelt?

Fänke mir emol ganz vir un

Scho säit der Antik war all Zort vun Ënnerhalungsméiglechkeete beléift. Eréischt am Mëttelalter sollten sech déi éischt Plazen an Europa entwéckelen, op deene gefeiert a sech amuséiert sollt ginn. Mat der Zäit huet sech d’Ausgesi vun de Mäert, Fester a Foiren ëmmer weider entwéckelt, bis datt an der Fréier Neizäit déi sougenannt Foraine konstant u Beléiftheet gewonnen huet. Mat Concoursen a Spiller, déi d’Geschéck gefuerdert hunn, konnt een de Visiteuren ee ronne Programm offréieren.

Eis Schueberfouer

Bauerekiermes an der 2. Halschent vum 16. Joerhonnert, gemolt vum Hans Bol

Oft goufen Evenementer aus reliéise Motiver eraus gefeiert, wat sech allerdéngs wärend der Industrialiséierung ännere sollt. Besonnesch Amusementsgeschäfter, déi een transportéiere kann, sinn zu dëser Zäit opkomm. An der Belle Époque a mam Ufank vun der Elektrizitéit konnt déi modern Kiermes gebuer ginn. Moleresch Attraktiounen, elektresch Fuergeschäfter a Verkafsstänn waren hei net méi ewech ze denken.

Ee Bléck op de Grand-Duché

Dem Lëtzebuerger misst et op der Zong leien, datt d’Schueberfouer vum Jang de Blannen initiéiert ginn ass. Als Grof vu Lëtzebuerg a Kinnek vu Böhmen (haut Tschechien) huet hien dem Lëtzebuerger Vollek um 20. Oktober 1340 d’Recht ginn, all Joer wärend 8 Deeg eng Handelsfoire ze organiséieren,

D’Haaptstad louch deemools direkt un enger wichteger Handelsstrooss, déi Italien iwwer Stroossbuerg mat Holland verbonnen huet. Wëll d’Fouer schliisslech an de Kalenner vun der Regioun opgeholl ass, konnt d’Evenement schliisslech ëmmer méi Succès genéissen. Souguer de wirtschaftlechen Op an Of am 14. a 16. Joerhonnert konnt d’Foire iwwerliewen.

Am 17. an 18. Joerhonnert hunn europäesch Foirë generell u Bedeitung verluer. Zum Ufank vum 20. Joerhonnert hin huet sech den Handelsmaart ëmmer méi zu enger Kiermes mat zuelräichen Attraktiounen entwéckelt.

Eis Schueberfouer

Sigel vum Jang de Blannen

Do grommelt de Mo!

Zënter dem 20. Joerhonnert huet d’Unzuel un Iess- a Gedrénksbuden zougeholl. Bei der Schueberfouer um Glacis sinn et mëttlerweil bekannte Kichecheffen, déi hir Lokaler installéieren. Esou ass beispillsweis de Fouerfësch am Joer 1904 fir eng éischte Kéier hei opgedëscht ginn.

Mat de 70er Joren ass nieft den traditionellen Eisekuchen och aner séisst Geschneeks ugebuede ginn. Mat attraktivem Design, flotter Beliichtung an den typesche Fouergeräicher am Hannergrond zitt de Geroch vu gebrannte Mandelen, Fritten a Gromperekichelcher den hongerege Visiteur magesch un.

An nach ee klengen Tour iwwert d‘Schueberfouer – © Martine de Lagardère/moien.lu

Ännerungen an der Organisatioun

Säit senger Grënnung 1340 ass d’Schueberfouer schonn 2 Mol geplënnert: Ursprénglech ass d’Foire nämlech um Helleg Geescht Plateau organiséiert ginn, ass 1610 op de Lampertsbierg geplënnert, ier et schliisslech op de Glacis gaangen ass. Nodeems de Lampertsbierg nämlech ëmmer weider bebaut ginn an de Glacis duerch d’Ewechfaale vun der Festung fräi ginn ass, wier een och blöd gewiescht, net ze plënneren.

D’Plaz huet sech duerch d’Aarbechten zwar lues a lues verklengert. Dat konnt der Beléiftheet vun der Fouer awer näischt un hunn. Iwwregens si fréier d’Standplaze verstengert ginn, haut ass et d’Stad Lëtzebuerg, déi d’Stänn vergëtt.

Nieft dem Amusement stinn iwwregens nach verschidden Traditiounen um Programm: Bis an 18. Joerhonnert huet een zum Doudesdag vum Jang de Blannen (1346 ass hien an der Schluecht vu Crécy ëmkomm) eng Gedenkzeremonie um sougenannte Bartholomäusdag organiséiert. Säit dem 19. Joerhonnert existéiert de Biergerdag an de Baueresonndeg, woubäi dat Zweet-Genanntent mëttlerweil net méi organiséiert gëtt.

Deemools op der offizieller Ouverture vun der 677. Schueberfouer (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Kuerz a knackeg Fakten

  • Säit 2005 gouf d’Lafzäit vun der Fouer op 20 Deeg gekierzt
  • Ronn 2 Millioune Mënsche besichen all Joer déi riseg Kiermes
  • Iwwer 3000 Mënsche schaffen op der Schueberfouer
  • All Joer organiséiert „Luxembourg Brotherhood of America“ eng Kopie vum Lëtzebuerger Volleksfest an Chicago
  • Nei dëst Joer ass de Lämmy, dat offiziellt Maskottchen an traditioneller Schéifertruecht
  • Zur Erëffnung gëtt matten an enger Schofsgrupp de bekannten „Hämmelsmarsch“ gespillt
  • Zënter 1973 steet d’Riserad Bellevue all Joer op der selwechter Plaz. Wärend den 20 Deeg verbraucht d’Attraktioun esou vill Stroum, wéi eng 4-käppeg Famill am Joer.

En Tour iwwert d‘Schueberfouer © Martine de Lagardère/moien.lu

D’Editioun 2019

Vum 23. August bis den 11. September fënnt d’Schueberfouer um Glacis statt. Si gëllt als Treffpunkt fir Kultur an Traditioun, déi mat Spill a Spaass verbonne ginn. An dësem Joer sinn 231 Geschäfter op enger Fläch vu 4,44 Hektar vertrueden. Duerch de staarken Undrang u Visiteure gëtt geroden, den ëffentlechen Transport ze notzen.

Wien net genuch ka kréien, dee soll nach bis den 29. Mäerz 2020 emol am Lëtzebuerg City Museum laanscht kucken. Eng spannend Ausstellung weist d’Entwécklung vun der Schueberfouer. Mat Fotoen, Filmer, Affichen an Ablécker an den Amusement vun e puer Joerhonnerte kritt een esou d’Méiglechkeet an all Detail vun der riseger Kiermes anzedauchen.

Wichteg Informatioune fannt Dir an eisem Fouer-Artikel, wéi och op fouer.vdl.lu.

D’Informatioune ginn zeréck op ee Projet, deen d’Klass 5C2 aus dem Lycée Nic-Biever am Joer 2018-2019 a Kollaboratioun mam Lëtzebuerg City Museum realiséiert huet.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chicago, Geschicht, Glacis, Jang de Blannen, Kiermes, Lämmy, Riserad Bellevue, Schueberfouer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel