Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Een planzlecht Treffen: Zorteversich an der Landwirtschaft
Neiegkeeten

Een planzlecht Treffen: Zorteversich an der Landwirtschaft

Vergaangene Méindeg huet de Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft,

Nordkorea: Kim Jong-un wëll all Hënn aschléifere loossen
Neiegkeeten

Nordkorea: Kim Jong-un wëll all Hënn aschléifere loossen

D’Roserei bei de Bierger an Nordkorea ass grouss an awer

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)
Neiegkeeten

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)

Fir de fréieren Député-Maire vun Déifferdeng waren déi lescht puer

Éischt Sëtzung beim Mediateur

Nach ëmmer kee Virukomme beim Cargolux-Kollektivvertrag

Éischt Sëtzung beim Mediateur

Well sech d‘Direktioun vun der Cargolux strieft senge Mataarbechter e Kollektivvertrag ze gënnen, hunn d‘Gewerkschafte LCGB an OGBL de Mediateur misse beméien. Op Vältesdag ass et dann och zu enger éischter Entrevue virum Mediateur komm.

Bei dëser éischter Sëtzung hu béid Gewerkschaften op e neits eng ugemoossen Unerkennung, entspriechend den exzellente Resultater, déi d‘Cargolux nëmmen Unhand dem Asaz an Engagement vu senge Mataarbechter erreeche konnt. Déi Leeschtung misst sech och an engem Kollektivvertrag néierschloen, mee bis ewell konnt sech d‘Direktioun vun der Cargolux, deem gutt erwieren.

Ufank Januar haten es den LCGB an den OGBL, déi habilitéiert sinn e Kollektivvertrag mat der Cargolux auszehandelen, därmoosse sat sech vun der Direktioun fir domm verkafen ze loossen, datt et net méi anescht méiglech war, virum ergräife vu weidere gewerkschaftleche Moossnamen, de Service vum Mediateur anzeschalten. Och dëse Fait ass vun der Cargolux zur Kenntnis geholl ginn.

Schaffen um Limitt vum erdréiglechen

Onverständlech an dësem Fallbeispill: duerch déi exzellent Aarbechtsleeschtung vu hire Salariéeën, huet d‘Cargolux sech am Joer 2017 iwwert e Rekordgewënn vun 122,3 Milliounen US-Dollar dierfe freeën. Fir 2018 gëtt op neits mat engem Rekord gerechent. Dofir sinn d‘Mataarbechter vun der Cargolux bis wäit iwwert d‘Grenze vum zoumuttbare gaangen, mee e Kollektivvertrag gëtt et net.

Wat d‘Unerkennung vun der Aarbechtsleeschtung betrëfft, esou muss een der Vollstännegkeet halber awer unerkennen, datt d‘Cargolux, wann se e richteg gutt Joer erwëscht huet, sengem Personal och Primmen zougesteet. Mee d‘Salariéeë mussen zuweilen, wann et zu engem schlechte Joer kënnt, och d‘Laascht vum „Verloscht“ stemmen. E Kollektivvertrag wier also net vu Muttwëll.

Beim Mediateur hunn d‘Gewerkschaften hir Fuerderungen nach emol opgefrëscht: eng dauerhaft Reduzéierung vun der Aarbechtsbelaaschtung vum Buedempersonal an de Piloten op en akzeptabelen Niveau, an enger attraktiver Gehältertabell, déi d‘Erfahrung an d‘Engagement vun de Mataarbechter honoréiert a respektéiert. Eigentlech näischt, dat ze Verhandelen sech net lount…

Foto: © Cargolux

Ähnlech Sujeten Cargolux, Kollektivvertrag, LCGB, Mediateur, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel