Search

You may also like

Chantier: En neie Stroossebelag op der A4 (10.-12.07.2020)
Neiegkeeten

Chantier: En neie Stroossebelag op der A4 (10.-12.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Autobunn A4 tëscht dem

Du weess net, wie wielen? Hei sechs Saachen, déi s de kanns maachen, fir däi Choix méi liicht ze treffen
Neiegkeeten

Du weess net, wie wielen? Hei sechs Saachen, déi s de kanns maachen, fir däi Choix méi liicht ze treffen

Wéi s de bestëmmt scho matkrut hues, leeft grad de

S.A.R. dem Groussherzog seng Usprooch zu Chrëschtdag
Neiegkeeten

S.A.R. dem Groussherzog seng Usprooch zu Chrëschtdag

Léif Matbierger, Am Réckbléck op dëst Joer kann ee soen,

Éischt Sportverletzunge bei de Motarden

Éischt Sportverletzunge bei de Motarden

Zanter dem leschten Donneschdeg sinn – nodeems den Transportminister an d‘Justizministesch sech drop accordéiert hunn, datt en „Tour mam Moto“ eng sportlech Fräizäitaktivitéit ass – vill Motarden an hir Garage gaangen, an hunn hiert Gefier aus dem Wanterschlof erwächt. Fir déi sëllegen Amateure vun Oldtimer a Kabrioe gëllt dat leider net.

Elo hate mir an der Redaktioun wuel en Appell un d‘Vernonft an de Verstand geriicht, well esou „fräi Stroossen“ séier zu Gekribbels am rietsen Handgelenk féieren, an dat zuweile schif kann ausgoen. An esou ass et dann och komm wéi et huet komme missen: den éischten Accident huet et direkt ee Freidegnomëtteg um 16 Auer am Kreesverkéier kuerz virun der Kontrollstatioun zu Sandweiler. De CGDIS war mat enger Ambulanz op der Plaz.

E Samschdeg, direkt nom Mëttegiessen (13.45 Auer) ass zu Bouneweg e Mann mat sengem Scooter „ëmgefall“. Och hien huet zur Kontroll missen an d‘Spidol gefouert ginn. Um Kuerz no 14 Auer, huet dunn en Accident mat engem Motocyclist zu Bieles ginn, och dës Persoun ass an d‘Spidol iwwerstallt ginn. Dee leschte bekannten Accident huet e Samschdeg kuerz virun 20 Auer tëscht Nouspelt a Kielen ginn. Och hei waren d‘Rettungsdéngschter gefuerdert.

Wien elo virschnell de Schluss zitt, datt een d‘Reegele fir dës Leit net hätt solle Lackeren, deen dierf vun dëser Plaz aus drun erënneren, datt dës Virfäll net mat der Covid19-Pandemie an/oder Lackerunge vum Confinement a Verbindung ze brénge sinn. All Joers wann d‘Saison start, gëtt et vill Motarden, déi sech net déi noutwenneg Zäit huelen, sech nees un d‘Gefier ze gewinnen. An all Sportler weess, wann ee sech net opwiermt, kann et zu Sportverletzunge kommen…

Illustratioun:© Tiago Almeida / unsplash

Related topics Fräizäitaktivitéit, Motorrad, Sportverletzung
Next post Previous post