Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wou ass de Goss?
house speed dating scene Sport

hip hop dating show

Enn Januar huet déi national Gesondheetskeess (CNS) misse feststellen, datt

https://moien.lu/wenn-man-single-bleibt/
house speed dating scene Sport

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun

Dat grousst Festzelt vum „Nancy Jazz Pulsations“ (NJP) ass e

Du hues e fotografescht Gediechtnes? Beweis et an eisem Gemengequiz!
house speed dating scene Sport

Du hues e fotografescht Gediechtnes? Beweis et an eisem Gemengequiz!

Gäre gëtt gesot, eist Land wier esou schéin. Dat ass

Éischt Victoire ënnert neiem Management

D‘Damme vum SC Beetebuerg ënnert de Leedung vun neiem Trainer Yves Block nei opgestallt

Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu
Éischt Victoire ënnert neiem Management
© Martine de Lagardère/moien.lu

Changementer kënne gutt sinn, verlaangen awer oft och eppes Zäit bis ee sech op den neien Toun agestallt huet. Esou an net anescht ass och den Damme vum SC Beetebuerg ergaangen, déi gëschter am Championnat géint eng gutt virbereeten Dammen-Ekipp vun der Entente Wuermer-Mënsbech-CS Gréiwemaacher ugetrueden ass. Datt et riichtera gereent huet, huet d‘Aufgab net erliichtert…

Den Yves Block ass vun engem 4-3-3 op en 3-4-1-2 eriwwergaangen. Dat huet fir ee Rei Spillerinne bedeit op enger ongewinnter Positioun opzelafen, wat an den éischte Minutte vun der Renconter fir eppes Orientéierungsschwieregkeete bei de Beetebuerger Damme gesuergt huet. Fir d‘Damme vun der Musel hunn sech hei och eng rei Chancen opgedoen, déi si awer net „ofschléisse“ konnten.

Esou hat d‘Isabel Albert (11) schonn direkt an der éischter Minutt eng zolidd Goalchance. Gutt fir déi Beetebuerger, datt de Ball iwwert de Goal gaangen ass. An der 8. Minutt ass dann d‘Estevez Garcia (10) datt eleng virum Lena Krier (1) opgetrueden ass. Déi Beetebuerger Goalkeeperin huet dëser Attack mat enger gudder Leeschtung entgéintgewierkt an esou den 1:0 verhënnert.

Victoire

© Martine de Lagardère/moien.lu

Lues a lues hunn déi Beetebuerger d‘Kontroll am Mëttelfeld iwwerholl, de Spillfloss ass besser ginn, woubäi d‘Damme vun der Entente och ganz gutt opgestallt waren. An der Defense konnten si Akzenter setzen, an hunn déi Beetebuerger oft an d‘Abseitsfal gelackelt kritt. Den SC hat säi Spill iwwert déi riets Säit lafe gelooss, hat hei och déi eng oder aner iwwerzeegend Aktioun parat.

Esou an der 24. Minutt, wou d‘Lucia Ruiz (14) op der rietser Säit alles iwwerlaf wat sech hin entgéint gestallt huet, a konnt eng schéi stramm Flank iwwert de Buedem op den zweete Poteau eraginn, wou d‘Amenis Correia (88) de Ball zum 0:1 ersetzt. Bis zur Paus ass dann nach fir béid Mannschaften zu enger Goalchance komm. D‘Aktioun huet sech awer am Mëttelfeld ofgespillt.

Déi zweet Halbzeit huet ähnlech ugefaange wéi déi éischt. Hei huet d‘Entente Wuermer-Mënsbech-CS Gréiwemaacher nees zolidd ugerappt an déi Beetebuerger direkt Bedrängt. Esou d‘Aktioun an der 47. Minutt, wou d‘Isabelle Albert (11) op en neits ganz eleng virum Lena Krier (1) opgetaucht ass, an dat ronnt einfach net an dat eckegt erakritt huet. Fir Beetebuerg eng zolidd Schrecksekonn.

Victoire

© Martine de Lagardère/moien.lu

Bis an déi 63. Minutt wollt et de Beetebuergerinnen net geléngen, déi vun de Miseler Dammen opgestallten Abseitsfal opzehiewen. Bis dunn d‘Lea Crusel (71) sech eleng virum Goal vun der Entente erëmfonnt huet an eigentlech den 2:0 sollt um Fouss gehat hunn. Dat awer huet Jana Robin (1) anescht gesinn an dës Goalchance mat enger behäerzter Parad an de Corner ofgewiert.

Duerno gouf nees méi am Mëttelfeld gespillt, mee et sollt géint Enn vun der Renconter nach emol Spannend ginn. Esou an der 80. Minutt, wou d‘Dame vun der Musel eng reell Chance op den Ausgläich virleien haten. D‘Estevez Garcia (10) stoung nees eleng virum Beetebuerger Goal, wou d‘Lena Krier (1) sech „laang“ gemaach huet, an och des Goalchance vun der Entente ofwiere konnt.

Stëmmen zum Spill:

Fir den SC Beetebuerg huet eis nom Spill d‘Amenis Correia (88) seng Andréck zum Spill vermëttelt. „Ech si ganz Frou de Goal geschoss ze hunn, woubäi dat wichtegst déi dräi Punkte fir d‘Championnat sinn. Mir haten an hunn nach kleng Ëmstellungsproblemer, mee et gesäit esou aus, datt wat mir dësen neie System weider behäerzegen, mir mat dësem ganz erfollegräich spille kënnen. Elo muss am Training un den Defiziter déi et nach gëtt geschafft ginn“.

Vun der Entente Wuermer-Mënsbech-CS Gréiwemaacher huet sech eis d‘Melanie Quiring (3) zum Spill eppes gesot. „Mir hunn hei onglécklech Verluer. Eis kloer Goalchancen hu mir net verwäert, an datt ass bestrooft ginn“. Abseitsfal? „Dat ass eng vun de Strategien un där mir elo schonn e puer Joer dru schaffen, an déi jo och wäitleefeg opgaangen ass. Op der Leeschtung vun dësem Owend kann een opbauen“.

Opstellung vun den Equippen

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 88 Amenis Correia, 9 Sadine Correia, 71 Lea Crusel, 17 Stessy Musselek, 8 Lea Pizzimenti, 14 Lucia Ruiz, 99 Hanna Thill, 20 Kate Thill, 6 Sarah Witry. Reserven: 10 Kimberley Dos Santos, 21 Rita Garcia, 22 Sheila Hoja, 7 Marta Pires, 5 Kim Ney. Trainer: Yves Block.

Entente Wuermer-Mënsbech-CS Gréiwemaacher: 1 Jana Robin, 3 Melanie Quiring, 4 Anna Hengen, 5 Jessica Becker, 7 Julie Schreiner, 9 Aldine Dervisevic, 10 Estevez Garcia, 11 Isabel Albert, 13 Sheila Coutinho, 19 Catherine Hare, 21 Noemie Raths. Reserven: 2 Sabrina Dostert, 12 Petra Logtenberg, 15 Kristin Larusson, 16 Eline Maio, 22 Hanna Kettenhofen. Trainer: Pino Bevilacqua

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dammefussball, Entente Wuermer-Mënsbech/CS Gréiwemaacher, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel