Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!
Neiegkeeten

Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!

Facebook spillt am politeschen Diskurs eng ëmmer gréisser Roll. Kee

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat
Neiegkeeten

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat

D‘Verfassung vu Kuba staamt aus 1976, an ass eppes verstëbst,

geek
Firefox Focus blockt Reklammen a schützt Privatliewen
Neiegkeeten

Firefox Focus blockt Reklammen a schützt Privatliewen

D’Lescht Joer hat Mozilla säin neie Browser Firefox Focus fir

Éischte Ministerrot fir de Macron

Éischte Ministerrot fir de Macron

Haut um 11.00 Auer presidéiert de franséische President Emmanuel Macron säin éischte Ministerrot. Hie gesäit sech engem Gouvernement géinteniwwer, dee kollegial, kollektiv an am Sënn vun der politescher Neiausriichtung, am Hibléck op déi bevirstoend Legislativen, zesummegestallt ginn ass.

Aus dem Elysée koum d’Informatioun, datt de President „bei dëser Geleeënheet déi gréisser Orientatioun vun de nächste fënnef Joer an d’Roadmap vu der Regierung“ an awer och „d’Methodik vun der Regierungsaktivitéit definéiert soll ginn, déi sech op zwee Piliere soll stäipen: d’Kollegialitéit an d’kollektiivt agéieren.“ Traditionell soll dann och nach eng „Familljefoto“ gemaach ginn, op mannst wann d’Wieder matspillt. Duerno sollt dann och de neie Regierungsspriecher Christophe Cataner säin éischte Sëtzungsbericht der Presse virstellen.

Ambitiounen

Schonns um Mëttwoch haten ee puer vun de Ministeren d’Geleeënheet genotzt, am Kader vum Muechtwiessel, hir Ambitiounen ëffentlech ze maachen. Esou beispillsweis de Richard Ferrand, zoustänneg fir d’Territorialkohäsioun, dee säi Kampfwëlle „géint d’Gefill vum Deklassement“ vu verschiddene Regiounen zum Ausdrock bruecht huet.

Mee och d’Sportministesch Laura Fessel gedenkt „d’Faarwen héich ze halen“ fir d’Kandidatur vu Paräis fir d’Erhale vun den olympesche Spiller vun 2024. De Wirtschaftsminister Bruno Lemaire huet ugekënnegt, sech schonn ee Méindeg zu Berlin iwwert d’Zukunft an d’Konstruktioun vun Europa, mat sengem Homolog, dem Wolfgang Schäuble, wëllen auszetauschen.

Beim Ministerrot sinn nieft dem Macron a sengem Premier Edouard Philippe am ganzen uechzéng Minister a véier Staatssekretären, vun deenen d’Hallschent aus der ziviller Gesellschaft kommen. Dat huet nach ni ginn a ganz Frankräich, am besonneschen d’Press an d’politesch Oppositioun, wäert dat mat groussem Interessi verfollegen.

Grousse Kino

D’Paritéit vum franséische Gouvernement ass mat eelef Fraen a Männer geséchert, och wann ee behaapte kéint, datt mam Macron an dem Philippe, d’Männer an der Iwwerzuel sinn. Vill méi wichteg ass dann awer d’Zesummestellung vun der Regierung, an do dierf ee Bemierkenswäertes festhalen.

D’Fechterin an duebel olympesch Championne Laura Fessel (Sportsministère) d’Editrice vun „Actes Sud“ Françoise Nyssen (Kulturministère) mee och d’Muriel Pénicaud sollten zesumme mat aacht weidere Vertrieder vun der Zivilgesellschaft, sécherlech fir ee bemierkenswäerten éischten Optrëtt op der politescher Bühn suergen.

Nach een dee sech net dierft iwwert feelent Opmierksamkeet bekloen ass den Nicolas Hulot. Den Ex-Animateur vun „Ushuaïa“ huet jo de Posten als Minister vun der ökologescher Transitioun iwwerholl. Ee Rôle deen hien allerdéngs bei de Presidente Jacques Chirac, Nicolas Sarkozy a François Hollande refuséiert hat.

Dann ass nach ze konstatéieren, datt och wann dëse Gouvernement zueleméisseg ofgespeckt ginn ass, esou huet en dann awer méi Membere wéi den éischten ënnert dem Fillon deen ee Rekord an der 5. Republik, mat nëmme 15 Minister, véier Staatssekretären an engem héije Kommissär, gebrach hat.

Interessant d’Kompositioun vum Gouvernement, deem och déi véier Sozialisten, vun deenen der zwee sech dem Mouvement „En Marche“ nach während der Campagne ugeschloss haten, zougehéiereg sinn. Deenen ugeschloss hu sech der zwee vun der radikaler Lénker, dräi Zentristen an zwee Republikaner. De Rescht kënnt wéi gesot aus der Zivilgesellschaft.

Mam Bruno Lemaire (Wirtschaft) an dem Gérald Darmanin (Ëffentlech Aktioun an Konten) vertraut den Emmanuel Macron Bercy de Konservativen un, déi politesch doduerch weider gespléckt sinn. Mat de Sozialisten déi un der neier Regierung bedeelegt sinn, gëtt dann och d’sozialistesch Partei (PS) weider demanteléiert.

Weise mer dann dorobber hin, datt zwee Minister aus dem Hollande senger Equippe gehale goufen. Esou de Jean-Yves Drian deemools Verdeedegungsminister an elo vum President als Ausseminister a Minister fir Europa agesat an d’Annick Girardin, deem d’Verantwortung fir d’Territoiren an Iwwerséi.

Via AFP

Fotoquell: By Gzen92 (Own work) CC BY-SA 4.0 via Wikimedia Commons

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Europa, Frankräich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel