Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft
st petersburg florida dating Neiegkeeten https://moien.lu/100-free-dating-site-in-netherlands/

are beck and jade really dating

Liichtverschmotzung gëtt ëmmer méi zu engem Thema. Dorënner versteet een

https://moien.lu/liam-mcintyre-dating/
st petersburg florida dating Neiegkeeten https://moien.lu/100-free-dating-site-in-netherlands/

Dräi Kaperole vereedegt

En Donneschdeg goufen um Härebierg dräi Beruffszaldoten am Grad vum

Mikromobilitéit: Bléiend Landschafte fir elektresch Trottinetten
st petersburg florida dating Neiegkeeten https://moien.lu/100-free-dating-site-in-netherlands/

Mikromobilitéit: Bléiend Landschafte fir elektresch Trottinetten

A ganz Europa erlieft déi sougenannten „Mikromobilitéit“ en zolitten Hype.

Éischte Podium fir den Dylan Pereira am Porsche Carrera Cup Däitschland

Mat enger 3. a 5. Plaz an der Tschechien knäppt de Lëtzebuerger nees mam Erfolleg un

Éischte Podium fir den Dylan Pereira am Porsche Carrera Cup Däitschland

Déi zweet Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland ass dëse Weekend um Autodrom vu Most (Tschechien) gefuer ginn. De Lëtzebuerger Espoir vum Team Lechner Racing, hat sech mat sengem Porsche 911 GT3 Cup nees gutt an Zeen gesat.

Et war dann och déi éischte Kéier, datt den Porsche Carrera Cup Däitschland Zirkus um Autodrom vu Most Statioun gemaach huet. E ganz interessanten an technesch usprochsvolle Parcours vun eppes iwwer 4.000 Meter an 21 Kéieren. De Circuit ass zudeem zimlech enk, wat d‘iwwerhuelen net einfach mécht, firwat hei d‘Startplaz entspriechend wichteg ass. Dat wousst och den Dylan…

Zu Ufank vun den chronometréierte Ronnen, huet de Lëtzebuerger Pilot sech dann emol déi 3. a 7. Beschtzäit geséchert, iert hien dann nach emol un d‘Box komm ass, fir d‘Pneuen ze wiesselen an e bëssi „Feintuning“ u sengem Gefier virzehuelen. Knapps datt de Dylan Pereira vu sengem Team op d‘Pist gelooss gouf, koum et zu engem Accident an et sollt net méi duer goe fir eng séier Ronn.

Wann dat mam Start klappt

Et wier faktesch betruecht, eng Verbesserung fir de Pilot vum Team Lechner Racing dra gewiescht, woubäi 10 Minutte „giel Fändelen“ jo jidderengem d‘Liewen eppes méi schwéier gemaach hunn. An, vergiesse mir hei net, datt den Dylan ee vun de wierklech gudde „Starter“ ass. Hie sollt eis dat dann och an der éischter Manche bildlech bestätege. Vum Start aus huet hien 3 Géigner iwwerholl.

Hei huet sech den Dylan hannert säin Teamkolleg Julien Andlauer (F) gehaangen, an dësen huet sech zolidd Méi gi fir de Lëtzebuerger hannert sech ze halen. An dee war e Grëtz besser opgestallt, bis et an der 13. Ronn zu engem „Téckert“ koum, deen eisen Espoir vun der Pist gefeegt huet. Dat war ent schéin, mee den Dylan huet d‘Situatioun kontrolléiert, huet wuel eng Plaz misse verginn, mee konnt un Enn als 5. iwwert d‘Arrivée fueren a wichteg Punkte fir sech an säin Team sécheren.

An der zweeter Manche ass den Dylan Pereira vu Startplaz 3 gestart an huet „wéi vun der Tarantel gestach“ d‘Pist fir sech beusprocht. Domatter war da schonn emol déi Plaz geholl an d‘Hoffnung op e Podium huet sech bei senge Supporter an dem Team breet gemaach. Leider nëmme kuerz, well op e neits en Accident mat direkt véier Gefier zur Ënnerbriechung gefouert huet an den Dylan op déi 3. Plaz zréckgesat huet. Eng gefillten Éiwegkeet ass et dunn hannert dem Safety-Car weider gaangen.

Den Neistart ass dann och hannert dem Safety-Car gemaach ginn an et waren nach 12 Minutten ze fueren. Net wierklech glécklech, ass dem Dylan Pereira dann awer nach gelongen déi séierst Ronn ze fueren an sech seng 3. Plaz ze sécheren. Esou konnt sech den Dylan elo zu eiser gréisster Freed um Podium presentéieren a sengem Team beweisen, datt een op de „Mann vertraue“ kann.

De nächste Weekend: Monaco

Vill ze feieren oder ze raschte kritt den Dylan Pereira dann awer net. De nächste Weekend gëtt et am Porsche Mobil 1 Supercup déi zweet Course, an déi fënnt wéi gewinnt als Kaderprogramm vun der Formel 1 statt, hei dann um legendäre Stad-Circuit vu Monaco. Hei hat den Dylan 2018 eng ganz gutt Virstellung geliwwert, a sech a säin Team mat enger Podiumsplaz belount.

 

Dylan Pereira

© Lechner Racing / Porsche

Wéi sti seng Chancen an wier e Podium realistesch? Monaco ass eppes fir Fiiss an gutt Strategen, also jo, dem Dylan seng Chancen op dësem Circuit, deem him och wierklech gutt ze leie schéngt, sinn net schlecht. Geléngt eisem Espoir an der Qualifikatioun eng gutt Leeschtung – an et gëtt elo näischt wat dogéint schwätzt – da kann och bei der Editioun 2019 nees e Podium gräifbar sinn.

Klassement 1. Manche:

  • 1. Larry ten Voorde (NL)
  • 5. Dylan Pereira (LU)

Klassement 2. Manche:

  • 1. Michael Ammermüller (DE)
  • 3. Dylan Pereira (LU)

Generalklassement:

  • 1. Larry ten Voorde (NL)
  • 8. Dylan Pereira (LU)

Méi vum an iwwert den Dylan:

mam Isabel Casimiro Gargulho/Gen.Com.

Foto: © Lechner Racing / Porsche

p { margin-bottom: 0.1in; line-height: 120%; }a:link { }
Nächsten Artikel Virrechten Artikel