Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pacemakers Nuclearban Tour – 750 Kilometer um Vëlo!
Neiegkeeten

Pacemakers Nuclearban Tour – 750 Kilometer um Vëlo!

Als „Begleetmoossnam“ zu den Europawahlen, féiert den „Pacemakers Nuclearban Tour“

Brasilien: D‘Favelaen am Coronaféiwer
Neiegkeeten

Brasilien: D‘Favelaen am Coronaféiwer

De Coronavirus trëfft déi Gebidder wou et kaum Gesondheetsversuergung huet

D‘Chamberwahlen erkläert…
Neiegkeeten

D‘Chamberwahlen erkläert…

Et ass Wahlkampf, an déi politesch Parteien a Beweegunge beméien

Een éischten, awer positive Bilan fir de Pappe-Congé!

Een éischten, awer positive Bilan fir de Pappe-Congé!

De Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft Dan Kersch huet haut den éischte Bilan vun der neier Legislatioun zum Pappe-Congé gezunn. Lëtzebuerg hat no Recommandatioune vum europäesche Rot a Parlament d’Congésdeeg fir d’Salariéen aus dem private Secteur vun 2 op 10 Deeg erhéicht, wat sech elo als immens positiv erweist!

Zwee Méint virum geplangte Congé muss de Salarié säi Chef iwwert de Pappe-Congé informéieren. Déi fräi Deeg, déi och kënnen opgedeelt ginn, mussen an den éischten zwee Méint no der Gebuert vum Kand geholl ginn. D’Käschte fir déi 8 weider Congésdeeg gi vum Staat bezuelt.

Beim Bilan huet de Minister doriwwer informéiert, datt fir d’Joer 2018 fir ganzer 2.751 Dossieren de Remboursement vun den Employeure scho gemaach ginn ass. D’Käschte vun dëser Moossnam belafen sech hei op 4 Milliounen Euro. An 346 Fäll ass d’Zeréckbezuele refuséiert ginn. Oft ass hei den Delai net agehale ginn.

Den Dan Kersch huet bei der Pressekonferenz ënnerstrach, datt all Papp d’Recht op säi Congé behält, och wann de Remboursement vum Employeur refuséiert ginn ass. Op kee Fall kann de Pappe-Congé vum legale Congé ofgezu ginn.

Fir de ganze Virgank ze vereinfachen huet den Aarbechtsministère, zesumme mam Centre des Technologies de l’Information de l’État een neie Prozess iwwert MyGuichet.lu entwéckelt, wouduerch een ab dem 3. Juni 2019 seng Demarche iwwert den Internet ugoe kann.

De Linguistik-Congé

An dësem Kader huet de Minister Dan Kersch och iwwert de Congé Linguistique informéiert. Säit senger Aféierung am Joer 2009 hunn 3.153. Persoune vun dëse fräien Deeg profitéiert, woubäi an 200 Stonnen d’Lëtzebuerger Sprooch geléiert ginn ass. Am meeschte profitéiert hunn hei Fraen, déi net am Grand-Duché residéieren. De Groussdeel vun de Beneficiairë schafft am Beräich Service (1.417), sou wéi Gesondheet a Fleeg (1.117).

All Employé, dee vum linguistesche Congé profitéiert huet d’Recht op eng kompensatoresch Entschiedegung, déi vum Employeur iwwerwise gëtt. De Staat gëtt dem Employeur 50% vun der Entschiedegung a 50% vun der Cotisation Sociale zeréck D’Ausgabe vun dëser Moossnam belafen sech momentan op 3,2 Milliounen Euro.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Tom Oswald, General-Koordinator vum MTEESS; Dan Kersch, Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft; Pierre Hobscheit, Conseiller vun der stellvertriedender Regierung vum MTEESS © MTEESS

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, Bilan, Dan Kersch, Pappe-Congé, Tom Oswald
Nächsten Artikel Virrechten Artikel