Keng Verschäerfung vun der Maskeflicht
Datt et héich Zäit géif ginn, sech dëser onséileger –
Datt et héich Zäit géif ginn, sech dëser onséileger –
Eng knapp véierel Stonn vu Metz ewech kann een an Zukunft eng spannend Zäit am Escape Game „Les Francs Limiers“ verbréngen! Ganz am Thema vun der Musek an enger Rockstar Tour kann ee säi Gléck probéieren, d’Zeechen deiten an d’Rätsele léisen, fir de Wee eraus ze fannen.
Bei engem sougenannten „Escape Game“ geet et haaptsächlech drëm, ënnerhalb vun enger Stonn, als Equip, aus engem interaktiven, ästhetesch a passend zum Thema dekoréierte Raum auszebriechen. Genau wéi an engem Film ginn d’Membere vun der Grupp zu Helden, déi divers Rätsele léisen mussen, fir esou no an no un d’Ziel ze kommen.
Rock’n’Roll Baby!
Den Zeenario vun dësem Spill steet ganz am Zeeche vun der Rockmusek. All Joer invitéieren d’Francs Limiers eng Rockband op eng musikalesch Tour. Dëst Joer gitt Dir zum Star, den ëm d’Welt touren dierf an esou an d’Welt vun de Rolling Stones, Queen an de Red Hot Chili Peppers andauche muss.
Schléisst also de Mikro un, denkt un d’Drumsticks a bréngt d’Gittarssäiten zum vibréieren! Op ärer Première gëtt nämlech total ofgerockt an dir hutt eng Stonn, fir Iech op den Optrëtt vun ärem Liewe virzebereeden. Wat kéint do scho groussaarteg schif goen?
Den Oflaf ass einfach: Dir hutt Iech entscheet een Deel vun der musikalescher Rock-Welt wëllen ze sinn? Da läit et elo un Iech ee Band-Numm, sou wéi d’Instrumenter an ee Manager eraus ze sichen. D’Spill leeft an der Loge of, wou schonn eng sëlleche Fans ären Numm jäizen an op Iech waarden.
Mat Léift zum Detail
D’Designer vun dësem Zëmmer si selwer begeeschtert u Musek. Sou bleift unhand vun der Dekoratioun an der Atmosphär am Raum keen Zweiwel, datt Dir elo wierklech zum Star gitt. Mee och d’Band-Membere mussen deementspriechend ausgesinn: mat Bandana a Sonnebrëll geet et un d’Wierk. Les Francs Limiers stellen Iech alles zur Verfügung, fir de perfekte Rocker-Look hinzekréien a mat enger Foto dëse besonnesche Moment festzehalen.
Um Weekend vum 23. a 24. Februar wäert den éischten Escape Room a Frankräich seng Dieren opmaachen. Méi Informatioune fannt Dir ënnert www.lesfrancslimiers.com.