Search

You may also like

Vereedegung vun 263 Professeren an Enseignanten
Neiegkeeten

Vereedegung vun 263 Professeren an Enseignanten

En Dënschdeg, den 9. Juli goufen 263 Léierpersoune vereedegt, déi

Vernonft a Verstand „made in“ USA
Neiegkeeten

Vernonft a Verstand „made in“ USA

Mat ronn 69.000 bestätegten Neiinfektioune mam Coronavirus bannent 24 Stonnen,

Esch-Uelzecht: De „Provisorium“ engem Enn Zouféieren
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: De „Provisorium“ engem Enn Zouféieren

An der Gemengerotssëtzung vum leschte Freideg, huet déi fir Soziales

Een éischten Tëschebilan fir de CGDIS

Een éischten Tëschebilan fir de CGDIS

Vergaangene Freideg huet d’Inneministesch Taina Bofferding, zesumme mat de berodenden Experten den Tëschtebilan vun der Reorganisatioun vun de Rettungsdéngschter presentéiert. Et weist ee sech iwweraus zefridden an houfreg iwwert den immensen Engagement, wéi och der remarkabeler Aarbecht vum CGDIS. Et konnt een awer och eng Rei Kritiken ophuelen, un deenen een an Zukunft schaffe wäert.

„D’Experten hunn an hirem Rapport festgestallt, dass de CGIDS d’Äntwerten op déi Erausfuerderunge geliwwert huet, déi sech virun der Reform an der Noutfallversuergung zu Lëtzebuerg gestallt hunn. Dës Conclusioun gouf och vun den Deputéierten an der zoustänneger Chamberskommissioun gedeelt“, erkläert d’Inneministesch Taina Bofferding.

Um 20. Mäerz 2018 ass de Gesetzesprojet zur Organisatioun vun der ziviller Sécherheet an der Kreatioun vum CGDIS vun der Chamber gestëmmt ginn. Den 1. Juli 2018 gëllt als Grënnungsdatum vum sougenannte Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours. An dësem Kontext hat d’Chamber d’Regierung gebieden, esou schnell wéi méiglech een Tëschebilan ze liwweren.

De gefrote Rapport ass vun de Experte Jean-Mathias Goerens, François Maurer a Franz-Josef Molitor opgestallt ginn. Dës hunn direkt fir unzefänken de risegen Engagement an déi bemierkenswäert Kompetenze vum Personal vum CGDIS ervirgehuewen. Just duerch hire leidenschaftlechen Asaz konnten déi nei Strukture vun der Reform esou rapid agefouert an ëmgesat ginn. Scho virum definitiven Unhuele vum neie Gesetz hunn d’Responsabel d’Preparatiounen am Detail ausgeschafft, wouduerch d’Transitioun erliichtert konnt ginn.

Zu de wichtegsten Innovatioune gehéieren ënnert anerem d’Adaptatioun vun de Formatiounen, d’Aféierung vum First Responder oder och d’Professionaliséierung vun zuelräiche Posten. Nieft den zuelräiche positiven Aspekter huet een awer och eng Rei Virschléi an Reklamatiounen zeréckbehalen. Heizou gehéiert beispillsweis, datt d’Volontairen d’Dauer vun de Formalitéiten als immens laang empfannen an och Entschiedegungen oft mat Verspéidungen anhier ginn.

Zudeem hätte verschidden Acteure Problemer, déi grouss Unzuel un Texter an Dokumenter vun der Direktioun vum CGDIS opzehuelen. An och an de Gemenge verspiert een, a Saache Responsabilitéit a Kompetenzen nach eng Rei Onsécherheeten. De Wonsch no méi Informatiounen a reegelméissegem Kontakt mat den Instanze vum CGDIS besteet. Op verschidde Punkte konnt d’Direktioun vum Corps scho reagéieren.

Zu gudder Lescht huet ee sech doriwwer gefreet, datt de CGDIS vun de verschiddene Partner, wéi beispillsweis dem Syvicol, der Protection Civile, oder och der ITM esou gutt ugeholl ginn ass.

Zum CGDIS

D’Ziler vun der Neiorganisatioun vun de Lëtzebuerger Rettungsservicer hat folgend Ziler:

  • Verbesserung vun der Risikoofdeckung duerch Opstelle vu bestëmmten Ziler;
  • Optimiséierung vun de Ressourcen, fir esou d’Risike mat de passende Moyenen ze bekämpfen;
  • Kreatioun vun enger eenzegaarteger nationaler Struktur fir den Ensembel vun de Rettungsdéngschter;
  • Opstelle vun enger Hierarchie, fir esou den idealen Oflaf vun den Operatiounen ze garantéieren an d’Relatioun tëscht politeschem an techneschem Responsabele bei enger Interventioun festzeleeën;
  • Noutwennegkeet vu professionellem Personal fir d’Asazbereetschaft ze garantéieren, mat gläichzäitegem Wierke vu fräiwëllegem Personal;
  • Definitioun vum professionelle Profil an engem Formatiounssystem fir d’Agente vun de Rettungsdéngschter;
  • Unerkennung vum fräiwëllegen Engagement vun de Fraen a Männer am Asaz.

Duerch d’Kreatioun vum CGDIS, ënnert der Form vun engem ëffentlechen Etablissement mat administrativem Charakter, wollt een eng intensiv Kooperatioun tëscht Staat a Gemengen opbauen. Dobäi muss de Service a Saachen Organisatioun (operationell, technesch, administrativ an finanziell) eng integréiert, effikass an effizient Aarbecht leeschten, an engems awer och déi tatsächlech Besoine berécksiichtegen, mat engem nationalen Organisatiounsplang Prioritéite setzen an esou d’Nohaltegkeet vum Service garantéieren.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Paul Schroeder, CGDIS; Alain Becker, Inneministère; Taina Bofferding, Inneministesch; Jean-Mathias Goerens, berodenden Expert; Franz-Josef Molitor, berodenden Expert © Inneministère

Related topics Alain Becker, Asaz, CGDIS, Engagement, Franz-Josef Molitor, Inneministère, Jean-Mathias Goerens, Kritik, Paul Schroeder, Rapport, Taina Bofferding, Tëschebilan
Next post Previous post