Search

You may also like

Cabaret zu Steesel: Et geet ëm de Fric
Neiegkeeten

Cabaret zu Steesel: Et geet ëm de Fric

Wann een d‘Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi

Berlin liicht – Déi 15. Editioun vum Festival of Lights
Neiegkeeten

Berlin liicht – Déi 15. Editioun vum Festival of Lights

Lights of Freedom – Ënnert dësem beréierenden an zugläich eeschten

Grënnung vun enger neier Partei*
Neiegkeeten

Grënnung vun enger neier Partei*

Geéiert Ligepress, Mir vun der Partei d’PARTEI wëllen Iech doriwwer informéieren dass

Et brennt an allen Ecker

Mat der Campagne „Eise Wee aus der Kris“ wëll d‘Gewerkschaft OGBL de Schued a Grenzen halen

Et brennt an allen Ecker

Et ass een nach net um Wupp ukomm, wat d‘Covid19-Pandemie betrëfft, an déi dat begleedend Wirtschaftskris fänkt elo esou lues un sech bemierkbar ze maachen an de Leit e Begrëff ze ginn. Eleng léisst sech dëse Knuet net opléisen an och op d‘Regierung sollt ee sech nëmme mat Mooss verloossen. Beim OGBL huet een sech en Dënschdeg dann emol eng Iwwersiicht verschaaft.

Den Nationale Comité vun der gréisster Gewerkschaft zu Lëtzebuerg hat seng Reunioun moies am Centre Prince Henri zu Walfer, wou sech de ville Problemer an den ënnerschiddleche Secteuren ugeholl ginn ass. Aviatioun, Industrie, Siderurgie, Logistik, Maintenance a Sozialwiesen… et gëtt kaum nach e Secteur wou et net géif brennen, an deem, esou den OGBL, muss ee sech erwieren.

Et war dann och der OGBL-Presidentin Nora Back am Gesiicht ofzegesinn, datt d‘Lëscht mat den annoncéierte Sozialkonflikter muss laang sinn, an net alleguerten hunn se en direkte Lien zur Covid19-Pandemie. ArcelorMittal a Guardian notzen et aus, d‘CFL geréit doduerch mat an d‘Laberenten an d‘POST sollt eigentlech zu de Gewënner gehéieren, esou och de Botzsecteur.

An awer gëtt an dëse Beräicher elo versicht sech den Lounofhängegen ze entleedegen. Eenzeg de Konflikt mat der Fondatioun Kräizbierg huet aner Ursaachen, woubäi… Kee wonner also, datt d‘Nora Back hir Ried mat der Feststellung „D‘Lag ass Eescht, d‘Zäiten si Rau!“ ugefaangen huet. Si riicht en Appell u Regierung a Patronat, fir zesummen ze handelen an d‘Aarbecht ze schützen.

Et et gëtt ëmmer Krise-Gewënner

Wann zu Walfer zimmlech all bestoende Konflikt op de Leescht geholl ginn ass, esou läit elo de Fokus kloer op der Campagne „Eise Wee aus der Kris“. Mat dëser Campagne – déi op fënnef Saile berout – wëll den OGBL d‘Jalonen esou opstellen, datt aus de genannte Krisen net och nach eng sozial Kris entsteet, mat där d‘Ongläichheeten an der Gesellschaft nach weider vergréissert ginn.

D‘Nora Back stellt weider fest, datt all Kris seng Gewënner a Verléierer huet. Déi Lounofhängeg gehéieren net zu de Gewënner… Wann de Jeff Bezos, säi Verméige scho vervillfältege konnt esou huet sech Oxfam an engem Rapport mat de Pharmakonzerner beschäftegt. An dësem heescht et, datt: „Déi 3 gréissten US-Konzerner hunn zanter Januar 16 Milliarden Dividenden ausbezuelt“.

WeeDéi wirtschaftlech Situatioun ass zu Lëtzebuerg wuel nach eppes besser wéi bei villen aneren, mee et dierf elo net zougelooss ginn, datt déi kleng an de Mëttelstand nees de Kapp sollen duerhalen, fir datt déi „Déck“ sech et weider, wei de Mued am Speck, gutt kënne goe loossen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Nach ëmmer laut Oxfam, géif sech de fiskalen Undeel op 104 Milliarden Euro belafen, eng Zomm déi duer géif goen, fir den Depistage an d‘Impfstoffer vun alle Mënschen op der Welt ze finanzéieren. An esouguer da géifen nach 33 Milliarden iwwreg bleiwen, déi an déi ëffentlech Gesondheetssystemer kéinten investéiert ginn. Mee esou funktionéiert de Kapitalismus awer net.

Dat gesot, huet den OGBL vill Fronten op deenen et heescht Present ze sinn an d‘Interesse vun de Salariéeën ze verdeedegen. Déi éischt Missioun vun der Gewerkschaft ass et elo dofir Suerg ze droen, datt déi Lounofhängeg an hir Familljen déi éischt Affer vun der Kris ginn. Et muss alles ënnerholl gi fir déi sozial Ongläichheeten net nach weider wuessen ze loossen, esou den OGBL.

Déi fënnef Sailen

Aarbecht – D‘Prioritéit vun der Gewerkschaft läit hei op der Reform vum Gesetz zum „Maintien dans l‘emploi“. Den aktuell gültege gesetzleche Kader wier net verflichtend genuch a géif streng geholl och net de Realitéite vum Terrain entspriechen. Mee och d‘Gesetz zu de Sozialpläng muss endlech reforméiert ginn. Hei géif et ze vill Lastik-Paragraphen déi d‘Patronat sech zu notze mécht.

Kafkraaft – Beim OGBL ass den Erhalt vun der Kafkraaft e ganz eeschte Sujet, firwat dann och nach ëmmer fir eng Hausse vum Mindestloun (mindestens 10%) gekämpft gëtt. Mee et misst elo zu enger Revalorisatioun vun de Familljenzoulage kommen. Déi sinn zanter 2006 net méi am Index an den Accord vun 2014 hätt d‘Regierung bis haut net ëmgesat. Hei muss dréngend eng geschéien.

Wunnen – De Loyer ass nach ëmmer déi gréissten Ausgab fir d‘Menagen an näischt deit drop hin, datt déi sollte raisonnabel ginn. Weder de Pakt Logement 2.0, nach d‘Reform zum „Bail à Loyer“ Gesetz kënnen awer eppes géint d‘Spekulatioun ënnerhuelen. 10% bezuelbar Logementer ginn net duer a vill Promoteuren halen sech och net drun. Dësen Dossier wäert nach Fonke schloen…

Wee© Martine de Lagardère/moien.lu

Steiergerechtegkeet – Datt et mat der Steiergerechtegkeet net wäit hir ass, dat ass gewosst. Den OGBL verlaangt zu Recht, datt d‘Aarbecht an d‘Kapital gläichermoosse besteiert ginn. Doriwwer eraus soll et eng „Räichesteier“ an eng Besteierung op Ierfschaften an direkter Linn ginn. Heibäi soll awer d‘Valeur vun der eegener Wunneng neutraliséiert ginn. Et soll jo gerecht zougoen.

Sozial Sécherheet – All Ugrëff op déi sozial Sécherheet wäerte vun der Gewerkschaft mat alle Moyenen zeréckgeschloe ginn. Déi sanitär Kris hätt androcksvoll bewisen, wéi wichteg ee staarkt Sozialsystem ass. Fir de Lëtzebuerger System ze stabiliséieren, sollt der CNS d‘Geld, dat fir de Finanzement vum Congé aus familiäre Grënn gefloss ass, kuerzfristeg zeréckbezuelt ginn.

Verluechten Tripartite

De Premierminister hat bekanntlech decidéiert, datt et am Hiecht eng weider Tripartite-Reunioun soll ginn, déi muss elo awer waarden, bis hien seng Ried „Zur Lag vun der Natioun“ an der Chamber zum beschte ginn huet. Eigentlech hätt et dës Sëtzung elo Ufank Oktober solle stattfanne mee de Xavier Bettel hätt dofir gären d‘Resultater vun den Aarbechtsgruppe virleie gehat.

An déi leien net vir, wëll et coh nach net der Däiwel vill Reunioune ginn huet. Den OGBL muss sech folgerichteg dann elo emol op bilateral Gespréicher mam Patronat aloossen. Wann de Premier dann den 13. Oktober seng Ried gehalen huet, sollt hie mat erhieflechem Drock säitens de Gewerkschafte rechnen. Déi haten am Juli fir eng 2. Ronn gekämpft a wäerten net labber loossen.

Als weider Erausfuerderung stinn dann och nach d‘Verhandlunge fir en neie Kollektivvertrag am Gesondheetssecteur un. Wéi wichteg dëse Secteur ass, dierft jo elo jidderengem bewosst gi sinn, an et muss elo alles dru gesat ginn, fi dëse Secteur ze stäerken. Zesumme mam LCGB hätt een dofir beschloss d‘Fuerderungen zesummen auszeschaffen. De Kollektivvertrag ass den 30. Juni ausgelaf.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Aarbecht, Kafkraaft, OGBL, sozial Sécherheet, Steiergerechtegkeet, Wunnen
Next post Previous post