Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
SLEG: Wann et muss sinn da gëtt ebe Gestreikt
Meenung Neiegkeeten

SLEG: Wann et muss sinn da gëtt ebe Gestreikt

Am Lënster Lycée, hat d‘Gewerkschaft vun de graduéierten Educateuren (SLEG)

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee

Fir déi Lëtzebuerger Acteuren aus dem Informatiksecteur, dierft de Rapport,

dislike
TDF: Éischt Victoire fir Démare, läscht Etapp fir Sagan
Meenung Neiegkeeten

TDF: Éischt Victoire fir Démare, läscht Etapp fir Sagan

Keen Tour de France ouni Skandal. Dem Fransous Arnaud Démare

Eisebunner mat Bedenken (kommentéiert)

Zwou Gewerkschaften si net vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport iwwerzeegt

Eisebunner mat Bedenken (kommentéiert)

Zanter Mëtternuecht ass de gesamten ëffentlechen Transport (Bus-Tram-Zuch) gratis, esou war et en Donneschdeg entscheet ginn. Lëtzebuerg ass dat éischte Land op der Welt datt dëse Schratt gewot huet a bereet ass 41 Milliounen Euro, all Joers fir dëse Service auszeginn. Eigentlech ee Grond zur Freed… mee wéi et nu emol esou ass, jidderengem kann een et net Recht maachen.

An d‘Gratuitéit-Kregéiler sinn net déi üblech verdächteg Politaktivisten, nee hei sinn et zwou Gewerkschaften déi sech a Kritik üben. De Landesverband (FNCTTFEL) dee kierzlech dem OGBL bäigetrueden ass an d‘Syprolux halen dat Ganzt fir „verfréit“ an ze „séier“. D‘Eisebunner sinn also veronséchert? Dat zumindest ass d‘Meenung vun dësen zwou Gewerkschaften um Freideg…

Gutt, am Kontext vun de Sozialwahlen 2019 hat d‘Syprolux sech scho géint d‘Gratuitéit opgestallt a eigentlech fäerte béid Gewerkschaften, datt et bei der CFL zum Aarbechtsplazofbau komme kéint. E Virworf dee laut dem François Bausch (déi gréng) onberechtegt ass, well elo d‘Zuchbegleeder sech endlech ganz op hir Missiounen (Sécherheet/Informatioun) konzentréiere kënnen.

Och fir d‘Schalterpersonal gëtt et bei der CFL „Verwendung“, wou also dréckt de Schong? Vum Landesverband-Häuptling Goerges Merens huet et geheescht, datt hien sech haut (29. Februar) wollt „dee leschten Ticket“ kafe fir dësen am „Signal“, der Eisebunnerzeitung verëffentlechen. Blöd just datt de Minister den 29. Februar kuerzerhand zum 1. Mäerz erkläert huet.

Et gëtt nach Ticketen, oder?

Eng absolut richteg a verstänneg Moossnam, schliisslech gëtt „fett gefeiert“ a wann engem duerno ass all dës Leit ze motivéieren „mam“ ëffentlechen Transport“ un de Festivitéiten deelzehuelen, da mécht et Sënn datt se „gratis“ dohinner kommen, vu datt d‘Wahrscheinlechkeet grouss ass, datt déi meescht Partygäscht jo hätte kënne „gratis“ heem fueren. Mee den Ticket „20.02.2020“ ass Äddi…

Fir d‘Mylène Bianchi, Presidentin vun der Syprolux, ass d‘Roserei anescht gelagert: Si beklot datt et dozou keng Ofsprooch mat den Operateuren oder Sozialpartner ginn huet. Woubäi een hei awer gutt Uecht muss doen. Weder d‘Mylène Bianchi nach de Georges Merens stellen d‘Gratuitéit u sech a Fro, mee si halen et fir verfréit, oniwwerluecht a mat ville Risike verbonnen.

Bei der Syprolux gëtt d‘Argument ugefouert, datt de Client dee keen Zuchbilljee huet, och kee „Vertrag“ mat der CFL fir den Transport ofgeschloss huet, wat d‘Autoritéit vum Zuchbegleeder géif a Fro stellen. Wann et virdru scho komplizéiert war sech en Auswäis weisen ze loossen, wier et elo quasi onméiglech. Woubäi ee sollt drun erënneren, datt Persounekontroll der Police hire Job ass.

Eppes ze bequem?

An da sinn déi Gewerkschaften och nach der Usiicht, datt een hätt solle waarde bis all d‘Aarbechten um Reseau an den Infrastrukturen ofgeschloss sinn. Den Ticket fir d‘Éischt Klass gëtt bäibehalen, an hei wéissten si gären, wéi een an de Spëtzestonne ka sécherstellen, datt déi Clienten och hiren Usproch op eng Sëtzplaz an der éischter Klass kënnen duerchsetzen. Dat konnt een och virdrun net.

Bei allem Respekt, datt si hir Memberen ze representéieren hunn ass gutt a wichteg mee dat wat se elo grad veranstalten ass bëllegen Aktionismus géintiwwer engem „Fait Accompli“. Wann et awer, wéi mir unhuelen, och drëms geet eppes Ëffentlechkeetsaarbecht ze bedreiwen, wieren si gutt berode gewiescht mat engem Stand um Fest e Samschdeg an op de Plëss e Sonndeg deelzehuelen.

Gutt dat bedeit Opwand bedreiwen, Leit fannen déi hir Fräizäit wëllen afferen a méiglecherweis och ee Fluchblat mat de ganzen Doleancen a Virschléi ausschaffen, déi een dem interesséierte Public an de Grapp drécke kann. Et ass erwisenermoosse méi einfach sech bei de wëllege Medien zu Wuert ze mellen an d‘Kollegen huelen datt och gären un. Datt et Blödsinn ass, dat behaapte just mir…

Illustratioun: © Brian Suman / unsplash

Ähnlech Sujeten CFL, Eisebunner, FNCTTFEL, Gratis Ëffentlechen Transport, Landesverband, OGBL, Syprolux
Nächsten Artikel Virrechten Artikel