Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déck Loft op der Generalversammlung vum SNPGL
Neiegkeeten

Déck Loft op der Generalversammlung vum SNPGL

Eng ronn 300 Beamte vun der Police hu gëschter Owend

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten
Neiegkeeten

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten

Pyongyang huet um Samschdeg eng spektakulär Entscheedung geholl a bekannt

Jemen: 1 Millioun Kanner vun Hongersnout bedreet!
Neiegkeeten

Jemen: 1 Millioun Kanner vun Hongersnout bedreet!

Haut huet d‘ONG „Save the Children“ déi international Communautéit virun

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint

Laut eiser Police, waren et ronn 250 Eisebunner aus Lëtzebuerg, der Belsch a dem Frankräich, déi sech am fréien Nomëtteg zu Lëtzebuerg getraff hunn. Si hunn um Rand vum Treffe vun den EU-Transportminister op d‘Gefore vun der Liberalisatioun vum Schinneverkéier opmierksam gemaach.

Géintiwwer der AFP, huet de Generalsekretär vun der franséischer Federatioun CGT-Cheminots erkläert: „Et ass eng gewerkschaftlech Initiativ, d‘Ministeren ze interpelléieren an op d‘Gefore vun der Liberalisatioun am Eisebunnssecteur hinzeweisen. (…) D‘Iddi war et och de Leit ze weisen, datt esouguer wann eis Ministesch (Elisabeth Borne) am Ausland ass, mir si am A behalen“.

D‘Eisebunner ware fir dës Aktioun, dem Opruff vun der europäescher Transportgewerkschaft ETF nokomm. Organisatiounen aus der Belsch a Lëtzebuerg, haten sech dem Rassemblement, bei deem hir franséisch Kollege vun der CGT, der Unsa an der CFDT d‘Majoritéit gestallt hunn, ugeschloss.

D‘Privatiséierung stellt déi falsch Weichen

Mat senger Kapp op där den Autocollant vun der CGT engem riicht an d‘Ae spréngt, ass de Philippe Delespaux vu Vaires-surMarne (am Oste vu Paräis) extra op Lëtzebuerg komm, fir d‘Interessen, engersäits vu sengen Eisebunner-Kollegen, anersäits de Passagéier ze verdeedegen.

„Et dierft dat heite mäi leschte grousse Konflikt sinn, un deem ech mech als aktiven Eisebunner bedeelegen“, seet de Mann deen dee bei SNCF als Gleisaarbechter ugestallt ass, an elo an 18 Méint, no 26 Déngschtjoer an d‘Pensioun geet. „D‘Problemer déi d‘Liberalisatioun mat sech bréngt, sinn um britesche Beispill ersiichtlech. D‘SNCF, brauch net d‘Privatiséierung, mee eng Reform“.

An de Philippe Delespaux füügt bäi: „Do wou ech schaffen, op der LGV-Ost, gëtt et Aarbecht fir 40 Leit, mee mir sinn nëmmen zu 24“. Et ass dann och symptomatesch, an dat net nëmmen am Frankräich, fir déi europäesch Eisebunnen. De schlechten Zoustand vun de Strecken ass e Fakt.

Scho 27 Streikdeeg am Frankräich

Bei der SNCF komme säit Ufank vum Mouvement am Abrëll, bis ewell 27 Streikdeeg zesummen. D‘Gewerkschaften denoncéieren déi falsch Reformen, wéi d‘Erëffnung vum Passagéiertransport fir d‘Konkurrenz, d‘Ëmwandlung vun der SNCF an eng Aktiëgesellschaft mat ëffentlechem Kapital an d‘Ofschafe vum Eisebunnerstatut.

An och wann den Taux vun de Grevisten – am Verlaf vum Streik deen episodesch, also 5 Deeg schaffen an dann 2 Deeg streiken, liicht réckleefeg ass, esou bleift den CGT-Generalsekretär, Laurent Brun, zouversiichtlech: „Mir hunn hat de 27. Streikdag, an dat dréckt natierlech op d‘Pai, do gëtt et logescherweis en Ënnerscheet vum éischten Dag.

Mee de Gewerkschaftler wéist och drop hin, datt d‘Bedeelegung nach ëmmer ëm déi 18 bis 20% bedréit, an si dovunner ausginn, datt bei der nächster Phas, den 12. Juni, nees méi Eisebunner d‘Aarbecht wäerten néierleeën.

Bis dohinner muss een awer drop hiweisen, datt de Streik fir d‘Manifestanten och Konsequenze mat sech bréngt. Hat d‘CGT sech erhofft, tëscht 500 n 1.000 Eisebunner mobiliséiert ze kréien, esou waren der vill vun hinne selwer Affer vum Streik ginn. „Et huet vill Zich déi Verspéidung hunn“, huet de Laurent Brun sech mussen agestoen.

mat AFP

Foto: De Generalsekretär vun der CGT-Cheminots, Laurent Brun (hei am Gespréich mat der Press zu Paräis den 3. Mee) begréisst, datt vill Eisebunner dem Opruff vun der europäescher Gewerkschaft ETF nokomm sinn, fir d‘EU-Transportminister op d‘Gefore vun der Liberalisatioun hinzeweisen. © Jacques Demarthon/AFP

Ähnlech Sujeten CGT-Cheminots, Eisebunnergewerkschaft, EU-Transportminister, Kierchbierg, SNCF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel