Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Net emol dat mam Waffegesetz kréien se hin
International Neiegkeeten jobs with dating sites

dating 6 months gift

Datt een als Regierung net nëmmen d‘Wuel vu senge Bierger,

ceca dating
International Neiegkeeten jobs with dating sites

déi Lénk: Déi „gréng Long“ net dem Profit afferen

Säit Woche brennt elo de Reebësch am Amazonasgebitt. Dëst ass

Winter Lights: A wann dach nëmme Chrëschtdag wier
International Neiegkeeten jobs with dating sites

Winter Lights: A wann dach nëmme Chrëschtdag wier

Vum 22. November bis zum 7. Januar feiert d‘Stad Lëtzebuerg

Eisebunnerstreik am Frankräich (erkläert)

Regierung deckt d‘Direktioun vun der SNCF, d‘Gewerkschafte bleiwe standhaft

Eisebunnerstreik am Frankräich (erkläert)

D‘Schnellzich (TGV) an d‘Ouigo-Zich sollen ab haut nees „normal“ zirkuléieren, op de Regional-Strecke kann et nach zu Behënnerunge kommen. Zanter dräi Deeg maachen d‘Kondukter vun den Zich gebrauch vun hirem „Réckzuchsrecht“, nodeems et an den Ardennen et Accident ginn hat, bei deem zuelräich Passagéier a den Kondukter blesséiert goufen.

Bei eise franséischen Noperen ass et um Donneschdeg zu engem gréisse soziale Mouvement komm, nodeems et um Mëttwoch an den Ardennen zu engem Zuchaccident komm war. Heibäi goufen 11 Persoune blesséiert, dorënner de Kondukter, deen den eenzege SNCF-Agent an dësem Zuch war. Deen huet, obwuel selwer verletzt, sech missen ëm d‘Sécherheet vun de Passagéier këmmeren.

EisebunnerstreikDat huet derzou gefouert, datt d‘Gewerkschaften – déi scho länger d‘Onsécherheet an den Zich denoncéieren – an Aktioun getruede sinn. D‘Kondukter hunn du vun hirem Réckzuchsrecht gebrauch gemaach, wat esou vun der SNCF-Direktioun an dem Premierminister Edouard Philippe net unerkannt gëtt. Si schwätze vun engem „wëlle Streik“ a behaapten sech op bestoend Regelen.

Fir de Staatssekretär fir den Transport, Jean-Baptiste Djebbari, ass de Mouvement illegal an hie fuerdert d‘SNCF op ze préiwen, wéi eng (legal) Méiglechkeete bestinn, fir individuell Sanktioune géint Eisebunner ze ergräifen, déi sech dem Mouvement ugeschloss hunn. Anescht ausgedréckt: d‘Eisebunner gi bezichtegt e wëlle Streik organiséiert ze hunn, wat gesetzeswiddreg ass.

Wat ass dat mat deem „Réckzuchsrecht“?

Am franséischen Aarbechtsrecht huet all Salarié ee sougenannt „droit d‘alerte et de retrait“, vum hie Gebrauch maache kann, wann et ee vernënftegt Motiv huet unzehuelen, datt seng Aarbecht eng imminent a grouss Gefor fir säi Liewen oder seng Gesondheet duerstellt an/oder dësen en Defekt an de Schutzsystemer feststellt. Dës Gefor kann individuell oder Kollektiv sinn.

EisebunnerstreikFir Gebrauch vu sengem Réckzuchsrecht ze maachen, muss de Salarié säi Patron informéieren, mee hie kann sech och un d‘Personalvertriedung oder se sozioekonomesche Comité vum Betrib wennen. Fir allem awer huet de Salarié d‘Recht – och ouni Accord vum Patron – seng Aarbecht néierzeleeën an hie muss déi och net ophuelen, esoulaang wéi déi genannte Gefor weiderbesteet.

An dësem Kontext kann de Patron dem Salarié dann och weder eppes vun der Pai ofzéien an deen dierf och net bestrooft ginn, wann d‘Réckzuchsrecht mat legitimmen Argumenter genotzt gëtt. Och interessant: de Patron ka vu sengem Employé kee schrëftlecht Signalement vun enger geféierlecher Situatioun verlaangen, fir vun dësem Réckzuchsrecht gebrauch ze maachen.

Firwat esou ee massiver Mouvement?

Nodeems et e Mëttwochowend 16. Oktober op der Streck Charleville-Mézières – Reims zu engem Accident tëscht dem TER an engem Sonnertransport (dee war op enger Barrière hänke bliwwen) komm ass, bei deem de Kondukter an eelef Persounen deels schwéier blesséiert goufen, ass op en Neits d‘Sécherheet a Fro gestallt ginn, well keen Zuchbegleeder mat an dësem Zuch war.

EisebunnerstreikSud-Rail, CGT-Cheminots, FO-Cheminots an d‘FGAAC CFDT kontestéieren zanter laangem, datt d‘Zich just nach e Kondukter hunn. De Kontroller aus wirtschaftleche Grënn ofgeschaaft ginn. An och wann et richteg ass, datt dëse „System“ zanter elo gutt 10 Joer esou „gereegelt“ ass, et daacht nëmmen esoulaang wéi näischt geschitt. D‘Gewerkschaften denoncéieren dëse Fait.

A wann et verständlech ass, datt sech d‘Salariéeë vun der SNCF net „sécher fillen“, esou geet et hei och ëm d‘Sécherheet vun de Passagéier. Och d‘Aarbechtsinspektioun huet de Gewerkschaften hei bestätegt datt d‘Réckzuchsrecht legitim agesat ginn ass. Gefuerdert gëtt elo, datt keen Zuch méi dierf ënnerwee sinn, wou net mindestens een Zuchbegleeder mam Kondukter u Bord ass.

D‘Positioun vun der SNCF-Direktioun

Fir de SNCF-President Guillaume Pepy handelt et sech bei dësem Mouvement, ëm e wëlle Streik dee sech net gesetzlech Virgaben hält. „Et ass kee Réckzuchsrecht, et gëtt keng imminent a grave Gefor an klengem vun den Zich vun der SNCF“, esou dee Mann, dee selwer nëmmen noutgedronge mam Zuch fiert an eigentlech just d‘Missioun huet, d‘Scholde vum Staatsbetrib ofzebauen.

EisebunnerstreikHien huet dann och net de Sozialdialog am Sënn, mee verséchert datt d‘Entreprise all Spuere wäert ënnersichen, déi et erlaben ze determinéieren datt et sech hei ëm e wëlle Streik an net ëm de Gebrauch vum Réckzuchsrecht handelt. D‘SNCF huet dat esou och ganz onmëssverständlech via Twitter erkläert. Hir Rechnung, de Client géint de Salarié auszespillen ass bis ewell opgaangen.

Dat gesäit d‘Regierung och esou an de Premierminister Edouard Philippe encouragéiert d‘SNCF-Direktioun all Méiglechkeeten och juristesch ze préiwen a mat aller Häert géint d‘Salariéeë virzegoen, déi sech dësem Mouvement ugeschloss hunn. Säitens der Regierung schéngt ee ganz determinéiert ze sinn, de Guillaume Pepy zu „exemplaresche Moossnamen“ unzedreiwen.

E Gesetz mat vill „Gummiparagraphen“

Wann ersiichtlech ass, datt de Gebrauch vum Réckzuchsrecht, oder de wëlle Streik, jee nodeem zu wéi enger Säit ee gehéiert, juristesch Folgen huet, stellt sech d‘Fro wéi d‘Affekoten dat ganzt betruechten an déi sinn sech net eens. Esou heescht et beispillsweis: „Et kann hei unhuelen datt sech ëm e Streik aus Solidaritéit handelt. Et ass net virstellbar datt eng Gefor fir d‘Eisebunner besteet“.

EisebunnerstreikDe Conseil vum nationale Barreau gëtt ze bedenken: „De Riichter huet net iwwer d‘Realitéit vun der Gefor ze befannen. Dee muss feststellen op d‘Motiv dem raisonnabele Charakter entsprécht“. A well d‘Gesetz u sech just verlaangt datt et e vernënftegt Motiv muss ginn, dat drop schléisse léisst dat eng Gefor besteet, kréien d‘Salariéeë meeschtens vun de Geriichter Recht.

Sollt dat och am vun der SNCF ugestriefte Rechtssträit de Fall sinn, da riskéiert d‘Entreprise sech eng anzefänken. En Uerteel zugonschte vun de Salariéeë géif bestätegen datt d‘Entreprise net fir d‘Sécherheet vu sengen Employée gesuergt huet. Dat kéint de Guillaume Pepy eng deier ginn an dann ass mat Sécherheet kee Premierminister oder Staatssekretär do, fir hien a Schutz ze huelen.

mat indymedia/par

Foto: Dat ass den TER Charleville-Mézières – Reims, dee mat engem op enger Barrière blockéierte Sonnertransport kollidéiert ass. Fir d‘Direktioun vun der SNCF huet awer zu kengem ament eng Gefor fir d‘Passagéier oder de Kondukter bestanen. D‘Passagéier gi jo och selwer eens wann et zu engem Accident kënnt an Accidenter geschéien all Dag. © Thomas Portes / Collectif Cheminots

Ähnlech Sujeten Edouard Philippe, Eisebunnerstreik, Guillaume Pepy, Jean-Baptiste Djebbari, SNCF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel