Search

You may also like

Chantier Pont Buchler: Déi nächst Phas um 6. a 7. Februar
Neiegkeeten

Chantier Pont Buchler: Déi nächst Phas um 6. a 7. Februar

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt een um 6.

Optakt vun der COP25 zu Madrid
Neiegkeeten

Optakt vun der COP25 zu Madrid

Nach iert et zu Madrid mat der UN-Klimakonferenz COP25 konnt

Réckruffaktioun fir de „Kong Strong Sugar Free Energy Drink XXL“
Neiegkeeten

Réckruffaktioun fir de „Kong Strong Sugar Free Energy Drink XXL“

Déi fir Liewensmëttelsécherheet zoustänneg Administratioun huet matgedeelt, datt si vu

De véierten Eisebunnspak steet an der Kritik vun der Salariatskummer

Dobäi ginn et Ausname fir kleng Reseauen

De véierten Eisebunnspak steet an der Kritik vun der Salariatskummer

Iwwert de véierten Europäescht Eisebunnspak gouf scho vill diskutéiert. Esou soll et eng weider Liberaliséierung vum Eisebunnsmarché mat sech bréngen. Sënn an Zweck ass et, d’Strecken europawäit auszeschreiwen an esou duerch d’Konkurrenz besser Leeschtunge fir mi bëlleg Präisser ze kréien. D’Ëmsetzung vun den entspriechenden Direktiven soll elo an engem Gesetz zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn an d’Salariatskummer léisst et net u Kritik dorunner feelen.

An hirem Avis zum Projet de loi 7254/01 kristalliséieren sech nawell schnell e puer Punkten. Esou fäert d’Salariatskummer, datt et vill negativ Effekter vun dëser Liberaliséierung wäert ginn. Si bemängelen, datt et keng Evaluatioun gouf, wat dat fir Lëtzebuerg géing bedeiten. De Pak gesäit fir, datt d’Notzung vun de Linnen an Zukunft europawäit misst ausgeschriwwe ginn a just nach en Ausnamefäll direkt geschéie kéint. Den erwënschten Effet dovunner géing der Salariatskummer no awer ausbleiwen. Et kéim net zu enger Verbesserung vum Service, enger Widdergeburt vum Zuchverkéier oder enger Reduktioun vun den Exploitatiounskäschten. Mee et fäert een duerch d’Opmaachen eng gréisser Ufällegkeet fir Outsourcing, mat alle soziale Konsequenzen, déi sech dorausser ergi géifen.

Lëtzebuerg profitéiert vu verschiddenen Ausnamen

D’Liberaliséierung géif weider dozou féieren, datt den ëffentlechen Monopol duerch eng grouss Grupp vu quasi-Monopolen a privaten Hänn géif féieren. Dat géing dann och zu Sozialdumping, eng manner gutt Sécherheet an d’Involvéiere vu Multinationalen féieren. Do virdrun misst ee sech hidden, géingen d’Multinationale méi nom Profit kucken, wou wéinst Investitioune kéinten ausbleiwen.

Während et duerchaus richteg ass, datt d’Bedreiwe vun enger Streck muss europawäit ausgeschriwwe ginn, sinn och Ausname méiglech.  Virun allem fir klenger Schinnenetzer, wéi elo dat Lëtzebuergesch, bleift d’Direktverginn vun esou enger Streck weiderhi méiglech. Eng reegelméisseg Prüfung vun der Leeschtung vun der CFL ass do awer eng kloer Viraussetzung.

 

 

Related topics Ëffentlechen Transport, Lëtzebuerg, Zuch
Next post Previous post