Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CNPD: Den 28. Januar ass Dateschutzdag
internet dating first messages Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-tinder-reddit/

Den Europarot organiséiert all Joer um 28. Januar, mat Ënnerstëtzung

internet dating first messages Neiegkeeten

Konditiounen – Gewënnspill Weltautismusdag 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Vun Drogen, presséierte Mënschen a verluere Führerschäiner
internet dating first messages Neiegkeeten

Vun Drogen, presséierte Mënschen a verluere Führerschäiner

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, huet

Den 1. Mee start d‘Saison am Industrie- an Eisebunnspark zu Fond-de-Gras

Den 1. Mee start d‘Saison am Industrie- an Eisebunnspark zu Fond-de-Gras

Keng Loscht op gewerkschaftlech Rieden oder d‘bastele vun engem Meekranz? Awer och keng Loscht de Feierdag als „Couch Potato“ ze verbréngen? Da kéint dir jo un der Ouverture vun der Saison am Minettpark Fond-de-Gras deel huelen. Op eleng oder mat der Famill, hei ass et Flott.

Interessant zudeem: jiddereen dee sech um 1. Mee fir den ëffentlechen Transport sollt entscheede, kann ab der Gar vu Péiteng mam „Train 1900“ op d‘Plaz fueren. A firwat wëlle mir iech dohinner lackelen? Ma de Minettpark ass vill méi wéi nëmmen en Zäitzeie vun der industrieller Kultur déi eist Land gepräägt huet, et ass och nach risegen „Open-air Musée“ mat ganz villen Aktivitéiten.

Nieft dem „Train 1900“ a sengen Dampmaschinnen, der aler Minn „Giele Botter“, dem kelteschen Oppidium um Tëtelbierg, léisst et sech och zu Zowaasch (Lasauvage) gutt aushalen. Um éischte Mee dierft sech awer de Gros vun den Animatiounen am Fond-de-Gras konzentréieren.

Hei gëtt et jo och villes ze kucken: eng Epicerie vun „Anno Tubak“, de Schapp an d‘Gar vun den Eisebunner – do gëtt déi lecker Eisekuche vun deenen am ganze Land geschwat gëtt,  an och soss alles wat Léif a Séil zesummenhält. Et sollt een d‘Geleeënheet dann och notze fir en Tour mat der Minièresbunn ze maachen, woubäi – an dat ass kee Witz – e waarme Pullover ugeroden ass.

A wat ass soss nach?

Mat der Minièresbunn lant een dann zu Zowaasch, wou een sech iwwert d‘Geschicht vum Duerf a sengen Awunner erkënnege kann. Ganz interessant an dësem Kontext, de Volet deen de Refraktäre gewidmet ass. Wéi de „Preis“ sengerzäit Lëtzebuerg iwwerfall a besat huet, ass et dësem net duer gaangen sech d‘Ressource vum Land ze kropen, nee och „Kanounefudder“ ass gebraucht ginn.

Dat huet vill Jongen a Männer derzou gedrongen sech virum Okkupant ze verstoppen, dee mat der Zwangsrekrutéierung a ville Famillje fir grousst Leed gesuergt huet. Wie konnt, huet sech an der Minn verstoppt. Och dat e gudde Grond sech zu Zowaasch a Rou ëmzekucken, mee net nëmmen.

A wann een da schonn emol op der Plaz ass, sollt e sech am Musée „Eugène Pesch“ ëmkucken. Hei si Fossillen, besonnesch Mineralien a den Minnenaarbechter hiert Handwierksgeschir ausgestallt. E klengt Highlight bitt den „ale Vestiaire“ vun den Aarbechter. Et ass ee vun den zwee déi am Land erhale goufen, an och soss an der Regioun ass „d‘Salle des Pendus“ vun Zowaasch bekannt.

De perfekten Dag an der Natur?

Elo wou dann emol esou zimlech alles ernimmt ginn ass, wat ee sech sollt ukucken, wëlle mir awer nach eng Lanz fir d‘Géigend u sech briechen. Op een einfach e klengen Trëppeltour wëll maachen, een eventuell mam Mountainbike alles wëll entdecken, oder mat senger Pärel e Picknick am grénge geplangt huet, et gëtt näischt wat d‘Géigend net ze bidden hätt. Dat ass keng Reklamm dat ass Fakt.

Sou elo wou mir iech hoffentlech de Mond gutt wässereg gemaach hunn, de Mupp wahrscheinlech scho mat der Léngt tëscht den Zänn bei der Dier waart, d‘Butze lues awer sécher ongedëlleg ginn, an de Partner sech iwwerzeegt datt de Gas zougedréint an d‘Luuchten ausgemaach goufen: et ass eréischt den 1. Mee wou et lass geet. Dir kënnt et also gemälleg ugoen…

Hei nach e puer Säiten déi vun Interessi dierfte sinn:

Foto: © Minettpark Asbl

Ähnlech Sujeten Fond-de-Gras, Minettpark, Minièresbunn, Tourismus, Train 1900, Zowaasch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel