Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘EU beschäftegt sech mat de Budgeten nom Brexit
Kultur Neiegkeeten

D‘EU beschäftegt sech mat de Budgeten nom Brexit

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun den Debat zu de Budgeten nom

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden
Kultur Neiegkeeten

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden

No de Wahlen, ass, virun de Wahlen. Esou zumindest sollt

Startschoss fir d’Schéiferei Weber: Elo gëtt nees gewandert!
Kultur Neiegkeeten

Startschoss fir d’Schéiferei Weber: Elo gëtt nees gewandert!

Déi déieresch Méimaschinne sinn nees ënnerwee. No der wanterlecher Auszäit

Éisleker Schofsfest um Cornelyshaff zu Hengescht

E Sonndeg 15. September vun 10 bis 18 Auer

Éisleker Schofsfest um Cornelyshaff zu Hengescht
© Cornelyshaff/Tourist Center Clervaux

Dat Éisleker Schofsfest vun de Lëtzebuerger Ardenne gëtt de 15. September scho fir déi 4. Kéier um Cornelyshaff zu Hengescht ausgedroen. Dat handwierklecht Kënne vun de Schofsziichter an d‘Handwierker déi Woll verschaffe ginn hei besonnesch ervirgehuewen. Vill Virféierungen an ee sëllechen Ateliere ginn esouwuel fir d‘Butze wéi och déi elle Semester organiséiert.

Verantwortlech fir d‘Organisatioun ass de Lëtzebuerger Schéifer-Verband, deen dëse flotten Event an Zesummenaarbecht mat dem Naturpark Our, dem Klierfer Tourist-Zenter an der Fanfare Ste. Cécile Hengescht op d‘Been gestallt huet. Duerch den INTERREG-Projet „Optrag Woll“ riicht sech dës ganz interessant Veranstaltung och un d‘Aussteller an de Public aus der Groussregioun.

Schofsfest

Wéi bei de leschte 3 Editiounen, weisen Erzeuger, lokal a regional Handwierker, mee och Betriber déi ganz Bandbreet u Produiten op der Grondlag vu: Schofswoll, Schofsfleesch a Schofsmëllech. D‘Schofsziichter weise verschidde Schofsrassen a ginn Erklärungen zum Beruff. De Schéifer-Verband organiséiert eng „Körung“ (dat ass d‘Auswiel fir déi fir d‘Zuucht gëeegent Déieren).

Schofsfest

Bei dëser „Demonstratioun“ geet et ëm Texel-Schof. Den „Texelaar“ huet säin Numm vun der Insel Texel an ass dat an Holland am heefegste gehale Schof. Fachleit demonstréiere verschidden Zorte Woll an déi verschidden Etappe vun hirer Veraarbechtung (Spanne, Wiewen asw.). D‘Schéiferei Weber weist den Ëmgang mat de Schéiferhënn. Fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt.

Matgedeelt vum Klierfer Tourist-Zenter, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Tourist Center Clervaux

11, Grand-Rue • L-9710 Clervaux

Tel.: +352 92 17 45-1

info@touristcenter.lu

Fotoen: © Cornelyshaff/Tourist Center Clervaux

Ähnlech Sujeten Cornelyshaff, Éisleker Schofsfest, Lëtzebuerger Schéifer-Verband, Naturpark Our, Tourist Center Clervaux
Nächsten Artikel Virrechten Artikel