Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ArcelorMittal: Gréng Luucht vun der EU-Kommissioun fir d‘Iwwergab vum Standuert Diddeleng
Neiegkeeten Stories

submarine dating urban dictionary

De 17. Mäerz 2019 huet d‘EU-Komissioun dem Verkaf vun de

https://moien.lu/what-does-hook-up-really-mean/
Neiegkeeten Stories

Caracas léisst sech net aschüchteren a schéckt d‘Vertrieder vu Washington heem

Déi Aart a Weis wéi Washington mat der politescher Souveränitéit

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli/August
Neiegkeeten Stories

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli/August

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Eist Wieder verännert sech

Wéi entsteet esou en Tornado, wou kënnt esou eppes heefeger vir a wéi oft huet et där Tornadoe bis ewell zu Lëtzebuerg ginn?

Eist Wieder verännert sech

Nodeems en Tornado d‘Uertschafte Péiteng a Käerjeng uerg a Matleedschaft gerappt huet, a vill leit an de sozialen Netzwierker dës natierlech Katastroph als „normal“ bezeechent hunn, woumatter op de Virfall net soll op de Klimawandel verweisen, si mir der Fro emol nogaangen.

Grondsätzleches:

Als Tornado beschreiwen d‘Meteorologen e klengraimegen awer verheerende Wierbelstuerm. Dës Form vun Onwieder kënnt fir de gréissten Deel am Landesinnere vun den USA vir, an dat hei och virzuchsweis um „flaache Land“, dat an de Bundesstaaten Kansas, Nebraska, Oklahoma an Texas.

WiederD‘Regioun déi virzuchsweis vun dësem Ereegnes betraff ass, gëtt am amerikanesche Volleksmond „Tornado Alley“ genannt. Insgesamt ginn an den USA all Joer ronn 1.200 Tornadoe gemellt, eleng 600 dovunner entfalen op d‘Allee vun den Tornadoen an den uewe genannte Bundesstaaten.

Tornadoe gëtt et selbstverständlech och an Europa, hei gëtt dann allerdéngs éischter den Ausdrock „Wierbelstuerm“ benotzt. Eis däitsch Noperen haten 2018 ronn 300 dëser „Wierbelstierm“ notéiert, woubäi déi allermeeschte kaum Kraaft entwéckelen an esou net wierklech zur Kenntnis geholl ginn.

Wieder

(Archiv) Eng Tornado Superzell iwwert eng Klengstad am Oklahoma © Joe Belanger

En Tornado entsteet also iwwer „Festland“. En entsteet wann ënnert enger zolitter Reewollek déi waarm Loft spiralfërmeg opsteigt. Heibäi ginn déi zirkular Beweegungen ëmmer méi séier an do entsteet dann och op der Ënnersäit vun der Wollek, eppes wéi e Schlauch dee bis op d‘Äerd reecht.

Trëfft dëse „Schlauch“ op de Buedem, saugt hie wéi de Stëbssuckeler alles an d‘Héicht wat him an d‘Féiss kënnt. Berouegt sech d‘Wierkung dann nees, fält alles zréck op d‘Äerd. Dorunner kann een erkennen datt en Tornado onberechenbar ass. D‘Gefor hänkt hei vun der Loftgeschwindegkeet of.

Wieder

Dat Ganzt ka Wandspëtzte vu bis zu 500 Km/H opweisen… woubäi déi Vitessen an Europa ganz däitlech d‘Ausnam duerstellen. Tornadoe ginn a Klassen agedeelt, dat unhand der Fujita Skala, Déi geet vun F0 bis F6 (an eisem Fall war et en F2), a bis haut gouf nach keen F6 an der reell gesinn.

Wier nach ze betounen, datt et bal onméiglech ass direkt Mesurë virzehuelen. Aus dësem Grond gëtt d‘Stäerkt vun engem Tornado meeschtens unhand dem ugeriichte Schued festgeluecht. Virwarnung ass schwiereg. Wann een d‘Gefor och fréi erkenne kann, wou se sech entluet ass net Virauszegesinn.

Wéi oft si mir betraff?

Am Zesummenhang mat deem wat sech bei eis zougedroen huet, ass et interessant e Bléck op d‘Säit vun der „European Sewere Weather Database“ ze werfen. Hei geet ervir, datt et net eleng zu Péiteng a Käerjeng zolidd geblosen huet mee et an Holland zwee Tornadoe vun der Klass F1 ginn huet.

Wieder

Hei d‘Grafik vun der Unzuel un Tornadoen déi an Europa tëscht 1900 an 2016 registréiert goufen. Un der Entwécklung kann een erkennen, datt en Tornado net wierklech e normaalt Wiederereegnes ass. © European Severe Weather Database (www.eswd.eu)

Een dovunner zu Hem (Westfrisland) an deen aneren zu Amsterdam. Och hei huet et, esouwäit een et den Informatiounen enthuele kann, héije Materialschued ginn. A béide Regiounen huet dëst Onwieder ronn 15 Minutte gedauert. Zu Lëtzebuerg gouf en Zäitraum vu fënnef Minutte gemooss.

Wieder

Un dëser Grafik ass d‘Zuel vun de bestätegten Tornadoen am Zäitraum 2010/2016 festgehale ginn. Wéi gesot, onbedeitend Wierbelstiermescher ginn et der wiesentlech méi, hei déi wou tatsächlech e Gefor mat sech bruecht hunn. © European Severe Weather Database (www.eswd.eu)

Den Tornado deen eis esou haart getraff huet, war en Tornado vun der Klass F2, an och déi sinn éischter onüblech, méi heefeg kommen déi vun der Klass F1 vir, woubäi déi elo net de gréisste Schued uriichten. Ab F3 gëtt et geféierlech a bei F4 besteet Liewensgefor, ab F5 bleift kee Steen op deem aneren an en F6 huet (zum Gléck) bis ewell nach keen erlieft.

Wou war et bis ewell am schlëmmsten?

E vun de leschte ganz schwéieren Tornadoen hat den 8. Juli 2015 zu Mira (Regioun Venedeg) an Italien ginn. Am Fall vu Caserta hat sech den Tornado vun der Klass F4 am „Mesozyklon“ vun enger Superzell entwéckelt. Eng Persoun war hei zu Dout komm an 72 waren deels schwéier blesséiert ginn. 250 Haiser hat den Tornado ganz uerg a Matleedschaft gezunn.

De leschten Tornado vun der Klass F5 féiert zréck bis 1967. Am Frankräich zu Palluel (Pas-de-Calais) hat dësen Tornado 15 Mënscheliewe gefuerdert. Och dës Feststellung weist drop hin, datt esou en Tornado wéi deem vun e Freideg, net wierklech en normaalt Onwieder ka sinn.

Aus dem Joer 1981 gëtt déi gréissten Tornado-Well gemellt. Den 23. November vun dësem Joer hat eng Kalfront sech iwwer Groussbritannien breet gemaach an eng ganz Rei un Tornadoen ausgeléist. Hei ware bannent kierzter 104 Wierbelstierm notéiert ginn. 2016 hat et ähnleche Virfall ginn, dat mat engen 90 Tornadoe, déi awer ware längst net esou „intensiv“ wéi 35 Joer virdrun.

E leschte – well interessante Fall – féiert eis zum 10. September 1896. Op dësem Dag hat en F2 de Stadzentrum vu Paräis getraff. D‘Schneis huet sech vum „Jardin du Luxembourg“ 6 Kilometer wäit nordëstlech a Richtung Aubervilliers a Pantin erstreckt. Och hei ware Leit verstuerwen…

Den Tornado deen d‘Gemenge Péiteng a Käerjeng getraff huet, gëtt dann och vun allen Experten als „Aussergewéinlech“ bezeechent. Si weisen zudeem drop hin, datt vill Leit, wann si vun normale Wiederverhältnisser schwätzen, sech op béis Stierm bezéien déi natierlech och eng Gefor fir Leif a Séil duerstellen, sech awer mat engem Tornado referenzéiere loossen.

Gëtt et en Zesummenhang mam Klimawandel?

Dat kann een esou net empiresch beweisen, woubäi den Impakt vun der Äerderwiermung laut den Experten, fir esou Wiederereegnesser schonn ze spieren ass. Bei der Analys vun den Informatiounen zum Klima, déi vu MeteoLux fir den Zäitraum 2011-2018 zur Verfügung gestallt ginn, léisst sech keen Tornado noweisen.

WiederEt wier awer falsch all deenen Experten, déi sech am Radio an op den Tëleeën drop festgeluecht hunn, datt et wéinst dem Klimawandel zu méi dëser Tornadoe soll kommen, alles ze gleewen. Esou Behaaptunge loossen sech net wëssenschaftlech beweisen, woubäi d‘Äerderwiermung ganz kloer en Afloss op eist Wieder huet. Den Ëmfang vun dësem Afloss berout awer op Spekulatiounen.

Als wëssenschaftlech erwise gëllt, dat d‘Variabilitéit vun den Tornadoaktivitéite vu Joer zu Joer zouhëlt. Hei sinn dann awer och nees d‘USA méi staark betraff wéi Europa, wat net soll heeschen, et keng Verännerunge bei eis ginn. Fir den Ament zumindest wierkt sech d‘Äerderwiermung zum engem op d‘Temperaturen an zum aneren op d‘Nidderschléi aus, an dat ass och keng gutt Nouvelle.

Wieder

Eng Iwwersiicht vun den heefegsten Tornado-Klassen. © European Severe Weather Database (www.eswd.eu)

Zudeem dierft et fir den Ament net relevant sinn, sech iwwert den Ausléiser vum Tornado ze streiden. Klimawandel hin a Klima-Skepsis hir, et ass en aussergewéinlecht Ereegnes, an déi Leit déi vum Tornado geschiedegt goufen, brauche manner Diskussiounen iwwert e méigleche Klimawandel, dofir méi Solidaritéit an déi gëtt erwisenerrmoossen.

Foto: De Groussherzog Henri huet sech zesumme mam Premierminister Xavier Bettel an der Inneministesch Taina Bofferding esou wei dem Aarbechtsminister Dan Kersch e Sonndeg selwer e Bild vun der Situatioun gemaach. © CGDIS

Ähnlech Sujeten CDGIS, Dan Kersch, Groussherzog Henri, Käerjeng, Paul Schroeder, Péiteng, Taina Bofferding, Tornado, Wieder, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel