Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGDIS: Feier an 3 Garagen zu Zowaasch
International Neiegkeeten

CGDIS: Feier an 3 Garagen zu Zowaasch

Wéi de CGDIS matdeelt hunn um fréie Moien 3 Garagen

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg
International Neiegkeeten

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg

No enger drëtter Visitt vun der Inneministesch Taina Bofferding an

Ass de Fridden op der koreanescher Hallefinsel gräifbar no oder eng Illusioun
International Neiegkeeten

Ass de Fridden op der koreanescher Hallefinsel gräifbar no oder eng Illusioun

Et si ganz positiv Signaler, déi am Moment vun der

Éisträich wëll d‘Restriktioune lackeren

Aus enger Etüd am Alpeland geet ervir: Donkelziffer vun den Infektiounsfäll ass dräimol esou héich wéi et vun den offizielle Statistiken ausgewise gëtt

Éisträich wëll d‘Restriktioune lackeren

Nodeems een d‘Bedreeung duerch de Coronavirus Covid19 „eppes ënnerschätzt“ hat, dunn awer séier Moossnamen ergraff huet, dem Vollek verkënnt huet, datt et wuel eng Maskeflicht brauch, mee een no der Ouschtervakanz – well ee jo alles am Grëff huet – d‘Restriktioune lackere wëll, fält der Kurz-Regierung eng Etüd op d‘Féiss, déi ee Retour zur Normalitéit schonn eppes a Fro stellt.

Dat zumindest ass deen eenzege Fazit dee sech ergëtt, nodeems den Fuerschungsminister Heinz Faßmann gëschter eng echt Zoufallsetüd zur Donkelziffer vun den Infektiounsfäll virgeluecht huet. Et wier déi éischt representativ Etüd iwwert d‘Unzuel vun den Infizéierten an Éisträich. Dës sougenannt „Prevalenz-Etüd“ gouf zesumme vum Roude Kräiz, der medezinescher Universitéit zu Wien an dem Meenungsfuerschungsinstitut SORA tëscht dem 1. an dem 6. Abrëll gemaach ginn.

Éisträich

An Däitschland, wou d‘Zuelen déi vun der Regierung virgeluecht ginn, och däitlech op eng Verflaachung vun der Kurv vun den Neiinfektiounen hiweist, ass een net esou iwwerzeegt, d‘Moossnamen elo scho lackeren ze kënnen.

Aus de virgeluechten Ënnerlage geet ervir, datt Rout-Kräiz Mataarbechter bei 1.544 Persoune vun allen Altersgruppen an Bevëlkerungsschichten ee PCR-Test virgeholl hunn. Laut der Etüd, waren 0,33% vun dëse Persoune „positiv“ gewiescht. Aus dëse Resultater wier dann, bezunn op déi gesamt Bevëlkerung, eng Schätzung vun 28.500 Persounen ermëttelt ginn, esou de Minister.

Knapp derlaanscht?

Bléckt een op déi offiziell Statistiken, déi sech gréisstendeels aus den Tester bei Verdachtsfäll erginn huet, an déi fir de selwechten Zäitraum erhieflech gerénger Infektiounszuelen opgewisen huet, dann erkennt een: „De wierkleche Wäert vun den Infektioune läit däitlech iwwert deenen, déi offiziell publizéiert goufen. Fir den Zäitpunkt vun der Etüd (6. Abrëll) waren dat an enger Stéchprouf 8.500 Infektiounsfäll. Zum gläichen Zäitpunkt hunn d‘Héichrechnunge bei ronn 30.000 geleeën“.

Éisträich

De wirtschaftlechen Imperativ hat sech zumindest zu Ischgl géint de Mënscheverstand duerchgesat kritt. Datt d‘Leit déi awer Party gemaach hunn, elo mengen sech der Gefor net bewosst gewiescht ze sinn, woubäi déi meescht eppes besser Schoule sollte besicht hunn, firwat een hinnen dierf ënnerstellen dem Liese mächteg ze sinn, weist och hei, et sinn ëmmer déi aner Schold…

Et wier dat sécher nëmmen eng Momentopnam, esou de Heinz Faßmann, deen annoncéiert, datt een dës representativ Etüd reegelméisseg fortsetze wëll: „Mir dierfen eis net selwer täuschen, den Äisbierg ass wuel dach eppes méi grouss wéi mir geduecht hunn“. Et wiere wuel nach keng Antikierper Tester iwwert den Immuniséierungstaux gemaach ginn, dat awer géif elo nogeholl ginn.

Fir de Fuerschungsminister awer steet fest: „D‘Resultater, laut deenen 0,3% vun der Populatioun infizéiert sinn, verweist och op de Fakt, datt mir ee ganz niddregen Infektiounsstatus hunn, och dann, wa mir den Immuniséierungstaux net direkt getest hunn“. Dorausser ergëtt sech, datt wann et den Éisträicher net geléngt Neiinfektiounen ze verhënneren, d‘Land séier nees en exponentielle Wuesstem huet, deen net duerch e groussen Undeel vun Immuniséierten am Vollek gebremst gëtt.

Éisträich

Bei schéinstem Wieder zu Ouschteren, fält et engem scho schwéier d‘Motorrad an der Garage ze loossen, et ass awer tatsächlech déi besser Alternativ. Woubäi wann ee Politiker ass, muss een elo och net ëmmer mam gudde Beispill virgoen, d‘Mesure gëllen an éischter Linn fir d‘Foussvollek.

Elo huet awer de Bundeskanzler a seng Ekipp decidéiert, datt schonn ab dem Dënschdeg, kleng Butteker nees hir Diere sollten dierfen opmaachen. Dobäi ass, wéi dës Etüd erginn huet, d‘Land nach ëmmer an enger Sensibeler Situatioun. De Minister, wollt sech awer net géint eng Lackerung vun de Mesure ausschwätzen, well ob et zu enger 2. Well komme kann, dat wier spekulativ…

mat indymedia/vie

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Éisträich, Etüd, Heinz Faßmann, Immuniséierungsstatus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel