Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Strikt Reegele fir d‘Alters- a Fleegeheemer
International Neiegkeeten

Strikt Reegele fir d‘Alters- a Fleegeheemer

Eng vun de grousse Suerge vum Gesondheetsministère betrëfft eis Alters-

Dem Macron seng Siicht op Europa (eng Analys)
International Neiegkeeten

Dem Macron seng Siicht op Europa (eng Analys)

Et ass e leidenschaftleche Plädoyer, deen de franséische President, Emmanuel

De Jean-Claude Juncker seet „Merci an Äddi“
International Neiegkeeten

De Jean-Claude Juncker seet „Merci an Äddi“

No fënnef Joer un der Spëtzt vun der europäescher Unioun

Éisträich féiert Maske-Flicht an

Et ass wuel net hëllefräich, mee wann et derzou bäidréit, datt d‘Leit berouegt sinn…

Éisträich féiert Maske-Flicht an

Well ee sech net emol an der europäescher Unioun op eng gemeinsam Virgoensweis kann oder wëll verstännegen, kacht jidderee seng eegen Zopp. Dat suergt dann nees fir bei ville Mënsche fir eppes Verwirrung, zemools wann d‘Moossnamen en éischter prophylaktesche Charakter hunn. Esou dann elo och an Éisträich, wou et elo eng Maske-Flicht gëtt, fir am Supermarché dierfen anzekafen.

ÉisträichPolitiker si mat medezinesche Froe séier iwwerfuerdert a si sinn och éischter Berodungsresistent. Dat awer nëmme bis d‘Situatioun d‘Decisioune virgëtt, wat jee no Land zu ganz ënnerschiddleche Mesure féiert. Gëschter huet den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kuerz, op déi nei Mesure fir der Pandemie d‘Stir ze bidden, higewisen. Et géif drëms goe sécherzestellen, datt wat méiglech ass och gemaach gëtt, fir d‘Progressioun vun der Pandemie an d‘Zuel vun den Affer anzedämmen.

Et wier ersiichtlech datt vill Mënschen um Coronavirus Covid19 stierwe wäerten, dat soll elo mat aller Gewalt verhënnert ginn. Zousätzlech zu de scho getraffe Moossnamen, ass et elo Flicht eng Gesiichtsmask unzedoen, fir seng Besuergungen am Supermarché ze maachen. Mëttelfristeg soll dës Mesure och fir den Openthalt an der Ëffentlechkeet ugewannt ginn. Wou kritt ee Masken?

ÉisträichLaut deem wat decidéiert ginn, ass, trëtt d‘Maske-Flicht ab e Mëttwoch a Kraaft. D‘Maske sollen zudeem vun de Supermarchéën un d‘Cliente verdeelt ginn. Et gouf net preziséiert op et dofir en eenheetleche Präis gëtt, oder déi „gratis“ verdeelt ginn. Et ass och net gekläert, wéi eng Masken agesat solle ginn, och wann natierlech gewosst ass, datt alles ënnert FFP2 wéineg Schutz bitt an et eigentlech eng Formatioun brauch, fir dës Mask seng Uwennung entspriechend ze notzen.

Dat alles ass dem Sebastian Kurz net entgaangen, mee et ass – doranner huet de Bouf natierlech absolut Recht – ganz wichteg an esou Krisen, op d‘Signaler vun der Strooss ze lauschteren. „Dat ganzt ass och e Léierprozess“, esou de Bundeskanzler. De richtegen Ëmgang mat de Masken ass dat eent, wou Éisträich se opdreiwe wëll ass dat anert. A wa se do wäre muss d‘Logistik nach klappen.

ÉisträichOch de Sebastian Kurz huet géintiwwer senge Landsleit drop higewisen, datt d‘Gesiichtsmasken de Porteur net wäerte schützen. Et kann awer déi aner schützen, well et dank der Gesiichtsmask net zu enger Iwwerdroung duerch d‘Loft kënnt. Am gläiche Kontext huet de Regierungschef senge Bierger misse verständlech maachen, datt mat eng Lackerung vun de Mesure bis Ouschteren net méi ze rechnen ass. Wuel hätt sech d‘Lag dank de Moossname verbessert, d‘Gefor selwer ass bliwwen.

D‘Vitesse vun de Neiinfektiounen an Éisträich ass reduzéiert. Dank de Restriktioune verduebelen sech d‘Infektiounszuelen elo nach just all sechs Deeg, mee d‘Zill si 14 Deeg, wann eng ze grouss Belaaschtung vun de Spidoler wëll verhënnert ginn. Et wëll ee keng italienesch Zoustänn. Aus dem Gesondheetsministère ass annoncéiert ginn, datt elo och d‘Hoteller am Land zoumaache mussen…

mat indymedia/vie/lie

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Éisträich, Maske-Flicht, Sebastian Kurz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel