Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den OGBL besteet op d‘Bäibehale vum Tripartite-Accord fir d‘Siderurgie
International Neiegkeeten

radiometric dating means placing events

No der Ukënnegung vun ArcelorMittal déi Lëtzebuerger Siderurgie-Standuerter ze restrukturéieren,

free online dating in thane
International Neiegkeeten

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei

Um haidege Méindeg leet de Recep Tayyip Erdogan säin Eed

Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW
International Neiegkeeten

Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW

Dir hutt bei dësem flotte Wieder nach keng Ahnung wat

Éisträich: Populiste stelle Pressefräiheet a Fro

Éisträich: Populiste stelle Pressefräiheet a Fro

Et ass grad emol eng Woch hir, do hu mir iwwert de Joresbericht vu Reporter ouni Grenzen (RSF) bericht, a ëm den Zoustand vun der Pressefräiheet an Europa. Zanterhier sinn op e neits vill vun eise Kollegen „bedrängt“ ginn.

Am leschte Fall geet et ëm d‘Bedreeung vun engem ORF-Moderator, duerch de Spëtzekandidat fir d‘EU-Wahlen, Harald Vilimsky, vun der „Fräiheetlecher Partei Éisträich“ (FPÖ). Um Dënschdeg, an de „Spéit-Noriichten“ ZIB2 (22 Auer) vum ëffentlech-rechtleche Sender ORF, war den Harald Vilimsky, Generalsekretär vun der FPÖ a Spëtzekandidat fir d‘EU-Wahlen den Invité vum Owend.

Am Gespréich mam Politiker, huet de Moderator Armin Wolf, sengem Gaascht e puer Froen zum „Rate-Gedicht“ (Video) aus der Fieder vum Christian Schilcher, engem FPÖ-Lokalpolitiker, gestallt. De Christian Schilcher, 2. Buergermeeschter vu Braunau am Inn (der Gebuertsstad vum Adolf Hitler) huet no dësem Skandal seng Funktioun an der Partei a säi Mandat néiergeluecht.

De Journalist huet an der Sendung e Plakat vun der FPÖ-Jugend, Sektioun Steiermark, ablende gelooss, op deem eng blond Koppel an Trachtekleedung ze gesinn ass, dat vun „béis dra kuckende Mënschen ëmginn ass“.De FPÖ-Spëtzekandidat ass gefrot ginn, a wéi engem Mooss sech dës antisemitesch Duerstellung vu Judden, vun deenen aus dem „Der Stürmer“ ënnerscheeden.

Dunn ass dann och eng Ausgab vum NS-Kampfblatt ageblent ginn. Dat war dem Politiker dann eppes ze vill an hien huet sech zur Wier gesat: „Dës Parallelitéit ze zéien, Här Wolf, ass ënneschten Tirang. Andeems dir e Bild aus dem Stürmer engem Jugendplakat géintiwwerstellt, an eng Proximitéit zum Nationalsozialismus suggeréieren, ass eppes, datt net ouni Folge bleiwe kann“.

Ënnerschiddlech Interpretatioun

Fir de Redaktiounsrot vum ORF, misst een dës Ausso kloer als Bedreeung vum Moderator verstoen an am Statement heescht et: „Datt de Generalsekretär vun enger Regierungspartei an engem Interview de Moderator bedreet, huet et an dëser Form nach net ginn. Den ORF-Redaktiounsrot protestéiert op d‘Schäerfst géint dëse Versuch vun der perséinlecher Aschüchterung“.

De President vum ORF-Stëftungsrot, den fréiere Vizekanzler Norbert Steger (FPÖ) hält dergéint, a bezeechent de Vergläich mam Julius Streicher senger Zeitung als beleidegend. Et wier pervers datt een esou „Tëschefäll“ ëmmer nees mam Nazismus a verbënnt, an een Éisträich am Ausland stänneg wéinst Klengegkeeten thematiséiert. De Gebuertsuert vum Hitler dierft kee Kritäre sinn…

A just fir de Politiker an dat richtegt Liicht ze stellen, hei nach seng Ausso géintiwwer dem Kurier: „Den Hitler ass fir mech en Däitschen an de Beethoven en Éisträicher. Bei eis huet den Hitler keng Carrière gemaach“. Dat seet villes iwwert déi ideologesch Ausriichtung vun der FPÖ aus, déi wéi gesot un der Regierung bedeelegt ass an am Kontext vun den EU-Wahle ganz gutt opgestallt ass.

Den éisträichesche Bundespresident, Alexander van der Bellen, huet virun enger Vergëftung vum gesellschaftleche Klima gewarnt. Fir d‘Spëtzekandidatin vun de Liberalen (Neos), huet no dësem „Eclat“ d‘FPÖ en neien Déifpunkt erreecht. Am Land selwer awer kritt d‘FPÖ ëmmer méi Zoulaf.

Foto: Peter / Pixabay

Ähnlech Sujeten Armin Wolf, Éisträich, EU-Wahlen, FPÖ, Harald Vilimsky, ORF, Populisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel